Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

“Fjorde” vum Tomas Bjørnstad
International Neiegkeeten

“Fjorde” vum Tomas Bjørnstad

Et ass de literareschen Debut vum norwegesch-Lëtzebuergeschen Auteur Tomas Bjørnstad

Covid19: De Wettlaf ëm en Impfstoff
International Neiegkeeten

Covid19: De Wettlaf ëm en Impfstoff

Um Freidegnomëtteg, den US-President Donald Trump huet de serbesche President

natur&ëmwelt: Ass d’Juegd nach zäitgeméiss?
International Neiegkeeten

natur&ëmwelt: Ass d’Juegd nach zäitgeméiss?

D’Juegd ass een Thema, bei dem sech d’Geeschter scheeden. Passionéiert

Dem Boris Johnson säi Leidenswee

Parlamentspresident John Bercow verbitt Ofstëmmung zum Brexit-Deal

Dem Boris Johnson säi Leidenswee

D‘Entscheedung vum House of Commons zum neie Brexit-Deal verzögert sech weider. E Vott huet de Parlamentspresident net zougelooss. D‘Regierung wëll elo um Donneschdeg iwwert déi néideg Gesetzer fir en Austrëtt aus der Unioun ofstëmme loossen.

Et war hallwer véier zu London, wéi de Brexit als „nächste Punkt“ op der Dagesuerdnung gestanen huet. Bei vollbesate Räng huet den John Bercow d‘Suite verkënnt. Et géif net nach eng Kéier iwwer de Brexit-Deal ofgestëmmt huet et do geheescht. An dem John Bercow säin Argument: Den Antrag dee virgeluecht ginn ass wier am wiesentlechen dee selwechten, wéi dee vum leschte Samschdeg.

„Ech entscheeden dofir, datt den Antrag haut net debattéiert gëtt, well et wier eng Widderhuelung an domatter Uerdnungswiddreg“, esou de Parlamentspresident. Mat dëser Entscheedung huet de John Bercow der Regierung vum Boris Johnson op en Neits den Dicks gebéit. Déi wëll bekanntlech den Austrëtt aus der Unioun bis Enn vum Mount hikréien. Dat schéngt ëmmer manner wahrscheinlech.

Et misst jo awer weider goen

Ganz ouni Widderstand wollten déi Konservativ dat awer net iwwert sech ergoe loossen. Den Torry-Deputéierte Peter Bone: „Ech kann der Logik vun ären Argumenter follegen, mee wéi e Gewiicht hutt dir der Tatsaach zougesprach, datt, wéi mir e Samschdeg debattéiert hunn, kee wousst op de Premier e Bréif mat der Demande ëm Fristverlängerung u Bréissel schreiwe géif oder net?“.

Dat hätt dach awer zu enger neier Situatioun gefouert, firwat d‘Parlament elo onbedéngt misst nei entscheeden. Dat huet de Parlamentspresident net gëlle gelooss, wat vun der Oppositioun begréisst ginn ass. Déi huet nees gefuerdert, datt een dem Vollek d‘Entscheedung sollt iwwerloossen, firwat et en neie Referendum bréicht. D‘Oppositioun wëll elo am Detail wëssen, wéi dat soll weidergoen.

Si fuerdere vun der Regierung Kloerstellung, dat am léifste Schrëftlech an schonn um haidegen Dënschdeg, datt wann zousätzlech Anträg abruecht ginn, nëmmen därer behandelt ginn, déi derzou bäidroen, den Deal entweder ofzesécheren oder en zweete Referendum duerchzeféieren. Keng gutt Ausgaangslag fir de Boris Johnson, deen sech den Debat erspuert huet an elo ee Plang „B“ brauch.

JohnsonGëtt et vläicht eng Hannerdier?

De Boris Johnson hat jo schonn ugekënnegt, datt hien um haidegen Dënschdeg Gesetzer abrénge wëll, fir de Brexit-Deal mat der EU an nationaalt Recht ëmzesetzen. Géif doriwwer ofgestëmmt, kéint d‘Regierung d‘Chance kréien den Deal mat der EU nach emol dem Parlament virzeleeën.

Et ass a bleift also zimlech oniwwersiichtlech an d‘Ausso vun engem Geriicht a Schottland dréit net derzou bäi, deem Ganzen op d‘Spréng ze hëllefen. Dat sollt e Méindeg entscheeden, ob et rechtens war, datt de Premierminister e Samschdeg bei der EU eng Fristverlängerung ugefrot huet, ouni dëse Bréif perséinlech ze ënnerschreiwen. D‘Riichter konnten sech heizou awer net festleeën.

Zu Bréissel ass ee siichtlech beméit kengem op d‘Féiss ze trëppelen, obwuel sech den Onmutt bei der EU a ville Gesiichter ofliese léisst. D‘EU-Parlament zu Stroossbuerg huet sengersäits dann och drop higewisen, datt een net gewëllt ass iwwer den Accord ofzestëmmen, iert een sech London eens ass. Eng Ausso déi sech op en entspriechenden Entschloss vum September bezitt.

Nach en interessanten Detail: Datt de Boris Johnson de Bréif un d‘EU, an deem eng Verlängerung vun der Frist ugefrot gëtt, net ënnerschriwwen huet, ass der EU egal. Fir si ass dat Schreiwes och ouni Ënnerschrëft gülteg. Dat gouf esou och op Nofro nach emol bestätegt…

Wéi geet et weider?

Wann de Boris Johnson haut seng Gesetzer abréngt, kéint et duerchaus sinn, datt hien domatter duerch kënnt. Dat awer och nëmmen dann, wann déi Labour-Deputéiert, déi mam Jeremy Corbyn sengem politesche Kurs net averstane sinn, souzesoen d‘Säite wiesselen. Déi tatsächlech Decisioun kéint et dann awer e Mëttwoch oder en Donneschdeg ginn, wann Amendementer agereecht ginn.

Esou huet Labour schonn zwee Ergänzungsanträg ugekënnegt. Si wëllen de Gesetzespak mat engem Referendum verknäppen. Eng éischter aussiichtslos Missioun. Den zweeten Antrag dogéint ass héich explosiv. Domatter soll de Premier gezwonge ginn an der Zollunioun ze bleiwen, an et deit alles drop hin, datt dësen Antrag och wierklech kéint am House of Commons ugeholl ginn.

Wier dat de Fall, kann de Boris Johnson säin Deal dem Kamäin iwwerginn. Gutt esouwäit ass et jo nach net, mee et zeechent sech awer elo schon eng „verdäiwelt“ Woch of. An d‘Auer, déi tickt ganz onbekëmmert weider an eng Scheedung ouni Accord gëtt leider ëmmer méi wahrscheinlech. Datt d‘EU sech eng Fristverlängerung och net wierklech leeschte kann, ass nach de klengste Problem.

mat indymedia/lon/sxb/bru

Illustratioun: Stefan Keller / Pixabay

Fir déi ganz Virwëtzeg: hei den „European Union (Withdrawal Agreement) Bill – 158 Säiten

Ähnlech Sujeten Boris Johnson, Brexit, EU-Parlament, John Bercow, No Deal
Nächsten Artikel Virrechten Artikel