Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Esch erlieft eng emotiounsgeluede Gemengerotssëtzung
International Neiegkeeten

Esch erlieft eng emotiounsgeluede Gemengerotssëtzung

Déi zweet Gemengerotssëtzung vun der Minettemetropole stoung am Zeeche vum

Ass den US-President e Rassist?
International Neiegkeeten

Ass den US-President e Rassist?

Dem Donald Trump seng via Twitter an der Welt verbreeten

dislike
Suessem: Erstaunleches aus der Bréifkëscht
International Neiegkeeten

Suessem: Erstaunleches aus der Bréifkëscht

Déi Lénk aus der Gemeng Suessem hu richteg festgestallt, datt

Dem Kim seng Atombomm

Dem Kim seng Atombomm

Nëmme wéineg Stonnen nodeems d’Vereenten Natiounen den Ofschoss vun enger Mëttelstreckerakéit vu Nordkorea op dat schäerfst veruerteelt hunn, mellt och de Kim Jong-Un sech nees zu Wuert. Den eenzegen Zweck: weider provozéieren. De „béise“ Jong vu Pyongyang huet ee Samschdeg behaapt ganz no drun ze sinn, d’Atombomm ze besëtzen.

D’Zil wier et, e Gläichgewiicht zu den USA hierzestellen. „De But ass ze erreechen, datt déi amerikanesch Dirigenten sech net emol méi a Gedanken trauen, eng militäresch Optioun géint déi demokratesch Volleksrepublik Korea an Erwänung ze zéien“, esou de Kim Jong-Un, zitéiert vun der Regierungsagence KCNA.

Hie schéngt domatter de Communiqué vum UN-Sécherheetsrot vum Freideg Mëtteg net eescht ze huelen. Deen hat den Aktionismus vu Nordkorea, hannert zouen Dieren, op d’Schäerfst veruerteelt. „Dës Aktioune sinn eng Bedreeung fir d’Regioun mee och fir all d’UN-Memberstaaten“ esou den UN-Sécherheetsrot am Bezuch op de leschte Rakéitentest, mee och op de sechsten Atomtest vum 3. September.

Anscheinend awer kee Grond fir de nordkoreanesche Leader säi Programm op d’Säit ze leeën. Deen huet op KCNA gemengt, datt den Ofschoss vun enger Hwasong-12 ee Freideg de Moien ee grousse Succès war, an erlaabt hätt déi nuklear Kapassitéite vu sengem Land ze stäerken.

D’Zil bal erreecht

Fir den David Wright, Physiker vun der Associatioun „Union of Concerned Scientists“ hätt Nordkorea erfollegräich bewisen, datt et Guam kéint erreechen. Dat och wann net gewosst ass wat fir e Sprengkapp benotzt ka ginn an wéi grouss d’Treffsécherheet ass.

„De Norde sent eis folgende Message: Mir zidderen net virun iergendenger Sanktioun an eis Bedreeung ass reell“, esou den Yang Moo-Jin vun der Universitéit fir nordkoreanesch Studien zu Seoul.

„Mir hunn eist Zil esou gutt wéi erreecht“ seet de Kim op KCNA e Samschdeg. „Mir musse ganz kloer deene groussen nationalistesche Muechte weise wéi eist Land säin Objektiv, eng Atombomm ze hunn, erreecht huet an dat trotz hiren onbegrenzte Sanktiounen an dem Embargo“.

Mat mobillen Eenheeten déi mat der Rakéit Hwasong-12 ausstafféiert sinn, erhéicht Nordkorea seng Schosskraaft (© Ed Jones/AFP)

Net ënnerschätzen

Wann den Yang Uk, Analyst vum südkoreanesche Forum fir Verdeedegung a Sécherheet, och unhëlt, datt „et onrealistesch ass ze gleewen, datt Nordkorea e nukleart Gläichgewiicht mat den USA kann erreechen“ esou misst een allerdéngs de schnelle Fortschrëtt vum nukleare Programm vu Nordkorea unerkennen.

De leschten Ofschoss, dee vun enger mobiller Ramp getätegt ginn ass, bedeit, datt Nordkorea zukünfteg an der Lag ass seng Rakéit Hwasong-12 am Kader vu Kampfhandlungen anzesetzen. „An de nächsten dräi Joer sollt Nordkorea am Stand sinn Atomrakéiten zu Ofschreckung notzen ze kënnen“, esou Yang Uk.

Nom Test vun enger thermonuklearer Bomm den 3. September huet déi international Communautéit dann och gutt Grënn sech Suergen ze maachen. Op den 8. Moossnamepak vu Sanktiounen allerdéngs déi gewënschte Resultater bréngt muss bezweiwelt ginn. De nordkoreanesche Leader schéngt méi wéi jee decidéiert ze sinn, seng Atombomm ze kréien.

Militäresch Optiounen

Um Freideg hunn de Vladimir Putin an den Emmanuel Macron zu „direkte“ Gespréicher mat Pyongyang opgeruff. Si ënnersträichen de Besoin „déi extrem komplizéiert Situatioun exklusiv mat politeschen a diplomatesche Mëttel ze léisen“.

Bei der Joresversammlung vun der UNO, déi d’nächst Woch zu New York virgesinn ass, wëll den US-President, zesumme mat sengen Alliéiert Südkorea a Japan, sech mat de Nordkoreaner ënnerhalen.

Ouni ze waarden huet den Donald Trump dann awer op e neits Nordkorea gewarnt. Hien huet dobäi drop higewisen, datt d’USA staark militäresch Optiounen huet fir op d’Bedreeung géintiwwer senge „Noperen“ an der interkontinentaler Communautéit ze äntweren. „Féier an Ierger“ ass dann och eng Ausso déi nach ëmmer am Raum steet.

Peking huet den Ofschoss och veruerteelt, rifft awer zur Beherrschung op. China huet um Freideg am UN-Sécherheetsrot op neits gefuerdert, datt Washington direkt Gespréicher mat Pyongyang féiere muss. D’Kritik vun den USA wier „onverantwortlech“. D’Häerzstéck vum Problem wier d’Oppositioun tëscht Nordkorea an den USA (…) China wier net verantwortlech d’Ausenanersetzung tëscht béide Länner“, esou d’Spriecherin vun der chinesescher Diplomatie, Hua Chunying.

mat AFP

Foto: De Kim Jong-Un (hei eng Archivfoto vum 13. Abrëll) huet net wëlles sech vu sengem Atomprogramm ofbréngen ze loossen. Sanktiounen ass Nordkorea gewinnt an hunn och bis ewell keng novollzéibar Resultater geliwwert. (© Ed Jones/AFP)

Ähnlech Sujeten China, Kim Jong-Un, Nordkorea, UN-Sécherheetsrot, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel