Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Passeport de Vie: Wien huet nach net, wien wëll nach emol?
International Neiegkeeten

dating separated friends

D’Regierungsmembere kruten haut vum Gesondheetsminister Étienne Schneider de „Passeport de

beste dating sider i norge
International Neiegkeeten

Den Neil Young mécht der Welt seng Archiven op

De legendäre „Folk-Rocker“ aus Kanada, den Neil Young huet seng

Wéi gutt kenns du Veianen?
International Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du Veianen?

Et gëtt kaum eng Stad am Land, déi esou beléift

Dem Orban seng nëtzlech Idioten…

...entscheeden haut iwwert den Ausschloss vun der Fidesz aus der EPP

Dem Orban seng nëtzlech Idioten…

Anti-Europäer, ultra-rietskonservativ an ongehuwwelt am Ëmgang mat der politescher Famill: dat dierft eng zimlech zoutreffend Beschreiwung vum ungaresche Ministerpresident Viktor Orban sinn. Hien a seng faschistesch Fidesz si Member vun der europäescher Vollekspartei (EPP), an déi huet de Klautje rezent als „nëtzlech bezeechent“. Datt bei deenen aneren elo d‘Mooss voll ass…

Den däitsche Spëtzekandidat vun der EPP, Manfred Weber (CSU), huet – ëmmerhi gëtt Enn Mee en neit EU-Parlament gewielt – elo och den Toun gehuewen, an dem Viktor Orban eng kloer Warnung ausgeschwat. Hien hätt elo nach emol kuerz Zäit fir iwwert sech a seng Zukunft nozedenken, da sollten hien a seng Partei zur Besënnung zréckfonnt hunn a sech bei de Kollegen entschëllegen.

Sollt et hinnen „ze schwéier“ falen, missten se mat entspriechende Folgen – also dem Ausschloss – rechnen. Dobäi hat de Mann aus Nidderbayern, laang d‘Scheiklappe vrun de Aen. Selwer kee Frënd vun der Migratioun, an éischter den eegene Wäerter wéi deene vun der Gesellschaft verflicht, huet de Manfred Weber laang d‘Hand iwwert den Ungar gehalen. Esou awer kann et net weider goen.

Eng éischt Warnung hätt de Viktor Orban allerdéngs schonn doranner erkenne kënnen, wéi de vermeintleche „Komerod“ als eenzege CSU-Politiker fir eng „Artikel 7“ Prozedur gestëmmt huet. Et ass ëm esou eppes läppesches wéi „Verstéiss géint rechtsstaatlech Prinzipien“ gaangen. Dem Ungarn seng Äntwert ass eng oppe Campagne géint de Jean-Claude Juncker an Europa

Mat enger Plooschter fir en hëlzent Been ass et net gedoen

Tatsächlech ass et esou, datt déi onséileg Fidesz an Ungarn den europäesche Wahlkampf schonn Ufank Februar agelaut huet, an dofir weder op Ligen nach op aggressive Populismus verzicht huet. Hir Feindbiller: de Lëtzebuerger Jean-Claude Juncker, EU-Kommissiounspresident an de George Soros, en ëmstriddenen US-Milliardär. D‘Argument: D‘EU wëll Ungarn Flüchtlingen opzwéngen.

Mat der Campagne awer, huet de Faschtert esou eppes wei „d‘Grenz zum zoumuttbaren“ endgülteg iwwerschratt. Dat net zu gudder Lescht, wëll d‘Collage vun antisemitesche Stereotyppen „exzessiv“ gebrauch mécht, an déi chrëschtdemokratesch Fraktiounen an Däitschland, dëst Spill net kënne matmaachen. Déi sinn enger donkeler Vergaangenheet verflicht an et ass Wahlkampf.

An d‘Europawahlen am Mee sinn imminent wichteg fir d‘EPP, déi onbedéngt d‘Muecht iwwert d‘Institutioune behale wëll. Do sinn esou Aktiounen aus dem rietsradikale Lager net wëllkomm. Dräizéng Verbänn aus zéng Länner hunn den Antrag gestallt, d‘Fidesz auszeschléissen. Dorënner d‘Chrëschtdemokraten aus dem Benelux, Schweden an esou déi griichesch Nea-Dimokratia…

An elo? Schécken se de Klatzkapp dohinner wou de Peffer wiisst?

Interessant – an dat sollt ee sech ganz gutt mierken – bei eisen däitschen Noperen ass net jidderee géint dem Viktor Orban seng „politesch Usiichten“. An dat kéint haut zu engem Problem ginn, wou iwwert den Ausschloss vun der Fidesz aus der EPP debattéiert an ofgestëmmt gëtt. Firwat ass dat esou wichteg? Ma an der EPP hunn d‘CDU an CSU de gréisste Stëmmenundeel.

Un Argumenter feelt den däitschen Orban-Fans net. Den Daniel Caspary, Spriecher vun der däitscher Uniounsgrupp argumentéiert: „Wa mir d‘Fidesz ausschléissen, da schneide mir de Gespréichsfuedem of. Wann datt al d‘Parteie mat hire schwaarze Schof maachen, dann dreet d‘Opspléckung vun der europäescher Unioun“. Muss ee mat „schwaarze Schof“ tolerant sinn?

An dat ass eng geféierlech Ausso. Politesch wéi mënschlech, well wann ee sech esou fir e Faschist an seng mënscheveruechtend Partei asetzt, huet een et offensichtlech net héiere knuppen. Wien also keng radikaliséiert politesch Vertrieder am EU-Parlament wëll gesinn, dierft logescherweis kenger Partei seng Stëmm ginn, déi an der EPP-Fraktioun vertrueden ass. Esou och d‘CSV zu Lëtzebuerg.

Sinn se onbeléierbar mussen se vum Bierger mam Vott gestrooft ginn

Et geet bannent der EPP kee eeschthaft dovunner aus, datt een de Klautjen aus Ungarn nach kann iwwerzeegen sech um Bidong ze rappen. De Viktor Orban huet wuel, no engem zu Budapest organiséierten Drénglechkeetstreffen, eppes wéi eng formell „Entschëllegung“ ervirbruecht, mee glafwierdeg kann een där keng attestéieren. Seng „nëtzlech Idioten“ loossen hie jo gewäerden…

Wien dann haut sollt gewëllt sinn Wetten op den Ausschloss vun der Fidesz aus der EPP ze setzen, sollt den Asaz net ze héich halen. D‘Chancen datt de Viktor Orban mat senger Raiberband aus der EPP flitt, sinn denkbar geréng. Woubäi et der CSV an de Kollegen aus der Belsch an Holland ganz eescht domatter ass, déi ungaresch radikaliséiert Regierungspartei aus hirem Krees auszeschléissen.

Alles an allem gesäit et dann elo esou aus, datt sech déi „konservativ Kräften“ an Europa den Bok selwer vum Gesiicht rappen, an hir Mënschefeindlech politesch Ausriichtung oppe mat an den EU-Wahlkampf huelen. Sollt d‘EPP sech schützend virun d‘Fidesz stellen, bekennt sech dës Fraktioun net méi zum europäesche Gedanken, dem solidareschen Zesummenhalt vun de Vëlker.

Ähnlech Sujeten EPP, Europawahlen 2019, Faschismus, Fidesz, Ungarn, Viktor Orbán
Nächsten Artikel Virrechten Artikel