Stock-Car: Wann engem e Rad ewech fiert…
An der Stock-Car Saison war den 22. Juli Halbzeit ugesot,
An der Stock-Car Saison war den 22. Juli Halbzeit ugesot,
An de Kommissiounen „Justiz“ & „Bannesécherheet“ stoung op der Dagesuerdnung:
Den Dag vun den Doudegen (Dia de los Muertos) ass
Ee Stéckelche méi herb, wéi mir et beim Beiefritz sengem konventionellen Hunnegbeier gewinnt sinn, dofir awer Genoss bei all Schlupp – Hei ass d’Stout-Basis mat Lëtzebuerger Hunneg verfeinert ginn. Fir de besonneschen Hikucker suerge Quidde-Jus (Bio) an Orangëschuelen, déi de Wanter nach virun den éischte Fréijoersgefiller ophellen. D’Spezialitéit ass natierlech eng zäitlech limitéiert Editioun.
Komme mir mat den Temperaturen an den zweestellege Beräich, ma da sinn dem Beiefritz seng Beien och nees dobaussen ënnerwee, sammelen déi éischt Pollen a bereeden sech lues op déi nei Saison fir, sou datt och dir ee besonneschen artisanale a lokal produzéierte Béier genéisse kënnt.
De Wanterbéier kritt Dir bei Bare Brewing zu Déifferdeng oder direkt beim Beiefritz op letzshop.lu ze kafen.
Alkohol sollt een a Moossen genéissen!