Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Muss d‘EU op Distanz zur Tierkei goen?
internet dating services Neiegkeeten dating booking ticket

how to answer questions on dating sites

De Mustafa Kemal Atatürk huet 1923 mat der Ofschafung vum

fear dating reddit
internet dating services Neiegkeeten dating booking ticket

Shutdown: Kritt den Donald keng Mauer, kréien seng Leit keng Pai

Tëscht dem Trump senge Republikaner an den Demokrate ramouert deraart

money
Agence-Stierwe bei der BCEE
internet dating services Neiegkeeten dating booking ticket

Agence-Stierwe bei der BCEE

Wéi e Freideg d‘Spuerkeess (BCEE) géintiwwer de Medie bestätegt huet,

Dem US-President säi schwaarze Freideg

Eng Unhéierung, en deplacéierten Tweet an um Owend eng mat der flaacher Hand an d‘Genéck

Dem US-President säi schwaarze Freideg

Groussen „Halli-Galli“ am US-Kongress um Freideg: Zu Washington, während der Unhéierung vun der fréier US-Ambassadrice an der Ukrain, hat den Donald Trump seng Emotiounen al nees net am Grëff an si via Twitter zolidd ugegraff. Um Owend sollt nach ee weidere brisante Bericht follegen.

En huet et den Ament net liicht, de 45. US-President. Alles a jidderee schéngt sech op seng Persoun ageschoss ze hunn. Dat vun den Demokraten ugestrieften Amtsenthiewungsverfare fänkt u Form ze kréien an d‘Affär tëscht dem Donald Trump an dem ukrainesche President Wolodymyr Selenski ass nach laang net ausgestanen. Dofir huet de Freideg mat engem Iwwerraschungsugrëff ugefaangen.

US-PresidentAn de Reie vun de Republikaner, déi och bei der Unhéierung vun der fréierer Ambassadrice derbäi sinn, war ee sech eigentlech eens, datt een d‘Marie Yovanovitch net perséinlech sollt ugräifen. Si huet e gudde Background a genéisst Parteiiwwergräifend a gudde Ruff als Diplomatin. Den Donald Trump hat si virzäiteg aus der Ukrain ofgezunn. Hie schéngt sech eppes dobäi geduecht ze hunn…

Elo sollt een, wa scho gewosst ass datt et net schéi gëtt an ee sech net am Grëff huet, net zwéngend d‘Unhéierung op de Tëlee kucken, mee verbidde kann een dat dem Milliardär och net. An no enger knapper Stonn sinn dem Donald Trump d‘Nerven – also eigentlech just d‘Fangeren – duerchgaange fir d‘Diplomatin schaarf an zimlech onmanéierlech unzegräifen. An dat war net wierklech gescheit.

Wann der däin Tweet ëm d‘Ouere flitt

Wann een dem „Géigner“ esou eng Virlag bitt, dierf ee sech net wonneren, wann d‘Retourkutsch net laang op sech waarde léisst. Den demokratesche Virsëtzenden Adam Schiff huet dann och matten an der Unhéierung déi Betraffe gefrot: „Wéi eng Wierkung huet esou eng Attack op aner Zeien, déi aussoe wëllen?“. „Dat ass aschüchterend“, esou déi kuerz Äntwert vum Marie Yovanovitch…

Eng gutt Äntwert, déi dem fréiere Procureur an den Demokraten en zolitten Tatbestand geliwwert huet vir d‘Amtsenthiewungsverfaren (Impeachment) ze justifiéieren. Un d‘Adress vun der fréierer Ambassadrice: „Dir sollt wëssen, datt et der hei gëtt, déi d‘Aschüchterung vun Zeie ganz eescht huelen“. Kritik huet dann och aus de Reie vun de Republikaner an esouguer vu Fox News ginn.

US-PresidentJuristen hunn no der Unhéierung confirméiert, datt dem US-President säin Tweet während enger lafender Sëtzung, den Tatbestand vun der Aschüchterung erfëllt. Republikaner hunn den Tweet als „Feeler“ bezeechent. E Feeler mat deem hie sech a gréisser Gefor bruecht huet, mengt de fréiere Virsëtzende vum Geheimdéngschtausschoss, de Republikaner Mike Rogers an deen huet e Rot.

