Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kann een ze vill froen?
Neiegkeeten

Kann een ze vill froen?

Et gëtt net immens vill driwwer geschwat, mee ech hunn

What The Fakt – den Nevermind-Album vun Nirvana gouf viru 27 Joer verëffentlecht
Neiegkeeten

What The Fakt – den Nevermind-Album vun Nirvana gouf viru 27 Joer verëffentlecht

Smells Like Teen Spirit misst hautdesdaags jiddwerengem bekannt sinn. De

money
Nyuko Asbl geet nei Weeër
Neiegkeeten

Nyuko Asbl geet nei Weeër

Nodeems d‘Nyuko Asbl am August hiren Direkter un de „Luxembourg-City

Dem Fernand Kartheiser seng Fro un den Educatiounsminister suergt fir Gespréich

D‘Haaptsaach ass dach dat vun engem geschwat gëtt

Dem Fernand Kartheiser seng Fro un den Educatiounsminister suergt fir Gespréich

Virun enger Woch huet den ëmstriddenen ADR-Deputéierten, Fernand Kartheiser, esou wéi dat am Chambersreglement virgesinn ass, eng Rei Froen un den Educatiounsminister, Claude Meisch (DP) geriicht, an domatter – zumindest an de sozialen Netzwierker – e krasse Shitstorm ausgeléist.

Datt et iwwerhaapt zu dëse Froe komm ass, dat wier „besuergten Eltere“ geschëlt, déi sech un de Politiker gewannt hunn. Dobäi geet et drëms, datt Kanner aus der Primärschoul (Zyklen 3 a 4), gezwonge gi wieren sech en Theaterstéck mam Titel „E Känguru wéi du“ ukucken ze goen. E Stéck an deem, esou d‘Beschreiwung, haaptsächlech ëm Homosexualitéit geet. Abee merde alors!

Zu dësem Theaterstéck gëtt et fir d‘Enseignanten ee Begleetheft, mat deem si sollte genuch Info hunn, fir no der Virstellung op d‘Froe vun de Kanner reagéieren ze kënnen. De Fernand Kartheiser interesséiert an dësem Kontext, op dat genee esou am Unterrechtsplang virgesinn ass, wéi d‘Eltere vun de Kanner am Virfeld informéiert goufen, an op een d‘Participatioun verhënner konnt?

Polemik gehéiert zum politesche Geschäft wéi d‘Verbriechen zur Finanzwelt, an natierlech wousst den ADR-Deputéierten, wat hie mat senger parlamentarescher Fro un den Educatiounsminister géif ausléisen. Interessant ass an dësem Kontext, datt zu Lëtzebuerg d‘Meenungen zum Ëmgang mat der Homosexualitéit am schoulesche Beräich, besonnesch an der Primärschoul, wäit auserneeginn.

Den Debat an d‘Mëtt vun der Gesellschaft bréngen

Vu wéi enger Säit een et och betruecht, op een bei Facebook „dofir“ oder „dergéint“ ass, et ass um Enn dem Minister seng Äntwert déi de Fernand Kartheiser interesséiert. An de Claude Meisch huet sech, wat ee vläicht esou net vun him erwaart hätt, mee woufir hie ganz vill Zousproch an de sozialen Netzwierker erhalen huet, e ganz clevere politesch strategesche Schachzuch geleescht.

Hien huet dem ADR-Deputéierten seng „Äntwert“ getweet, an emol direkt op den Artikel 1 vun der „Universell Mënscherechtsdeklaratioun“ higewisen dee beseet, datt „all d‘Mënsche fräi a a gläich op d‘Welt kommen“. Aus dësem an anere Grënn, wier et him net méiglech „moralesch a politesch op d‘Fro vum Deputéierten ze äntweren. Datt huet et esou nach net um Krautmaart ginn…

Et ass awer mat engem Tweet gedoen. De Claude Meisch huet den Nol eppes méi déif ageklappt an den ADR-Deputéierten drun erënnert, datt 2018 de 70. Jubiläum vun dëser Deklaratioun gefeiert gëtt. Eng Deklaratioun déi nom 2. Weltkrich noutwenneg war, well an dësen däischteren Zäiten, leit wéinst der Relioun oder sexueller Orientatioun, ermuerkst goufen. Dat ass leider nach ëmmer esou.

An eppes guddes huet dat ganzt um Enn dann awer. Wéinst dësem „Debat“ deen uechtert d‘Land och d‘Gemidder un de Comptoiren eppes erhëtzt huet, sollen an de nächste Wochen, alle Schüler am Land d‘Erklärung vun de Mënscherechter ausgehänndegt ginn. Domatter hinne verständlech gemaach ginn, datt „Ausschloss“ an „Diskriminatioun“ an d‘Katastroph féieren.

Ähnlech Sujeten adr, Claude Meisch, DP, Educatiounsministère, Fernand Kartheiser, Homosexualitéit, Känguru, Schüler
Nächsten Artikel Virrechten Artikel