Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Tacheles: Schlofe géint de Stau
International Neiegkeeten Stories

Tacheles: Schlofe géint de Stau

D‘Iwwerschrëft vun dësem Text kléngt e bësse komesch. Wéi soll

Mamma, ech kann net schlofen …
International Neiegkeeten Stories

Mamma, ech kann net schlofen …

Och wann eis Kanner de Confinement besser ewech stiechen ewéi

De Lëtzebuerger Automobil-Sportler 2018 steet fest!
International Neiegkeeten Stories

De Lëtzebuerger Automobil-Sportler 2018 steet fest!

Gëschter Owend war am Casino 2000 zu Mondorf-les-Bains nees eng

Dem Sultan säi Krich (Analys)

Zerplatzt den Dram vun engem neien osmanesche Räich a Syrien?

Dem Sultan säi Krich (Analys)

Den tierkesche President huet sécherlech eng zolidd mat der Dänn, wann et him wierklech sollt an de Kapp komm sinn, aus der haideger Tierkei nees ee grousst osmanescht Räich ze maachen. Seng „Avance“ un dat wat a Libyen als Regierung verkläert gëtt, wéi säin „éiwege“ krich géint de Boss vun Damaskus an och seng Uspréch op d‘Gas- an Pëtrolsreserven am Mëttelmier, sinn en Zeechen.

Allerdéngs verleeft d‘Geschicht seelen esou wéi ee sech dat ausgemoolt huet, well een u sech jo och a senger eegener Story nëmmen een Acteur vu villen ass, an Interaktiounen of eng eegen Dynamik entwéckelen op déi ee wéineg Afloss huet. A genee dat ass et wat dem Sultan vun Ankara derzäit zu Idlib, der nordsyrescher Provënz, blitt. Damaskus ass grad derbäi nees d‘Kontroll ze iwwerhuelen.

SultanEsou ass d‘Tierkei vum Recep Tayyip Erdogan dann och alles anescht wéi een „neutrale“ Noper vu Syrien. Ankara definéiert sech als „Beschützer“ vun de Rebellen – also zumindest den arabesche Sunnitten ënnert hinnen – an huet dës, zesumme mat den IS-Kämpfer, mat allem versuergt wat et brauch, fir ee Konflikt oprecht ze erhalen. Zudeem lenkt et vun den Aktioune géint d‘Kurden of.

D‘Russe stäipen Damaskus

Zanter Méint awer ass awer de Bashar al-Assad, dee massiv vu Moskau (an deels och dem Iran) um beschte Wee och déi lescht Rebellenhéichbuerg nees ënnert seng Kontroll ze kréien. E Fait deen de Sultan gäre verhënnere géif, wat derzou gefouert huet, datt et en Donneschdeg zur direkter Kontakt mat de syresche Regierungstruppe komm ass. Et gouf dann och eng fatal Vergeltung ageleet.

Hei dierf nach drop higewise ginn, datt et dee gréisste „Verloscht“ fir déi tierkesch Arméi ass, säit si Syrien iwwerfall hunn. Fakt ass och, datt de Sultan, wei hie seng Truppen an der nordsyrescher Provënz massiv verstäerkt huet, sech huet misse bewosst sinn, datt et zu Zesummestéiss géif kommen. Et ass awer de President Recep Tayyip Erdogan deen elo vun Eskalatioun schwätzt…

SultanVun Ankara aus verlaangt hie vun der syrescher Arméi sech nees ze berouegen. Nodeems hien déi Situatioun erbäigefouert huet ze verlaangen, datt nees den Zoustand vun der Wafferou esou wéi am Hiecht 2018 zu Sotschi soll erbäigefouert ginn, ass schonn eppes gewot. Zudeem hunn d‘Russen net wëlles hiert Partenariat mat Damaskus opzeginn, wat kloer geostrategesch Ursaachen huet.

D‘Karavan billt an d‘Hënn zéie weider

An dem Sultan kann och net entgaange sinn, datt de Baschar al-Assad eppes aner Pläng huet. Deen huet jiddefalls iwwerdäitlech der Welt ze verstoe ginn, datt hien all Quadratmeter vu Syrien nees ënnert seng Kontroll bréngen an d‘Souveränitéit vu sengem Regime nees hierstelle wäert. Dofir ass Damaskus bereet all Präis ze bezuelen, firwat déi zu Sotchi getraffen Ofmaachung net ze hale war.

