Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kalifornien kämpft mat déidleche Bëschbränn, a Griicheland klëmmt de Bilan
Neiegkeeten

Kalifornien kämpft mat déidleche Bëschbränn, a Griicheland klëmmt de Bilan

12.000 Pompjeeën hunn e Sonndeg géint Bränn a Kalifornien gekämpft.

Wéi gutt kenns du dech mam European Hillrace zu Eschduerf aus?
Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du dech mam European Hillrace zu Eschduerf aus?

Dëse Quiz gouf vun der Union des Pilotes Luxembourg gesponsert

Schluss mam Rausch – Opdeckung vun engem gréisseren Drogennetzwierk!
Neiegkeeten

Schluss mam Rausch – Opdeckung vun engem gréisseren Drogennetzwierk!

An de vergaangenen Deeg konnten d’Beamten vun der Douane ee

Dem LVI seng Recommandatioune fir d‘Chamberwahlen

Dem LVI seng Recommandatioune fir d‘Chamberwahlen

Am Oktober si Chamberwahlen, an hei huet dann och all Vereenegung oder Organisatioun e puer Recommandatiounen, déi si de Parteie wëlle mat op de Wee ginn. Der Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ (LVI) läit eng besonnesch um Häerzen: „Virfaart fir d‘Foussgänger an d‘Cyclisten“.

Eigentlech huet d‘LVI ganzer 12 där Recommandatiounen: esou déi konsequent Ëmsetzung vum Gesetz vum 25. Abrëll 2015, am Bezuch op den nationale Vëlosreseau an den Uschloss vun dësem Reseau un déi Kommunal Reseauen. An dësem Kontext gëtt dann och d‘Signalisatioun vun eben dësem nationale Reseau, esou wéi se an de groussherzogleche Reglementer vum 3. September 2016 virgesinn ass, gefuerdert.

D‘LVI géif et dann och begréissen, wann d‘Regierung déi noutwenneg budgetär a mënschlech Moyene géif bereet stellen, fir datt de nationale Reseau konsequent kann entwéckelt ginn. Och d‘Schafe vun engem „Nationale Vëloszenter“, dee fir den Accueil, an d‘Informatioun vum Public soll geduecht sinn, sollt méiglechst zäitno entstoen. Gutt wier et och, wann et endlech méiglech wier de Vëlo an d‘Mobilitéitsketten anzebannen.

Besser op d‘Schaff oder an d‘Schoul kommen

Eng Recommandatioun bezitt sech op d‘Garantie, datt all ëffentlecht Gebai oder méi generell ëffentlech Plazen en Zougang fir de Vëlo erhalen. Egal op am Kader vu Renovéierungsaarbechten oder bei engem Neibau. Gerode gëtt dann och dofir Suerg ze droen, datt virun all staatlecher Infrastruktur genuch Parkplaze fir Vëloe bestinn. Wichteg wier et och déi steierlech Virdeeler ze erweideren, besonnesch fir Leit déi de Vëlo all Dag fir op d‘Schaff benotzen.

Recommandéiert gëtt dann och, d‘Benotze vum Vëlo an de Schoulprogramm anzeglidderen. Heifir kéint een de Sportsunterrecht ausbauen. An dësem Kontext réit d‘LVI de Schülertransport esou ze gestalten, datt d‘Kanner hire Vëlo kënne mathuelen. Wichteg a richteg wier et zudeem, de Cyclist an de Foussgänger an de Programm vum Cours zum Code de la Route anzebannen. Och eng Strategie fir de Vëlo-Tourismus op nationalem Niveau ze entwéckelen, wier net vu Muttwëll.

Zu gudder Lescht recommandéiert d‘LVI de Parteien, sech méi bei de Sensibiliséierungscampagnen anzebréngen. Och sollten et dësem Kontext méi a besser Informatiounen zum Vëlo ginn, dat am Hibléck op d‘Promotioun vun der aktiver Mobilitéit. Et gëtt also villes geroden a muenches gefuerdert dat eigentlech längst misst bestoen. Wéi esou oft entwéckelen sech d‘Infrastrukturen net esou séier wéi dat eigentlech néideg wier. Déi nächst Regierung huet also hei en Optrag.

Ähnlech Sujeten Chamberwahlen 2018, LVI, Recommandatioune
Nächsten Artikel Virrechten Artikel