Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Mouvement Ecologique stäipt sech géint de Google-Datenzenter zu Biissen
International Neiegkeeten

De Mouvement Ecologique stäipt sech géint de Google-Datenzenter zu Biissen

Nodeems de Projet „Google-Datenzenter zu Biissen“ vum Gemengerot ugeholl, an

120 Milliounen Euro Hëllef fir eis Imker!
International Neiegkeeten

120 Milliounen Euro Hëllef fir eis Imker!

D’EU-Kommissioun huet ugekënnegt, datt Finanzhëllefe fir déi europäesch Imker ëm

EHF-Cup: Dem Handball Käerjeng geléngt den Exploit
International Neiegkeeten

EHF-Cup: Dem Handball Käerjeng geléngt den Exploit

Um Sonndeg ass an der Hal zu Käerjeng de Retourmatch

Frankräich: En Dekret fir d‘Affer vun haislecher Gewalt

Frankräich: En Dekret fir d‘Affer vun haislecher Gewalt

Fraen déi Affer vun haislecher Gewalt sinn, kënnen elo, dank engem Dekret deen am offizielle Journal verëffentlecht ginn ass, hir „épargne salariale“ ausléisen. Laut der Aarbechtsministesch musse Fraen eng finanziell Autonomie hunn, wann se d‘Dier hannert sech zouschloe wëlle fir Sécherheet ze erlaangen.

Mam Dekret 2020-683 vum 4. Juni, deen e Samschdeg offiziell a Kraaft getrueden ass (bei eisen Nopere gëllt den Datum vun der Verëffentlechung am offizielle Journal) kënnen sech Affer vun haislecher Gewalt sech der Gefor entzéien andeems si d‘Wunneng verloossen. Dat ass oft aus finanzielle Grënn schwéier, deels net méiglech. Mat dësem Dekret ännert sech dat elo gewalteg.

Affer vun haislecher Gewalt kënnen elo antizipéieren an op hir „épargne salariale“ zréckgräifen. Bis ewell war dat nëmme méiglech wann ee sech bestued/gepacst, gescheet oder soss getrennt huet, a wann en drëtt Kand gebuer ginn ass. Dëst Geld de deblockéieren ass dann elo och am Fall vun haislecher Gewalt méiglech. Et ass wuel heifir nach ëmmer eng juristesch Prozedur noutwenneg.

Et ass eng Mesure déi fir Frae geduecht ass, déi am Beruffsliewe stinn. Fir an de Genoss vun dëser Mesure ze kommen, muss déi Lounofhängeg Fra bei engem Riichter eng „Schutz-Ordonnance“ ufroen, mat deem dem Mann/Liewenspartner de Kontakt mam Affer oder engem Member vun der Famill vum Affer, geriichtlech ënnersot gëtt. Eng Prozedur déi zudeem vereinfacht ginn ass.

Zudeem soll den Zougrëff op dat Erspuerten och méiglech sinn, wann eng juristesch Enquête, eng Saisine vum Geriicht an/oder eng Verurteelung (och wann dës nach net definitiv ass) virläit. Dës Mesure war schonns am November 2019 annoncéiert ginn, dat am Kader vum „Ronnen zur haislecher Gewalt“ wou d‘Noutwennegkeet vun der finanzieller Autonomie erkannt ginn ass.

Fir déi National Federatioun „Solidarité Femmes“ (FNSF) ass dës Moossnam, fir all déi Fraen déi dovunner ee Notzen hunn eng gutt Saach. Si hunn ëmmer schon op de Problem vun der Precaritéit higewisen, déi d‘Affer ze oft dovunner ofhält sech a Sécherheet ze bréngen. Haislech Gewalt trëfft och ëmmer méi „berufflech Autonom“ Fraen, firwat den Dekret schonn ee grousse Fortschrëtt ass.

D‘FNSF weist drop hinn, datt grad emol d‘Hallschent vun den Affer (51%) eng Aarbecht hunn an déi net alleguerten de Privileeg vun enger „épargne salariale“ hunn. Zum Verglach: 72% vun de gewalttätege Liewenspartner hunn eng Aarbecht, wat zu enger Ongläichheet bei de Ressource féiert. Déi finanziell Autonomie muss zwéngend och fir Fraen ouni Akommes séchergestallt ginn.

mat indymedia/par

Illustratioun: © Engin Akyurt / unsplash

Ähnlech Sujeten Dekret 2020-683, FNSF, Fraen, Frankräich, haislech Gewalt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel