Search

You may also like

Europadag: Wa Fridden a Fräiheet bedreet sinn
Neiegkeeten

Europadag: Wa Fridden a Fräiheet bedreet sinn

Den haitegen 9. Mee soll ganz am Sënn vun der

Ciné-Club: „Roadmap to Apartheid“
Neiegkeeten

Ciné-Club: „Roadmap to Apartheid“

E Méindeg, den 10. Dezember gëtt um 18:30 Auer den

Covid19-Tester zu Diddenuewen
Neiegkeeten

Covid19-Tester zu Diddenuewen

Hei eng vläicht wichteg Informatioun fir eis Landsleit déi am

Dem Gramegna säi Klimabudget

An der Chamber huet de Finanzminister sech op Nohaltegkeet, Wuesstem a Liewensqualitéit bezunn

Dem Gramegna säi Klimabudget

Bei der Presentatioun vum Budget an der Chamber, huet de Finanzminister Pierre Gramegna (DP) sech net lompe gelooss. 20 Milliarde schwéier ass en an d‘Staatsschold soll och ënner 20% vum Bruttoinlandprodukt (BIP) falen. Déi héich „Investitiounspolitik“ soll weidergefouert ginn…

E Budget vun iwwer 20 Milliarden Euro, datt huet et zu Lëtzebuerg nach net ginn. An deen huet de Pierre Gramegna gëschter um Krautmaart virgestallt, woubäi hien sech a senger Aleedung laang a breet iwwert de Klimawandel a seng Auswierkungen ausgelooss huet. Deem eleng sinn am Budget 500 Milliounen Euro (vun engem Investitiounspak an Héicht vun 2,8 Milliarden) virbehalen.

An domatter net genuch: d‘Regierung huet sech och eppes kléngs op d‘Säit geluecht, fir Lëtzebuerg – also eigentlech de Lëtzebuerger Finanzsecteur – als „Kompetenzzentrum fir nohalteg Finanzen“ ze etabléieren. Klengt esou wéi et sech liest an esoulaang de Klimaplang net virläit, mécht et kaum Sënn op Moossnamen anzegoen, oder dës ze bezifferen. Mee si wiere gewëllt eng ze ënnerhuelen.

Zudeem sollt ee Gedold hunn, och scho wéinst der Annonce vum Finanzminister, datt Lëtzebuerg sech eng „gréng Steierreform“ wëll ginn. Dat wier da schonn déi drëtt Steierreform, woubäi sech festgeluecht ginn ass, datt ee – fir den Ament zumindest – net un den Accise bei de Pëtrolsproduite fréckele wëll. Déi lescht Hausse hat et am Mee ginn: 2 Cent op den Diesel an 1 Cent op de Bensin.

Gutt fir de Klima a wat ass mam Logement?

Wann de Finanzminister zum Budget erkläert, datt dëse geduecht ass d‘Liewensqualitéit vun den Awunner ze verbesseren, da betrëfft dat och d‘Familljepolitik, hei méi prezis den Elterecongé, vun dem schonn eng 10.000 Leit solle profitéiert hunn. Deem ginn am Budget 243 Milliounen Euro zougestanen. D‘Enveloppe fir d‘Zukunft vun de Kanner (CAE) bedréit dann elo 1,2 Milliarden.

Et gëtt och méi fir d‘Educatioun gemaach, hei klëmmt de Budget op 2,7 Milliarden Euro (+7,12%), fir d‘Héichschoulwiesen an d‘Fuerschung läit de Montant bei 551 Milliounen Euro (+10%). Cool, den Aarbechtsministère profitéiert och dovunner (+8,2%). De Gesondheetsministère kritt 228 Milliounen (+10%) woubäi hei d‘Prioritéite bei der Preventioun an Digitalisatioun geleeë sinn.

Fir de Logement keng Zuele mee vill waarm Loft: déi engagéiert Moossname gi weidergefouert, esou d‘Annonce. De Pierre Gramegna stellt awer fest, datt d‘Regierung seng Akafspolitik stäerke wëll an datt e Fonds fir de Logement virgesinn ass, deen derzou bäidroe sollt „Projeten“ unzegoen. Gemengt ass hei awer, datt der Fonds fir méi „Flexibilitéit“ sollt suergen. Op dat eppes daacht?

De Wuesstem deen zur Bedreeung gëtt

Mat der „demographescher Progressioun“ (wann een d‘Grenzgänger matzielt si mir ronn 800.000) muss och den ëffentlechen Déngscht verstäerkt ginn. A fir sécherzestellen dat och muer keen Handwierker, Vendeur oder soss e Salarié am Privatsecteur Lëtzebuergesch schwätzt, schaaft de Staat iwwer 1.800 Staatsplazen. Dat besonnesch fir d‘Educatioun an d‘Justiz (Police a Prisong).

Dem „Beamteminister“ Marc Hansen gëtt och méi Geld zougewisen (+9%), fir datt dat digitaalt an de Verwaltungen op de leschte Stand vun der Technik ka bruecht ginn. Och déi aner Ministère gi finanziell besser opgestallt. Déi international „Suergen“, gemengt ass de Welthandel an déi nawell zuelräich „Konflikter“ déi d‘Weltwirtschaft bedreeën, hu wéineg Afloss op eise Budget.

Wat d‘Staatsschold betrëfft, esou kann ee erfreet feststellen – zumindest unhand de virgeluechten Zuelen – datt een ënnert dem Taux vun 30% läit deen am Koalitiounsaccord enthalen ass. Fir 2020 soll d‘Schold bei 19,8% vum BIP, an 2023 nach bei 17,3% vum BIP leien. Dat geet allerdéngs nëmme wa mir weiderhi wuessen, also Konzerner ulackelen déi da keng Steiere bezuele mussen…

Op der Oppositiounsbänk herrscht Begeeschterung

D‘ADR ass net prinzipiell géint dat wat de Finanzminister virgestallt huet, gëtt awer ze bedenken datt déi Wuesstemspolitik einfach onverantwortlech ass, an dat Ganzt net emol am Usaz dem fir Lëtzebuerg gréisste „Problem“ dem Logement op d‘Spréng ze hëllefen. Bei der CSV stellt ee fest datt Zuelen a Geld alles wéi just keng „Zukunftsvisioun“ sinn. Si wäerten dat elo analyséieren…

Bei déi Lénk ass een éischter der Usiicht, datt dem Pierre Gramegna seng Presentatioun zumindest genee esou „eidel“ wéi dem Premierminister seng Ried zur Lag vun der Natioun war. Wa Klima a Logement déi grouss Erausfuerderunge sinn, da froen sech déi lénk, wou d‘Akzenter sinn. No der Presentatioun vum Budget, géif et nach ëmmer näischt Konkretes, an dat wier schonn erschreckend.

Fir d‘Pirate war dem Finanzminister säin Optrëtt zumindest „ënnerhalend“ an et géif een déi Zuelen op den éischte Bléck jo och ganz flott fannen. Mee och si kënnen hiert Uerteel eréischt no enger grëndlecher Analys vum Budget ofginn. Et wier awer elo schinn net ersiichtlech, wéi dat mam Klimaschutz soll ausgesinn a wéi ee gedenkt am Logement fir ee reellen Opschwong ze suergen.

Related topics Budget 2020, Finanzminister, Klimawandel, Logement, Pierre Gramegna
Next post Previous post