„Mäi Rot un dat Wäisst Haus: gitt dem Trump eppes anescht ze dinn! Hie schéisst sech nëmmen dann net selwer an de Knéi, wann hie säi Gewier noluede muss“, esou de Mike Rogers am Interview op CNN. Dat konnt de Donald Trump esou net op sech sëtze loossen a leet eng drop: „Ech hunn d‘Recht op fräi Meenungsäusserung. Och fir mech gëllt Riedefräiheet“.

Mat oppenen Aen an d‘Verdierwen

Interessant och de Constat, datt sech dem US-President säin Haussender Fox News iwwert dëse „Virgank“ lëschteg gemaach huet. Deen huet vun enger „Victoire no Punkte fir d‘Demokraten“ geschwat. Et kann een awer och ënnersträichen, datt d‘Marie Yovanovitch déi dubiéis Ëmstänn vun der virzäiteger „Ofléisung“ net nëmmen ausféierlech mee och zimlech beandrocken erkläert huet.

Si hätt sech bei korrupten ukrainesche Geschäftsleit onbeléift gemaach, déi dann hirersäits dem trumpschen Affekot Rudy Giuliani belaaschtend Material géint den Joe Biden ugebueden hätten. „Wat mech bis haut fuusst, ass datt dësen Ukrainer gelongen ass, amerikanesch Matstreider ze fannen an et schlussendlech fäerdeg bruecht hunn, eng US-Ambassadrice lass ze ginn“.

US-PresidentAn et sollt net besser ginn. Géint der Owend huet de Milliardär nach eng laanscht d‘Läffele kritt déi och net vu schlechten Elteren ass. An der net-ëffentlecher Sëtzung vum Geheimdéngschtausschoss huet den David Holmes, Mataarbechter vum Ausseministère, bericht wéi hien onfräiwëlleg Zeie vun engem Telefonat tëscht dem US-President an dem EU-Ambassadeur Gordon Sondland ginn ass.

De Milliardär soll deraart haart geschwat hunn, datt säi Gespréichspartner de Smartphone wäit vum Ouer ewech gehalen hätt, firwat alles ze héiere war. Den Donald Trump hätt wësse wëllen ob d‘Ukrain elo d‘Ermëttlungen opgeholl hätt. Den Ambassadeur hätt du bestätegt, datt de Wolodymyr Selenski alles géif an d‘Wee leede fir dem US-President sengem Wonsch ze entspriechen.

E weideren Nol fir de Sarg

Den David Holmes huet an dem Kontext nach drop higewisen, datt de Gordon Sondland no dësem Telefonat gesot hätt, datt d‘Ukrain den Donald Trump „en Dreck interesséiert“. Dee géif sech eleng fir déi Saachen interesséieren déi him e Notze bréngen. A wat him Notzt, dat ass eng Enquête géint den Joe Biden. Hefteg Beschëllegungen, déi, wa se sech sollte bestätegen en Nol fir de Sarg wieren.

US-PresidentElo ass natierlech all Mënsch gespaant op den Gordon Sondland selwer. Dee soll bekanntlech den nächste Mëttwoch an der ëffentlecher an op der Tëlee live iwwerdroener Unhéierung, seng Ausso maachen. Géif hien déi ënner Eed gemaachten Ausso vu sengem Mataarbechter zu Kiew dann och betätegen, géif et den Donald Trump extreemst belaaschten. Da geet et mat engem Tweet net duer.

An de David Holmes soll jo och gehéiert ginn. Et ass dann och net dovunner auszegoen, datt deen seng Ausso revidéiert. Et leeft den Ament gutt fir d‘Demokraten an d‘Amtsenthiewungsverfaren, mee et sollt een och weiderhin net dovunner ausgoen, datt de Milliardär säi Mandat néierleet. Et dierft awer eppes méi komplizéiert ginn, mat dësem Beholl en zweet Mandat zougestanen ze kréien.

mat indymedia/was

Foto: „Ech hunn zwee Deeg un der ëffentlecher Unhéierung gesiess, an ech kann iech soen, dat eloten ass keng Distraktioun déi dat amerikanescht Vollek brauch. Mir hu wichteg Aarbecht ze leeschten (…) et ass Zäit datt sech nees mat der richteger Aarbecht beschäftegt gëtt”. © Jackie Walorski (via Twitter)

Ähnlech Sujeten Amtsenthiewungsverfaren, Demokraten, Donald Trump, Impeachment, Republikaner, Ukrain, US-Senat
Nächsten Artikel Virrechten Artikel