Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

US-Medie behaapten den Iran hätt wëllen e briteschen Tanker kaperen
Neiegkeeten

US-Medie behaapten den Iran hätt wëllen e briteschen Tanker kaperen

Esouwuel dem US-President säin Haussender Fox-News wéi och CNN hu

surprise
Editorial: Tëscht Fake News a fräier Berichterstattung
Neiegkeeten

Editorial: Tëscht Fake News a fräier Berichterstattung

Mat der Desinformatioun – oder „Fake News“ – an de

Loscht op ee richtegen EU-Wahlprogramm?
Neiegkeeten

Loscht op ee richtegen EU-Wahlprogramm?

Et stinn EU-Wahle vrun der Dier an erschreckenderweis interesséiere sech

Delphi: E Sozialplang fir 243 Salariéeën

Delphi: E Sozialplang fir 243 Salariéeën

Delphi Lëtzebuerg, en amerikaneschen Ausrëschter fir d‘Automobilindustrie, verdéngt net méi genuch Geld um Standuert Lëtzebuerg an huet beschloss dësen opzeginn. Fir den OGBL, dee mat der Entreprise de Kollektivvertrag ausgeschafft hat, war et elo dofir Suerg ze droen, datt et ee vernënftege Sozialplang fir d‘Mataarbechter gëtt. D‘Verhandlunge waren allerdéngs net einfach.

Et ass, esou den OGBL, dee gréisste Sozialplang fir dëst nach jonkt Joer. An d‘Gewerkschaftler sinn esouwuel enttäuscht wéi eppes ongehalen. Verständlech bei 243 Aarbechtsplazen déi progressiv bei Delphi ofgebaut ginn. Dat soll schonn am Mäerz ufänken, fir dann Enn 2021 ofgeschloss ze sinn.

Fir déi Zentral Sekretärin vum OGBL, Michèle Cloos, ass et eng Schan och wann ee mat deene Moyenen déi gesetzlech zur Verfügung stinn, d‘Zuel vun den duerch de Sozialplang betraffene begrenze konnt. Si erkläert dann och, datt d‘Stëmmung am Betrib éischter „duerchwuess“ ass, woubäi een hei besonnesch bedauert, datt d‘Entscheedung net vu Lëtzebuerg ausgaangen ass.

Statt 300 Entloossunge sinn et der elo nach „just“ 243 an et géif d‘Hoffnung, datt nach ee puer weider Plaze kéinte gerett ginn. Betraff sinn haaptsächlech Ingenieuren, mee och am Beräich IT oder an der Personalverwaltung, besti Méiglechkeete fir en interne Reklassement, esou den OGBL.

Wat gëtt et bei den Entschiedegungen?

Fräiwëlleg Ofgäng kéinten zudeem och ee puer Aarbechtsplaze retten. Mee dat sinn awer éischter Spekulatiounen. Dofir muss sech dem Sozialplang ugeholl ginn, an hunn den OGBL mat der Personalvertriedung Mesuren ausgehandelt. Sozial Begleedung an Finanzmëttel zugonschte vun den entloosse Mataarbechter sinn d‘Grondlag. Hei schéngt ee gutt verhandelt ze hunn.

Den OGBL huet eng extralegal awer forfaitaire Entschiedegung genannt, zu där eng Indemnitéit, bezunn op d‘Anciennetéit an déi familiär Situatioun, zougeschloe gëtt. E Budget deen en externe Reklassement oder eng Formatioun soll erméiglechen. Detailer dozou si keng bekannt.

Erënnere mir hei awer och drun, datt dëse Sozialplang sech an de Kontext vun enger globaler Restrukturatioun vum Grupp Delphi aschreift. Delphi ass aktiv am Beräich vun der energetescher Gestioun vun de Moteure vun de Gefierer. D‘Transitioun vum thermeschen zum elektresche Moteur bréngt grouss Verännerungen an dësem Secteur mat sech, an iergendee muss d‘Rechnung bezuelen.

Zur Stonn beschäftegt Delphi zu Käerjeng 514 Persounen an eenzeg de Beräich „Elektronik & Elektrifizéierung“ soll zu Lëtzebuerg bestoe bleiwen. Et ass allerdéngs elo och net den éischte Sozialplang vun der an de 70er Joren zu Lëtzebuerg implantéierter Filial vum Grupp Delphi.

Den Aarbechter ass just eng „Ressource“

An de leschten 10 Joer huet et bei Delphi fënnef dëser Sozialpläng ginn, an awer huet Delphi sech ëmmer nees dierfen iwwer staatlech Subventiounen, och wann des projetgebonne waren, freeën. A beim OGBL stellt ee sech hei déi berechtegt Fro, ob et Sënnvoll ass enger Entreprise finanziell Mëttel hannen eranzestiechen, wann dës ëmmer ganz oppe vun Aarbechtsplazofbau geschwat huet.

Mee de Standuert Delphi zu Käerjeng soll elo och nach vu BorgWarner iwwerholl ginn. Eng Info déi dem OGBL bäileefeg bei de Verhandlungen zum Sozialplang matgedeelt ginn ass. BorgWarner soll 1,36 Milliarden Euro an de Grapp huelen, fir sech de Betrib unzëeegnen. Wat bedeit dat fir eis?

Eng Äntwert dorops gëtt et zur Stonn nach net, mee d‘Michèle Cloos huet duerchblécke gelooss, datt ee säitens dem OGBL vum „neie Besëtzer“ kloer Engagementer an Äntwerten zur Zukunft vum Standuert Käerjeng wëll hunn. D‘Reprise huet jo erwisenermoosse keen Afloss op de Sozialplang. Wéi wäit déi däitsch Patronen elo gewëllt sinn mat der Gewerkschaft ze diskutéieren?

Eng Äntwert kann et fréistens am Fréijoer ginn. Den OGBL wëll sech an de kommende Woche mat der neier Direktioun a Verbindung setzen. Déi sollt geüübt sinn am verhandele mat Sozialpartner, déi sech jo déi aner Säit der Musel, op eng besser Verhandlungskultur zréckblécke kënnen.

Foto: Wann déi thermesch Moteure keng Zukunft méi hunn, muss och net méi gefuerscht an/oder Neies entwéckelt ginn. © Vlad Tchompalov / unsplash

Ähnlech Sujeten BorgWarner, Delphi, Käerjeng, OGBL, Sozialplang
Nächsten Artikel Virrechten Artikel