Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – den Dag un dem d’Musek gestuerwen ass
International Neiegkeeten

What the Fakt – den Dag un dem d’Musek gestuerwen ass

Um 3. Februar fält an den USA ee Fliger erof.

Geféierlech Stroossen
International Neiegkeeten

Geféierlech Stroossen

Et ass e battere Bilan, deen d‘Police ze verkënnegen hat:

Mercosur-Ofkommes scheitert un Éisträich
International Neiegkeeten

Mercosur-Ofkommes scheitert un Éisträich

Et gëtt méi europäesch Politiker déi den Ament kee gutt

Dem Sultan seng Ambitiounen

Den tierkesche President wëll esou séier wéi méiglech Truppen a Libyen stationéieren

Dem Sultan seng Ambitiounen

Fir den tierkesche Sultan Recep Tayyip Erdogan ass et essentiell, datt d‘Parlament zu Ankara haut dem Asaz vun Zaldoten am biergerkrichgeplote Libyen zoustëmmt. En Ofkommes, dat déi militäresch Hëllef encadréiert huet et jo schonn am Dezember ginn, elo soll sech och nach aktiv an d‘Ausenanersetzung tëscht de verfeinte Lager agemëscht ginn.

De Länner, déi de Generol Chalifa Haftar ënnerstëtzen – dozou gehéiere Saudiarabien, d‘Emirater (UAE), Egypten a Russland – huet den tierkesche President eng däitlech „Message“ zoukomme gelooss: „Dir ënnerstëtzt alleguerten ee Krichsbaron. D‘Tierkei awer hëlt eng Aluedung vun der legitimmer Regierung vum Land un, doranner ënnerscheede mir eis vun allen aneren“.

Zu New York bei de Vereenten Natiounen (UN) bleift een an dësem Kontext der Regierung vun Tripolis verbonnen, mee iwwert den tierkesche Virstouss ass een éischter net begeeschtert. Mam Antrëtt an de Konflikt, géif d‘Tierkei de Konflikt „internationaliséieren“. Dozou mengt de fréieren tierkesche Generol Ahmet Yavuz:

“Datt d‘Tierkei a Libyen Partei ergräift, verbiergt natierlech Risiken. Mee wien ass dann net a Libyen, alleguerte sinn se a Libyen”

An dem Sultan säi Generol trëfft déi richteg Argumenter: „Wien huet d‘Situatioun verursaacht? Dat waren d‘NATO-Länner mat un der Spëtzt Frankräich. Och d‘Tierkei huet matgemaach, wéi et drëms gaangen ass de Muammar al-Gaddafi ze stierzen. Wann sech elo nëmmen d‘Tierkei a Libyen géif engagéieren, hätt et wuel e Problem. Mee de Stellvertriederkrich ass längst ee Fakt“.

Fir allerdéngs komplett ze sinn, dierf op dëser Plaz drop higewise ginn, datt et dem Sultan per se egal ass, mat wiem hien zu Tripolis verhandele muss, esou laang wéi d‘Regierung him versprécht wat hie verlaangt. En Ofkommes zu de maritime Grenze gëtt et schonn. Sënn an Zweck dovunner? Der Tierkei den Zougrëff op d‘Gasreserven am Mëttelmier erméiglechen.

An esou ass och d‘EU bedeelegt

An Europa trëfft d‘Engagement vun der Tierkei, net op Begeeschterung. Mee Bréissel huet jo awer d‘Regierung vun Tripolis unerkannt. Dofir sinn d‘Griiche sauer: „D‘Tierkei verhält sech aggressiv. No den illegalen Aktioune virun Zypern, geet et an anere Regioune virun, an dat mat ongültegen Dokument dat als Accord duergestallt gëtt“, esou de Regierungschef Kyriakos Mitsotakis.

Hannergrond ass hei de Sträit tëscht Ankara mat Athen a Bréissel. Ankara behaapt sech drop, datt d‘Äerdgasvirkommen am Mëttelmier virun Zypern, den Tierke gehéiert. Zudeem sollt et haut och nach zu engem Ofkommes tëscht Griicheland, Zypern an Israel kommen, dat fir de Bau vun enger Gaspipeline. Onbestätegt ass, datt Washington dës Gaspipeline scho soll geneemegt hunn.

Den Ahmet Yavuz dozou: „Griicheland a Südzypern vertrauen drop, datt si d‘EU am Réck hunn an ënnerhuelen déi falsch Schrëtt am Mëttelmier. Griicheland gëtt sech net mat den Uspréch an der Ägäis zefridden, mee wëll sech och all aner Méiglechkeeten déi d‘Mëttelmier bitt ënnert den No rappen. Mee esou geet et!“. Wéi sech d‘Tierkei hei zur Wier setze wëll, dat ass elo och gewosst.

Sécherheets- a Wirtschaftsintressen

Datt sech d‘Tierkei beim Gaspipeline-Projet ausgeschloss fillt an dofir alles an d‘Wee ze leede versicht de Projet ze torpedéieren, dat huet de Sultan a senger Neijoerschdagsried zimmlech däitlech zum Ausdrock bruecht:

“All Projeten déi d‘Zil haten d‘Tierkei net am Mëttelmier anzebannen, mee auszegrenzen, sinn duerch eis jéngst Schrëtt zerschloe ginn. Duerch déi geplangten Ënnerstëtzung vun der legitimmer libescher Regierung zu Tripolis, wäerte mir erreechen, datt d‘Accorde mat all hire Komponenten ëmgesat ginn”

Och den tierkesch Verdeedegungsminister Hulusi Akar mellt sech zu Wuert. Et géif an éischter Linn och net drëms bei de Gasreserven am Mëttelmier Fakten ze schafen, mee eendeiteg ëm Sécherheet a militäresch Zesummenaarbecht. „Fir d‘Rechter an d‘Interesse vun eiser Natioun ze verdeedegen, si mir bereet duerch eis Schlaagkraaft an Ofschreckungsverméigen all Missioun ze erfëllen“.

Elo gëtt dann natierlech och Stëmmen, déi dem Sultan undichten, hie wéilt ee grousst osmanescht Räich schafen. Datt de Recep Tayyip Erdogan méiglecherweis dovunner dreemt, ass net ofzestreiden, woubäi tëscht der Tierkei a Libyen och nach Syrien geleeën ass. An d‘Russe stinn net eleng hannert dem Chalifa Haftar, mee och ganz besonnesch hannert dem Baschar al-Assad…

mat indymedia/tlv/nyc

Illustratioun: skeeze / Pixabay

Ähnlech Sujeten Äerdgas, Agäis, Ankara, Chalifa Haftar, EU, Fayez al-Sarraj, Griicheland, Libyen, Petrol, Russland, Saudiarabien, Tierkei, Tripolis, USA, Wagner Grupp, Zypern
Nächsten Artikel Virrechten Artikel