Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De schwaache Versuch zum Glyphosat e Kompromëss ze fannen
https://moien.lu/dating-coach-courses/ https://moien.lu/radiometric-dating-archaeology-definition/

online dating first date etiquette

Et ass vun der EU-Kommissioun alles dru gesat ginn, d’Notzung

free christian dating sites in south africa
https://moien.lu/dating-coach-courses/ https://moien.lu/radiometric-dating-archaeology-definition/

Wéi gutt kenns du d’Uelzecht?

Och d’Uelzecht ass ee vun de wichtegste Flëss am Land.

dislikegeek
Frankräich: Google kritt eng Amende vu 50 Milliounen
https://moien.lu/dating-coach-courses/ https://moien.lu/radiometric-dating-archaeology-definition/

Frankräich: Google kritt eng Amende vu 50 Milliounen

D‘CNIL (Commission Nationale de l‘Informatique et des Libertés) werft dem

Dem Trump säi Krichsgeflüster ass net méi ze iwwerhéieren

No Rakéiten op Bagdad an Gejäiz a Saudiarabien, wëllen d‘USA d‘Ajatollahen platt maachen…

Dem Trump säi Krichsgeflüster ass net méi ze iwwerhéieren

D‘Lag am noen Oste fänkt nees un oniwwersiichtlech ze ginn, et gëtt Informatiounen zu näischt an allem, mee näischt dat bestätege kéint, datt den Iran Rakéite géint Bagdad agesat hätt. E Sonndeg war eng Katyusha-Rakéit an der staark gesécherter „grénger Zon“ vun der irakescher Haaptstad ageschloen.

Bei dësem Tëschefall ass kengem Mënsch e Leed geschitt an awer weisen d‘USA ouni en Ament ze zécke mam Fanger op den Iran. Esou huet den US-President nëmme wéineg Stonnen nom Ugrëff Teheran gewarnt: „Wann den Iran kämpfe wëll, dann ass et dat offiziellt Enn vum Land. Bedreet d‘USA ni méi!“, esou den Donald Trump via Twitter. An natierlech maachen déi Alliéiert mat…

Et ass geséchert, datt Washington och mat Ryad „telefonéiert“ huet, wat erkläert datt d‘Kinnekräich och den Äerzfeind virun enger Eskalatioun gewarnt hunn. Hir Rhetorik ass net besser wéi déi vum US-Milliardär: „D‘Kinnekräich Saudiarabien wëll kee Krich an der Regioun, an fuerdert dat och net eraus. Wann awer déi aner Säit de Krich wielt, wäert d‘Kinnekräich deem entschloss begéinen.

Méi komplex wéi een unhuele sollt

Den Dissens tëscht dem Iran an den USA ka sech net mat Waffegewalt léise loossen, an e weidere Konflikt an der Regioun dierf sech d‘Welt net leeschten. Wann et elo richteg ass, datt den Iran net wierklech de „Friddensstëfter“ am noen Osten ass, esou ass et net manner richteg, datt Saudiarabien aus angeblech reliéise Grënn (Sunnitte versus Schiiten) Washington hëllefen de Regime ze stierzen.

Krichsgeflüster

Zanter Woche verleeën d‘USA Truppen (Fligerträger, mat Marschfluchkierper ausstafféiert Schëffer an natierlech déi verschidde Waffegattunge vun de Buedemeenheeten, an d‘Géigend. Unzeeche fir e Konflikt? Net onbedéngt, well laut den Entwécklunge vun de leschte Wochen, schéngt et dem US-President drëms ze goen, Teheran un de Verhandlungs ze zwéngen. Dat ass zimlech ausgeschloss…

Erënnere mir also an dësem Kontext nees drun, datt et den Donald Trump war, deen eesäiteg an ouni wierklech gutt Argumenter ze hunn, d‘Atomofkommes mam Iran gekënnegt an d‘Kredibilitéit vun den USA staark beschiedegt huet. D‘Intentioun hannert dëser Entscheedung: d‘Allianz mat de Saudie stäerken an d‘US-Interessen – Zougrëff op de Pëtrol & Waffenhandel – verdeedegen.

Wéi geet et elo weider?

Ugesiichts der verännerter US-Aussepolitik an engem diplomatesche Geschéck op Crèche-Niveau, kann een et den iranesche Leader net verdenken, datt si keng Loscht hunn sech mam US-President a senge „Beroder“ ze ënnerhalen. Ëmmerhi gëllt als erwisen, an de President vun der internationaler Agence fir Atomenergie (IAEA) hat et 2017 bestätegt, den Iran huet sech un d‘Ofkommes gehalen.

Elo um Joresdag vun der Vertragsannuléierung huet Teheran – trotz allen europäesche Beméiungen – sech och „partiell“ aus dem Ofkommes zréckgezunn. De Konflikt am Jemen, dee mëttlerweil och e Beweis fir d‘Versoe vun de Vereenten Natiounen ass, an wou sech Saudiarabien an den Iran e Stellvertriederkrich geleescht hunn deen den USA e Milliardendeal abruecht huet, net ze vergiessen.

Krichsgeflüster

D‘Situatioun haut: d‘Regioun huet en Niveau vun der Eskalatioun erreecht, bei deem schonn de geréngste Feeltrëtt d‘Welt a säin drëtten – méiglecherweis leschten – globale Konflikt antriede kéint. Nieft den USA hunn nämlech och d‘Europäer Interessen an déi sëtze via NATO mat den Amerikaner an engem Boot. Op där aner Säit ass Russland… an d‘Chinese spillen och eng Roll.

Déi europäesch Signataire vum Atomofkommes mam Iran géife gären um Accord festhalen, sinn awer wéinst méiglechen a reellen US-Sanktiounen net méi fräi an hirer Beweegung. Méi wéi däitlech huet den Donald Trump senge „Partner“ ze verstoe ginn, datt d‘Bäibehale vu Bezéiungen, zumindest kommerziell, vun den USA net kënnen an net wäerten toleréiert ginn.

Et gëtt net dat eegent Blutt vergoss

Zu Washington notéieren dem Trump seng Géigner: „dat ganzt soll nëmme vun interne Problemer oflenken“. Et ass wouer, datt et net den éischte Konflikt wier, dee vun engem US-President ausgeet, fir en zweet Mandat ze erhalen. Net ze vergiessen, datt een e Krich géint den Iran laangfristeg net gewanne kann an den Trump sech verflicht hat, seng Truppen aus der Regioun zréckzehuelen…

Hien ass iwwerzeegt, datt mat „maximalem Drock“ d‘Ajatollahen an d‘Knéie ginn an am Donald Trump hiren neie Messias erkenne wäerten. Gutt mat Nordkorea hat et en Ament laang ausgesinn, wéi wann dës Method Ziilféierend kéint sinn. Mee de „béise Jong vu Pyongyang“ huet eis rezent bewisen, datt deem net esou ass. Och an der Kausa „Venezuela“ kënnt den Trump net richteg virun.

Dem Donald Trump säi Problem: bei aller Provokatioun an dem Wonsch iwwerall dee Regime ze installéieren deen engem gefälleg ass, et dierf kengem Amerikaner e Leed geschéien an all Zaldot ass en Held. Hie misst also Partner fannen, déi de physesche Kampf um Terrain iwwerhuelen, an dobäi vun der Marine an der Loftwaff ënnerstëtzt ginn. Dat hinzekréien ass den Job vun de Saudien.

mat indymedia/was/mow

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Iran, Krichsgeflüster, Rakéiten, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel