Search

You may also like

Ungarn mat strammen Areesbeschränkungen
International Neiegkeeten Stories

Ungarn mat strammen Areesbeschränkungen

Déi ungaresch Gesondheetsverwaltung mécht Ënnerscheeder tëscht de Risikogebidder, wat zu

De Kardinol Jean-Claude Hollerich zur Lag vun der Welt
International Neiegkeeten Stories

De Kardinol Jean-Claude Hollerich zur Lag vun der Welt

Wéi et sech op Chrëschtdag gehéiert, hunn d‘Kierchemänner op der

Bretzelssonndeg: Ee léiwe Geste fir de Schäfferot
International Neiegkeeten Stories

Bretzelssonndeg: Ee léiwe Geste fir de Schäfferot

Mat e bësse Virsprong huet dëse Mëttwoch d’Federatioun vun de

Dem Emmanuel seng Grondsazried

Fräiheet, Gläichheet a Bridderlechkeet… de franséische President erkläert de radikale Rabbelkäpp de Krich

Dem Emmanuel seng Grondsazried

An der Grondsazried vum franséische President ass et emol grondsätzlech ëm Fuerderung no engem opgekläerten Islam a Frankräich gaangen. Den Emmanuel Macron wëll den islameschen Tendenzen a sengem Land entgéint trieden. Säi Besuch am Aarmequartier „Les Mureaux“ (Paräis) allerdéngs eng reng Marketingoperatioun, och wann den Inhalt vu senger Ausso streng geholl Sënn mécht.

„Mir mussen den islamistesche Separatismus bekämpfen“, esou den Emmanuel Macron, dee wëll verstanen hunn, datt de Problem „eng Ideologie ass, déi vu sech behaapt, datt déi eege Gesetzer deene vun der Republik iwwerleeë sinn“. Dat ass elo net wierklech nei an eigentlech zanter Enn de 70er Jore bekannt. An der tëscht huet sech de radikalen Islam etabléiert a stellt villes am Land a Fro.

Et ass interessant, datt dem Macron seng Regierung „elo“ iwwert déi vill Unzeeche vun enger wuel „gewaltfräier“ Radikaliséierung bannent den islamesche Communautéite besuergt ass. Hinnen ass „opgefall“ datt islamesch Männer sech weigere Fraen d‘Hand zum Grouss ze reechen, Schwämme fir Fraen a Männer ënnerschiddlech Zäitfënster opgezwonge kréien an dees Villes méi…

Och déi iwwert Joerzéngten toleréiert „Madrasa-Schoulen“ ginn elo als „Problem“ erkannt. Wann et duerchaus sënnvoll ass, sech endlech ëffentlech zu dësem Thema ëffentlech unzehuelen, esou gëtt dëse presidentielle Virstouss vun der Oppositioun kritesch begleet. Den Emmanuel Macron huet hei vum radikalen Islam an net vu „Separatismus“ geschwat, wat eigentlech vun Allen erwaart gouf.

De lénke politesche Spektrum ass esou der Usiicht, datt d‘Moslemen a Frankräich stigmatiséiert ginn, dat politesch rietskonservatiivt Lager hält dem Emmanuel Macron seng Moossname fir net ausräichend. Richteg ass allerdéngs, datt vill „moderat“ Moslemen sech als Affer vun hire radikale Glawensbridder gesinn. Woubäi déi sech elo net wierklech géint dës geféierlech Leit gewiert hunn.

Frankräich ass streng säkular

Frankräich follegt eng er strenger Form vum Säkularismus, bekannt als Laizismus. Dat heescht, datt Relioun an ëffentlecht Liewe streng vunenaner getrennt sinn. Dëse Prinzip gouf 1905 no engem zolitte Sträit mat der kathoulescher Kierch gesetzlech verankert. An d‘Gesetz gëllt fir all bestoend Reliounsformen, ergo och fir den Islam. Mee et schéngt sech net iwwerall erëmgeschwat ze hunn.

Elo wier et dem franséische President säin Zil, am Frankräich en opgekläerten Islam, dee mat de Wäerter vun der Republik vereenbar ass, ze installéieren. Op sech dat am Kontext vun enger strenger Trennung vu Staat a Kierch iwwerhaapt ëmsetze léisst, gëtt vu villen Experten zolidd a Fro gestallt. D‘Neutralitéit vum Staat a Reliounsfroen drängt sech hei dann elo och nach op.

Dat heescht, datt sech d‘Regierung net an d‘Richtlinne fir d‘Ausbildung vun den Imamen amësche soll. Fir awer e Minimum un Opsiicht ze behalen, soll eng nei Institutioun geschafe ginn. De Rot vun de franséische Moslemen, deen déi Gleeweg vertriede soll, soll dës Richtlinnen am Aklang mat de Wäerter vun der Republik ausschaffen. Freed sech just, wien an dësem Rot dierf vertruede sinn.

Fir den ament verhält et sech esou, datt d‘Imamen am Ausland forméiert, a Frankräich geschéckt a vun hire Hierkonftslänner bezuelt ginn. Mat Algerien, Marokko an der Tierkei gëtt et dozou Verträg déi an den nächste véier Joer sollen opgehuewe ginn. D‘Moscheeë mussen elo och hir Finanzen an d‘Financieren ëffentlech maachen. Subventiounen a Steiererliichterunge kéinten dann entzu ginn.

Ee Gesetz am Dezember?

Fir dem radikalen Islamismus entgéint ze trieden, huet den Emmanuel Macron en entspriechend Gesetz presentéiert, datt am Dezember soll op de Leescht geholl ginn. Mat dësem Gesetz soll verhënnert ginn, datt sech am Land eng Parallelgesellschaft etabléiert. Et soll den Autoritéite méi einfach gemaach ginn, Veräiner, Vereenegungen oder soss Associatiounen opzeléisen.

D‘Ausbildung vun de Kanner doheem soll schonn ab nächstem Summer staark ageschränkt ginn. Ausnahme gëtt et dann nëmmen nach wa gesondheetlech Grënn virleien. Den Unterrecht soll dann och am dem 3. Liewensjoer verflichtend sinn. Zur Méiglechkeet reliéis ausgeriichte Privatschoulen ze kontrolléieren, respektiv ze verbidden, gouf bis ewell näischt gesot. Dat schéngt net gewollt…

Interessant ass awer och de gewielten Zäitpunkt fir esou eng Ausso. Zum engen huet de Macron esou den Ofschloss vum EU-Sommet geschwänzt, an zum anere fënnt de Prozess géint islamesch Terroriste statt, déi un der Serie vun Attentater 2015 – wou d‘Satirezeitung Charlie Hebdo an eng koscher Epicerie d‘Ziler waren – bedeelegt waren. Och d‘Attack vu leschte Freideg spillt hei mat.

An de leschte Jore sinn am Frankräich iwwer 250 Mënschen duerch reliéis motivéiert Uschléi ëm d‘Liewe komm. Déi allermeeschten Täter ware wuel radikaliséiert Moslemen, mee an éischter Linn waren et franséisch Staatsbierger. Hir Radikaliséierung huet also am Frankräich stattfonnt. Dat ass allerdéngs, wéi schonns aleedend beschriwwen, keng nei Erkenntnis. Et hat een et lafe gelooss…

mat indymedia/par

Illustratioun: © Fabrizio Verrecchia / unsplash

Related topics Emmanuel Macron, Frankräich, Gesetz, Grondsazried, Islam, Terrorismus
Next post Previous post