Fairtrade Lëtzebuerg: Fir Transparenz bei Firmen, déi mat Konfliktmineralie schaffen
Wéi Fairtrade Lëtzebuerg matdeelt solle verschidde Memberstaaten d’EU-Reglementatioun zur responsabeler
Wéi Fairtrade Lëtzebuerg matdeelt solle verschidde Memberstaaten d’EU-Reglementatioun zur responsabeler
D’Kaizen Parkour Academy (KPA) luet an, fir eng spannend Erausfuerderung
Well net nëmmen an der Stad Leit gëtt, déi et vir ee „Kavaléiersdelikt“ halen sech op engem Trottoir, an enger Garagenafaart oder enger Behënnerteparkplaz ze parken, huet den 3. an4 . Dezember eng gréisser „Campagne“ ginn, fir dëse Chaufferen e klenge Rappell ze verpassen.
Dobäi vergiessen dës „Leit“ ganz oft dat Grondsätzlecht: d‘Sécherheet. Déi vun de Foussgänger a Cycliste gläichermoossen an natierlech och déi vun deenen aneren Automobilisten. Bei den 280 Kontrollen, déi am ganze Land stattfonnt hunn, hunn d‘Pecherten an d‘Zankerten enge 500 helle Käpp esou mëttels „Verwarnung“ ze verstoe ginn, datt et esou net geet. Op et eppes déngt?
Laut dem Bilan dee vun der Police virgeluecht ginn ass, sinn 190 Gefierer protokolléiert ginn, well se um Trottoir geparkt hunn; eng 100 haten hiert Gefier an engem „Parke verbueden“ Beräich ofgestallt; a 24 Fäll hunn Autoen op de fir Livraisoune reservéierte Parkplaze stoe gelooss; 16 mol ass eng Behënnerteparkplaz onrechtméisseg beluecht ginn; 9 mol huet en Auto op engem Busarrêt gestanen a 7 mol gouf eng Garagenafaart (an zwar ëmmer déi selwecht) zougesat.
Op et elo eppes „notzt“, dat kann d‘Police och net beäntwerten. „Et geet der ëmmer – an et wäert se och weiderhi ginn – déi et net léieren. An et gëtt déi, wou bereet sinn de Präis ze bezuelen“, esou e Polizist deen net wollt genannt ginn. Hire gréisste Problem haut: déi „Schäissegal-Mentalitéit“ vun esou munche Matbierger. „Mat gudde Wierder kënnt ee bei deenen net un“, erkläert de Mann an Uniform, an esou ginn dann zwar Protokoller geschriwwen, de Problem selwer awer net geléist.
An dësem Sënn kann een dann och nëmmen en Appell un d‘Leit riichten, sech verantwortlech ze behuelen an d‘Reegelen ze respektéieren. Déi hunn nämlech net zum Zweck, wéi dat jo gären an de sozialen Netzwierker verkläert gëtt, den Automobilisten op Nerven ze goen an d‘Staatskeess ze fëllen. Et geet tatsächlech ëm genee déi Sécherheet déi jo och vun de Bierger agefuerdert gëtt.
Foto: hevoli / Pixabay