déi Lénk: Fir eng solidaresch an human Migratiounspolitik
Enn Februar huet déi tierkesch Regierung d’Ëffnung vu senge Grenzen
Wien kennt schonn net déi legendär Beachparty am Préizerdaul oder
Russland ass a bleift en interessante Wirtschaftspartner. Déi Lëtzebuerger Regierung
Et ass e leidenschaftleche Plädoyer, deen de franséische President, Emmanuel Macron, an enger Tribün – déi vu ville „groussen“ europäeschen Zeitungen iwwerholl ginn ass – un d‘Bierger vun Europa geriicht huet. De Brite mécht hien eng Offer, vu Bréissel fuerdert hie Reformen.
„Nach ni zanter dem Enn vum zweete Weltkrich, war Europa esou wichteg, an nach ni war Europa an esou grousser Gefor“ kann een haut an alle groussen Zeitunge vun den 28 EU-Memberlänner liesen. „Den Nationalismus bitt de Mënschen näischt, et ass de Projet vum Refus“.
Esou e Schratt ass gewot, mee sécherlech net vu Muttwëll ugesiichts den Europawahlen am Mee. Den Emmanuel Macron proposéiert en Aktiounsplang, mat deem d‘EU soll vu Grondop reforméiert ginn. Dat heescht datt an alle Beräicher Moossnamen ze ergräife sinn, déi d‘EU als Eenheet stäerkt.
Am Kontext vun der Wirtschaftspolitik, schléit de franséische President vir, all déi Entreprisen ze bestrofen oder ze verbidden, déi entgéint eise strategeschen Interessen a Wäerter agéieren. Et geet dobäi ëm Ëmweltstandarden, Dateschutz a Besteierung. Doriwwer wäert sech Washington freeën…
Et ass sécherlech net verkéiert, wann den Emmanuel Macron fuerdert, datt a strategesche Secteuren a bei ëffentlechen Opträg, EU-Entreprise sollten den éischte Choix sinn. Bei dëser Ausso orientéiert sech de franséische Staatschef u senge Virbiller: USA a China. Dat ass interessant, an erschreckend.
Folglech verwonnert et net, datt eisen Noper sech och fir en Update vum Schengen-System asetzt, an d‘Opstelle vun enger gemeinsamer Grenzpolice, wéi och der Schafung vun enger europäescher Asyl-Administratioun fuerdert. Dat dierft de „Passus“ sinn, deen am „Osten“ net begréisst gëtt.
Interessant och, a bestëmmt sënnvoll: den Emmanuel fuerdert vu Bréissel d‘Schafe vun enger EU-Agence, déi sech engersäits fir de Schutz vun der Demokratie misst asetzen, a mat Experte misst ausstafféiert ginn, déi Wahle géint Manipulatiounen (vu Baussen oder Bannen) ofséchere kënnen.
Och bei der Verdeedegung mussen an Europa d‘Länner méi a besser zesummeschaffen. D‘Briten – ëmmerhin enge Atommuecht – hätten zwar der Unioun déi kal Schëller gewisen, militäresch wier Groussbritannien awer e Partner, op deen d‘EU och nom Brexit net verzichten dierf a kann.
Esou stellt den Emmanuel Macron fest: „Méi Ausgabe fir d‘Verdeedegung, d‘Fäegkeet d‘Klausel iwwert déi géigesäiteg Verdeedegung unzewennen, an en EU-Sécherheetsrot – an deen d‘Briten agebonne wieren – zur Virbereedung vu gemeinsamen Entscheedungen, d‘Konsequenz.
Schonn a der Ried op der Paräisser Universitéit Sorbonne (September 2017), hat de franséische President net manner wéi eng „Neigrënnung vun engem souveränen, vereenten an demokrateschen Europa“ gefuerdert. En EU-Finanzminister an e Budget fir d‘Eurozon, waren do och mat dran.
Fir e President, deen am eegene Land mat zolidd Widderstand aus der Bevëlkerung ze kämpfen huet (Giel Gileten) sollt sech awer och d‘Fro vun der Kredibilitéit stellen. Den eegene Stall huet hien erwisenermoossen net am Grëff, géif awer gären de ganze Bauerenhaff nei gestalten.
Wéi dem Emmanuel Macron seng „Tribün“ opgeholl gëtt, léisst sech nëmme schwéier definéieren. Si wäert ënnerschiddlech vun de politeschen, wirtschaftlechen a gesellschaftlechen Acteuren opgeholl ginn, well déi och verschidden Interessen hunn, an informéiert Bierger wëssen dat och.
Mat de Populisten, déi sech bei den Europawahlen am Mee ganz vill Mandater erwaarden dierfen, de totaler Absence vu Solidaritéit, an dem stännege Konkurrenzdenken, mécht dem Macron seng Tribün zwar Sënn, mee hie muss net déi „do uewen“ iwwerzeegen, d‘Bierger hunn dat lescht wuert.
Foto: (Archiv) De franséische President Emmanuel Macron wëll Europa Federéieren, an eng Rei Usätz maachen duerchaus Sënn. Mee wie vun de 27 déi Siicht deelt, ass net gewosst. Zudeem muss een och d‘Populisten an d‘Euroskeptiker op der Rechnung hunn, an déi wäerte jo wuel kaum dem Géigner d‘Leeder halen. © AFP