Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Briten hiren Austrëtt geet an d‘Verlängerung
International Neiegkeeten

pamir pekin dating history

D‘Theresa May huet am House of Commons d‘Parlamentarier opgeruff dach

https://moien.lu/best-dating-sites-in-london-uk/
International Neiegkeeten

CFL: d‘Chantieren am Joer 2019

Et ka kengem entgaange sinn: bei der CFL gëtt massiv

Frankräich: vun 90 op 80Km/H fir manner Doudeger op de Stroossen
International Neiegkeeten

Frankräich: vun 90 op 80Km/H fir manner Doudeger op de Stroossen

Onpopulär awer néideg… haut annoncéiert déi franséisch Regierung d‘Erofsetze vun

Dem Matteo Salvini seng kleng Victoire

Rettungsschëff „Alan Kurdi“ wëll net op den Noutstand waarden a steiert op Malta zou

Dem Matteo Salvini seng kleng Victoire

D‘Crew vun der „Alan Kurdi“ – vun der däitscher ONG Sea-Eye – huet sech hënt entscheet net méi laang viru Lampedusa virun Anker leien ze bleiwen a sinn elo ënnerwee op Malta. Dat wier dann un a fir sech en Victoire fir de Matteo Salvini, wann et do net dat italienescht Rettungsschëff „Alex“ géif dat mat sengen Dosende Migranten entgéint de Verbuet an den Hafe vun der Insel agelaf ass.

Op der „Alan Kurdi“ befannen sech 65 Mënschen, déi virun der libescher Küst an internationale Gewässer mat engem Schlauchboot ënnerwee waren. Si haten trotz der Offer vun de libescher Küstewaach, d‘Leit an engem „sécheren“ Hafen a Libyen ofzesetzen, refuséiert a sech fir e sécheren Hafen entscheet. D‘ONG hat erkläert, datt de Kapitän a seng Crew sech un de Verbuet halen.

Salvini

De Gordon Isler, verantwortlech fir den Asaz, huet erkläert: Mir kënnen net waarde bis um Schëff den Noutstand ausbrécht. Elo muss sech weisen ob aner europäesch Länner sech der italienescher Politik uschléissen oder de Mënschen e sécheren Hafen ubidden“. Schonn an e puer Deeg wier d‘Lag um Schëff kritesch ginn, firwat elo Malta ugesteiert gëtt. Am Nomëtteg sollen se ukommen.

Hey: hei kënnt d‘Alex!

Wann et dem italieneschen Inneminister Matteo Salvini gelongen ass sech d‘Alan Kurdi vum Hals ze halen, esou war et dem ëmstriddene Politiker net vergënnt, de Samschdeg „victoriéis“ ze beschléissen. Schold dorunner en italienescht Segelschëff vun der „Mediterranea Saving Humans“ Organisatioun. D‘Alex huet zu Lampedusa ugeluecht, wëll et ënner italieneschem Pavillon segelt.

An engem italienesche Schëff kann den Inneminister d‘Zoufaart an den Hafen net verbidden. Wuel huet de Matteo Salvini en Dekret ausgestallt dat de Verbuet aktéiert, an hien huet sech och drop behaapt, datt kee Migrant e Fouss op d‘Insel géif setzen. Ofgesi vun der Schëffsnationalitéit, ass dëst Dekret och wierkungslos, well sech u Bord vun der Alex Schëffbrécheger befannen.

Salvini

Wéinst de Konditiounen um Schëff, war et der Alex net méiglech hire Wee a Richtung Malta, dat sech bereet erkläert hat d‘Leit opzehuelen. Zudeem géifen sech um Segelschëff eng 60 Mënsche befannen, vun deenen 41 Persounen aus dem Mier gefëscht goufen – dorënner dräi schwanger Fraen a véier keng Kanner – woubäi d‘Alex nëmme fir 18 Persounen zougelooss ass…

Däitschland wëll eng europäesch Léisung

De Bundesinneminister Horst Seehofer fuerdert Solidaritéit an eng europäesch Léisung an huet der EU-Kommissioun ugebueden eng Partie vun de Migrante bei sech opzehuelen. Bei, innerhalb enger Woch zwee Rettungsschëffer ënnert däitschem Pavillon déi Italien ugesteiert hunn, sécherlech och eng „verantwortlech“ Entscheedung. Woubäi hien dëst humanitäert Manöver u Bedingunge knäppt.

Esou kéint Däitschland nëmmen dann och en Deel vun de Migranten (vu béide Schëffer) ophuelen, wa sech op eng „europäesch-solidaresch“ Léisung verstännegt gëtt. Hir verlaangt vu Bréissel sech ëm d‘Koordinatioun ze këmmeren, a wëll net datt et op e neits zu enger „Grenzöffnung“ kënnt déi vun engem Land muss gedroe ginn. Et wier eng gesamteuropäesch Ugeleeënheet, esou de Seehofer.

Salvini

An dësem Kontext huet de fréiere bayresche Ministerpresident sech schrëftlech un de Matteo Salvini gewannt. Dësem huet den Horst Seehofer ze verstoe ginn, datt et net ze veräntwerten ass, wochelaang Schëffer mat gerette Persounen um Mëttelmier dreiwen ze loossen. Hien huet Italien opgefuerdert seng Häfen nees opzemaachen an en Dialog op EU-Niveau ze ënnerstëtzen.

Matteo an Europa en engem Saz ass e Widdersproch a sech

Interessant um diplomateschen Austausch tëscht dem Horst Seehofer (CDU – rietskonservativ) an dem Matteo Salvini (Lega Nord – extrem riets) de Fait, datt de Bayer eigentlech ideologesch net emol op Distanz zu sengem italieneschen Homolog goe muss, schliisslech war de Ruff no enger „Uewergrenz“ fir Däitschland, sengerzäit aus senger bayrescher Regierungszentral erklongen.

Salvini

De Matteo Salvini, vun deem net ze behaapte wier, datt hien en iwwerzeegten Europäer wier a säi Mandat enger friemefeindlecher Wahlcampagne verdankt, huet dem däitsche Bundesinneminister den diplomatesche Mëttelfanger entgéint gehalen a geäntwert:

„Berlin fuerdert vu mir datt ech déi italienesch Häfe fir d‘Rettungsschëffer op maachen? Absolut net! (…) Mir fuerderen d‘Merkel-Regierung op, deene Schëffer de Pavillon ofzehuelen, déi den onséilege Mënschenhändler a Schmuggler hëllefen. Si sollen dann och direkt hir Bierger, déi sech net un italienesch Gesetzer halen, zréckzehuelen“. Hei huet Europa nach Aarbecht virun sech…

mat indymedia/rom

Ähnlech Sujeten Alan Kurdi, Alex, Horst Seehofer, Lampedusa, Malta, Matteo Salvini, Mediterranea Saving Humans, Sea-Eye
Nächsten Artikel Virrechten Artikel