Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Zoff am persesche Golf: Iraner schloen de Briten en Tosch vir
hookup saint john Neiegkeeten

https://moien.lu/stella-glow-dating/

Datt den Dissens tëscht den USA an dem Iran sech

dating awkward silence
hookup saint john Neiegkeeten

Schlechte Beholl méi zolidd bestrofen

D‘Gaffer déi bei Accidenter och emol gären den Handy an

A wéi ass et mat der Afrikanescher Schwéngspescht?
hookup saint john Neiegkeeten

A wéi ass et mat der Afrikanescher Schwéngspescht?

Un dësem Donneschdeg, den 10. Oktober huet den Task Force

Nordkorea: Dem Kim seng Rakéiten

De südkoreaneschen Etat-Major vun der Arméi mellt zwee nei Tester vu ballistesche Rakéiten

Nordkorea: Dem Kim seng Rakéiten

Laut Informatioune vum Etat-Major vun der südkoreanescher Arméi, sollen um Samschdegmueren zwou Kuerzstreckerakéiten aus dem Ëmfeld vun der Stad Hamhung (Ostküst) ofgeschoss gi sinn. Si wieren eng 400 Kilometer wäit geflunn an dann an dat japanescht Mier gefall…

Déi südkoreanesch Noriichtenagence Yonhap bezitt sech op eng Stellungnam vum Etat-Major, an och vun der Regierung ass den Ofschoss bestätegt ginn. Déi offiziell Versioun: „Mir gesinn d‘Méiglechkeet vu weidere versich, well Nordkorea derzäit seng Militärmanöver am Summer ofhält an och déi kombinéiert Manöver Südkorea/USA elo stattfannen“. Vu Konsequenze kee Wuert.

RakéitenEt wier dat awer schonn de fënneften „Test“ dee Pyonyang bannent zwou Wochen absolvéiert hätt. Zudeem huet de nordkoreanesche Regimm, déi vun de Südkoreaner zesumme mat den USA organiséierte Manöver widderholl schaarf veruerteelt an als Provokatioun duergestallt. De Kim Jong-Un betruecht seng Rakéitentester dann och als Warnung un déi „onséileg“ Allianz.

RakéitenDatt déi regelméisseg „kombinéiert Manöver“ vu Südkorea an den USA keng verséinlech Absichten hunn, mee e klore Message a Richtung Pyongyang sinn, zwéngt de kommunistesche Regimm zu „Géigemoossnamen“. An dësem Kontext muss ervirgehuewe ginn, datt den US-President scho méi oft betount huet, datt dës „Tester“ keng Hürd fir nei Ofrëschtungsgespréicher mat Nordkorea sinn.

Krich spillen ass ok, schued datt et esou deier ass

Nordkorea verstéisst awer mat senge Rakéitentester géint eng ganz Rëtsch vun UN-Resolutiounen. Net weider „schlëmm“ well den Donald Trump huet eegenen Aussoen no, duerchaus esou eppes wéi Versteesdemech fir dem Kim Jong-Un seng Kritik un de Manöver. Den US-President hat e Freideg matgedeelt, datt de Kim him ee „schéinen“ a „positive“ Bréif geschriwwen hätt.

RakéitenAn dësem soll de „béise Jong“ zum Ausdrock bruecht hunn, datt hien sech net un de militäresche Manöver erfreeë kann. Dozou de Locataire aus dem Wäissen Haus: „Ech hat déi och nach ni gären. Ech war ni e Fan. A wësst dir firwat? Mir gefält et net dofir mussen ze bezuelen, mir sollten eist Geld zréck kréien, an dat hunn ech Südkorea och gesot“. Et ass Geld dat ee besser notze kann…

RakéitenEsou sinn dann déi Kuerzstreckerakéiten och kee Problem fir de Milliardär. Esou laang wéi hei net mat Atomwaffen a Laangstreckerakéiten hantéiert gëtt, wier dat Ganzt „iwwersiichtlech“ an den Donald Trump géif sech op e véierte Sommet mam Kim Jong-Un freeën. E méiglechen Termäin dofir gëtt et wuel net, mee et léisst sech eraushéieren, datt een an de Kulissen dorunner schafft.

RakéitenBleift nach ze erwähnen, datt den US-President an der Lescht mat sengen asiatesche Partner, Japan a Südkorea och esou seng Suergen huet. „Südkorea a Japan streiden sech permanent“, esou den Donald Trump, „si mussen awer matenaner eens ginn“. Grond: béid Natioune féieren den Ament en handfesten Handelskrich. Gutt datt d‘USA beim Thema „Handel“ mam gudde Beispill virginn…

mat indymedia/sel/fuk

Foto: © KCNA

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Japan, Militärmanöver, Nordkorea, Südkorea
Nächsten Artikel Virrechten Artikel