Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Oppene Bréif un de Minister Schneider zum Aktiounsplang fir biologesch Landwirtschaft
dating apper i norge Neiegkeeten

closing line for dating profile

Här Minister Schneider, D’Plattform Meng Landwirtschaft begréisst dat am Koalitiounsofkommes gesaten Zil

hookup spots in nyc
dating apper i norge Neiegkeeten

What the Fakt – De Gagarin an de Grousse Bier, zesummen am Himmel!

Haut schéngt wuel den Dag vum Weltall, senge Galaxien an

De Putin befeelt d‘Liquidatioun vun Attentäter
dating apper i norge Neiegkeeten

De Putin befeelt d‘Liquidatioun vun Attentäter

Um Donneschdeg huet de Vladimir Putin den Uerder erausginn, op

Dem Erdogan seng Propaganda ënnert däitschem Beschoss

Dem Erdogan seng Propaganda ënnert däitschem Beschoss

Den Ausseminister an de Justizminister hunn en Dënschdeg zu verstäerkte Kontrolle vun de Moscheeën an Däitschland opgeruff. Déi géifen d‘Propaganda vum tierkesche President weiderleeden. Heimatter kritt de Sträit tëscht béide Länner eng nei Episode.

Nach virum Opruff, hat den Ausseminister Sigmar Gabriel d‘Unhänger vum Erdogan beschëllegt seng Fra ze harceléieren.

„Mir mussen uecht dinn, datt déi moslemesch Communautéite vun Däitschland net ënnert den Afloss vum President Erdogan falen“ schreiwe béid Minister an engem Beitrag am Spiegel. „Op kee Fall kënne mir Parallelgesellschaften toleréieren“ fügen se bäi.

„Mir dierfen och net d‘Geforen ënnerschätzen, déi vun de staatlechen Organisatioune vum Erdogan an Däitschland ausginn“ esou déi zwee sozialdemokratesch Ministeren, déi sech dofir asetzen, datt Däitschland „déi schützt déi sech géint de Kulturkampf an d‘Erdogan-Propaganda erhiewen“.

Den Appell dierf een als Äntwert op dem tierkesche President Erdogan säin Opruff gesinn, an deem hien d‘Tierken an Däitschland opfuerdert keng vun den dräi grousse Parteien, bei der Bundestagswahl vum 24. September ze wielen. Domadder si ganz kloer d‘SPD an déi konservativ Schwësterparteie CDU an CSU gemengt.

Säit dem verfeelte Putsch vum Juli 2016, gi vill tierkesch Verbänn an Organisatioune beschëllegt dem Erdogan seng aggressiv Politik ze verbreeden. Eng Politik déi besonnesch géint d‘Membere vun der grousser Koalitioun geriicht ass.

En Imam vun der DITIB, dee spionéiert soll hunn, huet d‘Communautéit duerchgerëselt a Berlin gezwongen den Toun ze hiewen. Den Ausseminister huet dann och d‘Unhänger vum Erdogan-Regime beschëllegt seng Fra bedréit ze hunn. Dat well se sech vum Erdogan senger Rhetorik dozou ermontert gefillt hätten.

De Kanzlerkandidat Martin Schulz (SPD) beschëllegt sengersäits den tierkesche President, d‘Sproch vun engem Kläpper ze notzen, net awer déi vun engem Staatschef. De Recep Tayyip Erdogan huet seng Frechheete mëttlerweil op de Sigmar Gabriel konzentréiert.

Foto: Den tierkesche President Erdogan léisst um däitschen Ausseminister kee gutt Hoer. Elo kréie seng Unhänger an Däitschland de Marsch geblosen (© Adem Altan/AFP)

Ähnlech Sujeten Däitschland, Heiko Maas, Recep Tayyip Erdogan, Sigmar Gabriel, Tierkei
Nächsten Artikel Virrechten Artikel