Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vandalismus an der Réidener Schwämm: D’Plainte ass gemaach!
International Neiegkeeten

https://moien.lu/g-dragon-dating-rumors-2016/

Um 29. Juli huet d’Réidener Schwämm matgedeelt, datt zwee jonk

dating harrow
International Neiegkeeten

Tacheles: Gutt informéiert Wielen!

An erëm ass et esouwäit: all 5 Joer gi mir

OPCW bestätegt britesche Verdacht am Fall Skripal
International Neiegkeeten

OPCW bestätegt britesche Verdacht am Fall Skripal

D‘Briten haten d‘Organisatioun fir de Verbuet vu chemesche Waffen (OPCW)

Dem Trump seng Aussepolitik (eng Erklärung)

Diplomatie tëscht „Maximalen Drock“ an „America First“

Dem Trump seng Aussepolitik (eng Erklärung)

Fir de Locataire am Wäissen Haus, leeft et aussepolitesch den Ament net ronn. Säin diplomatesche Versuch de klengen Nordkoreaner ze zëssen ass net vum Erfolleg gekréint ginn. De Wonsch am Venezuela „seng Marionett“ un d‘Muecht ze bréngen an d‘Uelegquellen nees ënnert d‘Kontroll vun US-Entreprisen ze stellen, geet och net an Erfëllung. Mat den Ajatollahe gesäit et net besser aus.

Trotzdeem kann de Klatzkapp mam Charisma vun engem Gebietsstull innepolitesch Punkten. Bei all senge Meetinge bestreit den Donald Trump d‘Fakten, verweist ëmmer nees op seng gehale Verspriechen: 1) Fräihandelsofkommes TTIP – Ersatzlos gestrach! 2) Klimaaccord vu Paräis – Zerrappt! 3) Atomofkommes mam Iran – Zerrappt! A seng Unhänger këssen him dofir d‘Féiss…

Aussepolitik

Elo hunn sech eng Rei schlau Käpp zu Wuert gemellt a stelle fest, datt hire President derbäi ass der Diplomatie e ganz neie Stellewäert ze ginn. Esou mengt beispillsweis de fréier Beroder vum Barack Obama, de Politik-Professer Charles A. Kupchan, datt dem Milliardär seng Virstellung „Ech schloe mat der Fauscht op den Dësch an alles héiert op mäi Kommando“ net Realitéit ka ginn.

Interessant och, datt de Richard Haass, e vum George W. Bush senge Beroder deem Humanismus éischter Friem ass, wéineg fir de Milliardär iwwreg huet. Dem President vum „Council on Foreign Relations“ (CFR) ass dem Donald Trump seng Aart a Weis net geheier. Den US-President wier „onberechenbar“ an en eenzege „Widdersproch“ u sech. Seng Provokatiounen onerdréiglech.

No wat gesäit et aus a wou féiert et hin?

Et kann ee sech dréie a kéiere wéi ee wëll, ze versiche beim Donald Trump eng Strategie, wa méiglech och nach eng laangfristeg, ze erkennen, dorunner scheiteren och ganz verständnesvoll Experten a Analysten. Hien hat Nordkorea mat „Vernichtung“ gedreet, widderhëlt seng Rhetorik géintiwwer den Ajatollahen, a wëll mat aller Gewalt de President vum Venezuela entmuechten.

Via Twitter dreet hie senge Géigner mat „Feier a Leed“ a gläichzäiteg erzielt hie senge „Partner“ an Alliéierten, datt hie kee Krich wëll. Gutt de Mann ass net ganz gescheit, zumindest net gemooss un humane Grondviraussetzungen, mee weess wat hie wëll. Et ass keen Zoufall, datt hien sech den John Bolton als nationale Sécherheetsberoder ugelaacht huet. An deen ass eng ganz reell Gefor.

Aussepolitik

Fir de Bolton, en ale Mann ouni Zukunft, ass Krich ëmmer eng gutt Alternativ. Déi meescht gi wäit vun des USA ewech ausgedroen, an et loossen sech ëmmer genuch Dommer fannen, déi dësen och stellvertriedend fir d‘US-Politik ausdroen. Zudeem ass et eng wirtschaftlech Opportunitéit fir de ganzen US-Militärkomplex, wat een um Beispill vum Waffendeal mat Saudiarabien beziffere kann.

Et gëtt dann och zum jëtzegen Zäitpunkt nëmmen nach „seng Bridder am Geescht“ déi him d‘Féiss këssen an sech Virdeeler vun der trumpscher suizidaler Politik erhoffen. Wien nach ee Fonken Ethik huet, géif am léifsten op den US-President verzichten, mee egal op esou e mächtege Mann total eng mat der Dänn huet oder brandgeféierlech fir de Weltfridden ass, den Dialog muss erhale bleiwen.

Ähnlech Sujeten Aussepolitik, Donald Trump, Iran, Nordkorea, Venezuela
Nächsten Artikel Virrechten Artikel