Search

You may also like

Réiden/Attert: Illegal Entsuergung vu Schofsiwwerreschter
International Neiegkeeten

Réiden/Attert: Illegal Entsuergung vu Schofsiwwerreschter

Wéi d’Gemeng Réiden/Attert op de soziale Medie matgedeelt huet, sinn

Fräi Tribün: Wat bedeit „Gendersensibel“?
International Neiegkeeten

Fräi Tribün: Wat bedeit „Gendersensibel“?

Et ass rezent vill Rieds gaange vun enger zukünfteger, méi

déi Lénk zur Gratuitéit vum ëffentlechen Transport
International Neiegkeeten

déi Lénk zur Gratuitéit vum ëffentlechen Transport

Um 1. Mäerz 2020 gëtt de gesamten ëffentlechen Transport zu

Dem Sultan geet de Goss aus…

Tierkesche President Recep Tayyip Erdogan duerch Wirtschaftslag zu Reforme gezwongen

Dem Sultan geet de Goss aus…

D‘Bedeelegung u ville Konflikter, de Finanzement vun zweiwelhafte Milizen, d‘Covid19-Pandemie an de schlechte Beholl mam Wirtschaftspartner EU… Grënn firwat dem Sultan de Goss ausgeet gëtt et der vill. An esou geréit dee Mann, wou Usproch op d‘Leedung an der arabescher Welt stellt, elo zolidd ënner Drock. D‘Inflatioun an der Tierkei läit mëttlerweil am zweestellege Beräich.

Erënnere mir hei kuerz drun, datt dem Sultan säin Eedem, de Finanzminister Berat Albayrak rezent säi Job geschmass huet. Dat matten am Verfall vun der tierkescher Lira. D‘Wärungsreserve ginn och op en Enn, wat déi landesintern Kris nach eppes Weider undreift. Dat zwéngt de Recep Tayyip Erdogan zum handelen, an deen huet elo zu Ankara eng nei Wuesstemsstrategie ausgeruff.

D‘Tierkei soll sech méi wäit fir auslännesch Investoren opmaachen… Kléngt vernënfteg, wann et do net gréisser diplomatesch Verwerfunge mat de Partner (NATO, EU, asw.) géif ginn an een och soss net ka sécher sinn, wéi sech d‘Lag an der Ägäis an dem orientalesche Mëttelmier entwéckelt. Dat eleiten ass net dem tierkesche President säin éischte Versuch sech aus der Bredouille ze zéien.

Reform vu Justiz an Demokratie

Nieft der Wirtschaft well de Recep Tayyip Erdogan d‘Beräicher Justiz an Demokratie reforméieren. Wéi dat gelénge soll ass net wierklech ersiichtlech. De Sultan huet keen Demokratieverständnis, ass erwisenermoossen en Autokrat, d‘AKP bekämpft d‘Minoritéiten am Land a hie well de Frae keng Rechter zougestoen. D‘Tierkei ass zanter laangem weder eng Demokratie nach ee Rechtsstaat.

Datt et zu Wirtschaftsreforme komme soll, ass net wierklech ee fräiwëllege Schratt. Mee d‘Lag ass elo deraart a Schiflag geroden, datt et keng Alternative méi huet. Wéinst dem Recep Tayyip Erdogan seng schlechte Manéieren, huet d‘Tierkei an de leschte Jore ronn 120 Milliarden Euro verluer, déi Investisseuren nees ofgezunn hunn. De Chômage geet och nees duerch de Plaffong.

Um haitegen Donneschdeg soll et eng grouss Entrevue an der Zentralbank ginn. Si wäert dem President verständlech maache mussen, datt de Leetzëns muss ugehuewe ginn. Eng vun de roude Linnen déi den tierkesche President esou ni wollt iwwerschreiden. Sech awer nach emol entgéint stellen dierft onméiglech sinn. Zudeem brauch et jo och Signaler wann ee Leit ulackele wëll.

Politik muss berechenbar sinn

Investisseuren unzéie fir d‘Wirtschaft nees un d‘Lafen ze kréien ass per se eng gutt Approche, déi awer verlaange vun der Politik an der Justiz berechenbar ze sinn. De Chaos aus de leschte Jore muss der Vernonft weechen, wat mam Sultan net einfach dierft ginn. Net ze vergiessen, datt et de Recep Tayyip Erdogan héchstperséinlech d‘Leit op déi entscheedend Poste gesat huet. Dat stéiert eppes…

Esou wier et beispillsweis sënnvoll an e gutt Signal, wann den tierkesche President der Zentralbank hir Onofhängegkeet géif zeréckginn. Eng vun de wichtege Viraussetzungen, fir d‘Vertraue vun den Investoren ze gewannen. Dat wäert awer net geschéien. Zum engen huet de Sultan net wëlles op seng Muecht ze verzichten, zum aneren huet hie ganz eege Virstellunge wat de Leetzëns ugeet.

Mee et misst sech eppes doen, wann hien net riskéiere wëll am Land „Widderstand“ opzebauen a säin Dram vum groussen osmanesche Räich selwer zum platze bréngt. Ouni de wirtschaftlechen Afloss kann den tierkesche President sech och vu sengem Usproch als Leader vun der arabescher verabschiden. Wien sech ugräifbar mécht, sollt sech net wonnere Géigestand vu Karikaturen ze sinn.

mat indymedia/tlv

Illustratioun: Kee Sou wäert… déi tierkesch Lira eegent sech leider net emol als Toilettëpabeier, an et misst ee schonn zimmlech droleg Absichten hunn, wann een elo géif Investitiounen an der Tierkei ustriewen. © Omid Armin / unsplash

Related topics Ankara, Investitiounen, Recep Tayyip Erdogan, Sultan, Tierkei, tierkesch Lira, Wirtschaftskris
Next post Previous post