Mee net nëmmen Damaskus huet d‘Ofkommes zur Wafferou gebrach. Och d‘Tierken hunn sech ni un hiren Deel vum Accord gehalen. E Fait deen de Russen net emol de Virworf wäert war, mee de Vladimir Putin ermontert huet, dem Baschar al-Assad gréng Luucht fir eng erneit a méiglecherweis decisiv Offensiv op d‘Rebellenhéichbuerg ze ginn. Dat wollt de Sultan onbedéngt verhënneren…

Sultan

Dann awer hätt hie sech missen un d‘Ofkommes halen an déi „Radikal Kräften ënnert de Rebellen“ eliminéieren. Gemengt sinn domatter d‘Dschihadiste vun „Hayat Tahrir al-Cham“ (al-Quaida) déi hätten aus der „Pufferzon“ missen ofgezu ginn. Zudeem hätt laut dem Accord d‘Autobunn tëscht Damaskus an Aleppo fir de Verkéier duerch Idlib misse geséchert ginn. Esouwäit koum et net méi.

D‘Front a Richtung Norde verréckelt

Wa sech keen un den Accord hält gëtt et logescherweis och keng Reegelen. Esou hu Moskau an Teheran dann och keng Gewëssensbëss gehat, dem Bashar al-Assad ze erlaben an erméiglechen, d‘Front eppes méi a Richtung Norden ze verréckelen. Gutt d‘Hallschent vun der Provënz Idlib hunn sech déi syresch Regierungstruppen nees zréckgeholl. Dat bedrängt déi tierkesch Zaldoten…

Am Kontext vun der syrescher Offensiv, sinn eng Rei „Observatiounsposten“, déi se Sultan an der Pufferzon opgestallt hat, isoléiert ginn. Déi fortschreidend Offensiv huet awer och nees eng immens humanitär Kris ausgeléist. Bis zu enger Millioun Mënsche sinn un déi tierkesch Grenz geflücht, datt ënner wanterlechen an miserabelste Konditiounen. D‘Grenz awer, déi bleift zou, esou Ankara.

SultanIdlib war déi lescht Zouflucht fir Rebellen, Dschihadisten, Islamisten a Mäerder, déi de Kampf net wollten opginn. Dank der tierkescher Ënnerstëtzung konnten si sech dann och iwwer eng länger Zäit halen, mee elo huet sech d‘Situatioun zu hiren Ongonschte verännert an eng zweet Idlib gëtt et net. Fir de Sultan gëtt et dann och wéineg Optiounen, an eigentlech ass keng wierklech gutt.

Kann d‘NATO agräifen?

Eng vun de Méiglechkeeten déi dem Recep Tayyip Erdogan gi sinn, ass de Konflikt op onbestëmmt Zäit anzefréieren. Dat hätt de Virdeel, datt d‘Kämpf ofhuelen a Mënscheliewe verschount ginn, mee setzt viraus, datt sech déi international Gemeinschaft hannert de Sultan stellt. Als NATO-Partner huet de Sultan d‘Bündnis opgefuerdert him zu Hëllef ze kommen an aktiv an de Kampf anzegräifen.

A well een net einfach zu Bréissel beim Jens Stoltenberg uruffe ka fir dësem Kampftruppen aus de Rëppen ze leieren, léisst een der europäescher Unioun matdeelen, datt een eng „Sitautioun“ huet an net méi an der Lag ass, d‘Flüchtlingen an der Tierkei (déi ee selwer mëttels Offensiv produzéiert huet) zréckzehalen. Woubäi Ankara schonn am Januar ee Broch vum Flüchtlingspakt beklot hat.

SultanDatt sech elo d‘NATO – déi ouni Zoustëmmung vum Donald Trump garantéiert näischt mécht – soll an de syresche Biergerkrich amëschen, dat kann een eigentlech ausschléissen. Och wann d‘Tierken der esou richteg laanscht Backe kréien, wat jo am Kontext vun der syrescher Offensiv geschitt ass, esou ännert dat näischt um Fakt, datt d‘Tierkei eng Invasioun orchestréiert huet, net ëmgedréint…

Foto: © Klajv Balliu

Ähnlech Sujeten Biergerkrich, Flüchtlingen, Idlib, NATO, Offensiv, Recep Tayyip Erdogan, Syrien, Tierkei
Nächsten Artikel Virrechten Artikel