Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Karschnatz: Et kuckt een schlechten Zäiten entgéint
Meenung Neiegkeeten

Karschnatz: Et kuckt een schlechten Zäiten entgéint

Am August heescht et fir vill vun eise Landwirt nees

dislike
Bei der Aarbechtsinspektioun geréit de Bausecteur an de Fokus
Meenung Neiegkeeten

Bei der Aarbechtsinspektioun geréit de Bausecteur an de Fokus

D‘Aarbechtsinspektioun (ITM) gëtt sech och 2018 d‘Moyene fir senge Missioune

De soziale Bilan vun der LSAP
Meenung Neiegkeeten

De soziale Bilan vun der LSAP

Am Kontext vum éischte Joer vun der neier Legislaturperiod –

Dem Premier seng Ried iwwert d’Lag vun der Natioun war e Verrot un de Jonken!

Dem Premier seng Ried iwwert d’Lag vun der Natioun war e Verrot un de Jonken!

E Wuesstemsmodell, deen u seng Grenze stéisst, Logementspräisser, déi d’Grenz vum Leeschtbaren iwwerschratt hunn, den Aarmutsrisiko, dee rapid klëmmt a bei all deem e Rentesystem, dee weiderhin op e Rekordwuesstem opgebaut ass: Problemer, déi déi Jonk am meeschten treffen:

Déi meescht vun eis hunn nach keen Eegenheem, mir mussen nach op mannst 40 Joer pünktlech Moies op d’Schaff kommen, duerch de Stau, deen ëmmer méi schlëmm gëtt. An esouguer da kënne mir eis wahrscheinlech nach keng eege Wunneng hei leeschten.

100 Persoune wanderen all Mount aus Lëtzebuerg aus, kënnen sech d’Liewen an d’Wunnen hei net méi leeschten, a wéini ass ee selwer villäicht drun, fir d’Land mussen ze verloossen? Eis kann et och net egal sinn, wann an Zukunft net méi genuch Personal an de Klinicken ass, nach e weidere vu ville Problemer, deen an der Ried zur Lag vun der Natioun net ugeschwat gouf.

Et brauch een als Jonken net pessimistesch agestallt ze sinn, fir pessimistesch an d’Zukunft ze kucken. An dobäi ass kloer: Keng politesch Partei huet e Patentrezept fir déi akut Problemer. Zumindest hätte mir eis awer erwaart, datt de Noutstand am Logement op mannst ugeschwat gëtt, datt eise Wuesstemsmodell, deen, wéi de Statec festgehalen huet, “pro-riche” ass, an deen an Zukunft ëmmer méi Leit op der Streck loosse wäert, zumindest kritesch thematiséiert gëtt.

An der Ried zur Lag vun der Natioun vum Premierminister war dat net de Fall. Net déi richteg Äntwerte fannen ass déi eng Saach – iwwerhaapt net méi déi néideg Froen ze stellen déi aner! Als jonk ADR weise mir eis schockéiert doriwwer, wéi wäit den héchste Regierungsvertrieder vum Land ewech ass vun der Liewensrealitéit vun de Mënschen am Land.

Matgedeelt vun ADRenalin, déi jonk ADR. D‘Meenung vun de Parteien ass hir eegen.

Ähnlech Sujeten adr, ADRnalin, Logement, Ried zur Lag vun der Natioun, Wuesstem
Nächsten Artikel Virrechten Artikel