Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Tacheles: Sozial Netzwierker an deng fräi Meenungsäusserung
International Neiegkeeten

Tacheles: Sozial Netzwierker an deng fräi Meenungsäusserung

Wann Internet-Firmen all är Uploads (Postings, Photoen, Videoen, Zitater asw)

Am Déngscht vum Bierger
International Neiegkeeten

Am Déngscht vum Bierger

Um Donneschdegowend war op der Gemeng zu Schëffleng eppes méi

Juncker: „Wien an d‘EU areest muss erfaasst ginn“
International Neiegkeeten

Juncker: „Wien an d‘EU areest muss erfaasst ginn“

Datt de Bierger net ëmmer gutt op d‘EU-Kommissioun ze spriechen

Dem Dalai Lama säi Bréif un d‘Greta

Jonk Aktivistin gënnt sech eng Schoulpaus fir d‘Welt ze retten

Dem Dalai Lama säi Bréif un d‘Greta

Déi 16 järeg Ëmweltaktivistin, déi et mat hirem Schoulstreik zur ëmstriddener Berühmtheet bruecht huet, wëll dat mam „léieren“ am klassesche Sënn elo emol fir e Joer si loossen. Dofir soll et zu New York an den Asaz fir eis Welt an d‘Zukunft goen.

Esou e Schratt wëll gutt iwwerluecht sinn – grad oder trotz dem Bashing dat d‘Greta besonnesch a sozialen Netzwierker ze erdroen huet – dat weess och den Dalai Lama, an huet dem Greta Thunberg e Bréif geschriwwen. Heiranner ass ze liesen: „Et ass ganz ermonterend ze gesinn, wéi s du aner jonk Mënschen inspiréiert hues, sech dir unzeschléissen a mat dir d‘Stëmm ze erhiewen.

De spirituelle Leader vun den Tibeter hieft ervir, datt dëst jonkt Meedche versicht d‘Welt op eng Katastroph opmierksam ze maachen an dozou opfuerdert aktiv ze ginn, fir datt och déi nächst Generatiounen nach e Planéit hunn, op deem et „Liewe“ gëtt. D‘Greta Thunberg, dat den Ament „ënnerwee“ ass, huet d‘Schreiwes nach net perséinlech erhalen huet sech awer immens gefreet.

Eng Knetzel déi sech näischt virmaache léisst

Elo gëtt et natierlech vill a besonnescht dommt Gebraddels am Kontext mam „Schoulschwänzen“, zudeem grad a Schweden d‘Schoulflicht 9 Joer bedréit an d‘Greta eigentlech am August hätt sollen op eng weiderféierend Schoul goen. Dat ass „gestrach“ an déi jonk engagéiert Fra hëlt dofir am September um UN-Klimasommet an duerno am Dezember un der Weltklimakonferenz deel.

Dat dierft dem Greta sengen „Hater“ nees vill Munitioun fir dommt Tastaturgeklapps liwweren, wou jo gewosst ass, datt d‘Aktivistin dem Klima wegen net de Fliger benotzt. Woubäi ganz fréier d‘Leit och scho mam Schëff op New York gereest sinn. Ob d‘Greta Thunberg al Mënschen ouni Zukunft iwwerzeegt kritt Verännerung erbäizeféieren, ass net gewosst, de Versuch ass et wäert.

mat indymedia/sto/bru/nyc

Foto: Snyman/Pixabay

Ähnlech Sujeten Dalaï Lama, Greta Thunberg, Klimawandel, UN-Klimasommet, Weltklimakonferenz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel