Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Zäitëmstellung: Ass deemnächst Schluss mat Summer- a Wanterzäit?
International Neiegkeeten

Zäitëmstellung: Ass deemnächst Schluss mat Summer- a Wanterzäit?

Wann et dem Jean-Claude Juncker an der EU-Kommissioun nogeet: Jo!

Trump als Mann vu Fridde begréisst
International Neiegkeeten

Trump als Mann vu Fridde begréisst

Et war eng kuerz Visite déi den amerikanesche President an

De Grëff an d‘Toilette: EPP „suspendéiert“ Fidesz
International Neiegkeeten

De Grëff an d‘Toilette: EPP „suspendéiert“ Fidesz

Gëschter war de Gremium vun der europäescher Vollekspartei (EPP) zesummekomm,

Dem US-President säin neit Feindbild: Facebook, Google an Twitter

Dem US-President säin neit Feindbild: Facebook, Google an Twitter

„Si musse gutt oppassen!“: den US-President Donald Trump huet en Dënschdeg aus dem Oval-Office eraus, Facebook, Google an Twitter „gewarnt“. De Milliardär a fréieren Tëleerealitéit-Star wërft dësen Entreprisë vir, net onparteiesch ze sinn. Dat ass interessant…

No engem éischten Tweet um fréie Moien, dee sech géint Google geriicht huet, déi vum President beschëllegt ginn „d‘Resultater vu senger Sichmaschinn zum Nodeel vun de Konservativen ze traffiquéieren“, huet dëst Beispill vun diplomatesche Feigefill den Toun nach emol gehuewen. Esou ergëtt et sech, datt elo och Facebook an Twitter sech dem Virworf erwiere mussen, ze fuddelen.

„Facebook, Google an Twitter fëschen a ganz dréiwe Gewässer, a si musse gutt oppassen“, huet den US-President no enger Entrevue mam FIFA-President, Gianni Infantino, deklaréiert. „Et ass ongerecht fir de gréissten Deel vun der Bevëlkerung“, esou den Donald Trump weider, deen ouni de geréngste Beweis behaapt, et géif dausende Plainten.

„Dat kënnt dir de Leit net undoen, dat kënnt dir net!“ dixit Donald Trump

Wann‘s de dech awer och selwer „googelst“

Google ass iwwert esou eng Ausso net frou, besonnesch wa se vum US-President kënnt. Si erwieren sech dëse „Beschëllegungen“ a stelle fest, datt d‘Sichmaschinn keng „Recherchen“ zu iergendenger politescher Ideologie féiert.

„Eist Zil ass et sécherzestellen, datt d‘Notzer déi eng Recherche op Google maachen, dat pertinentst Resultat banne Sekonnen erhalen“, betount den digitale Ris, an ënnersträicht, datt Joer fir Joer honnerte Verbesserunge bei den Algorithme virgeholl ginn, déi d‘Sich steieren.

Elo muss een, unhand de Beschëllegungen, awer unhuelen, datt den Donald Trump scho fréi mueres eng Google Recherche mat sengem Numm mécht. Seng eegen Ausso léisst dann och keen anere Schluss zou:

„Op Google ‚Aktualitéiten Trump‘ sichen, gëtt nëmme Resultater déi de Gesiichtspunkt an d‘Artikele vun de ‚Fake News Medien‘ uweist. An aner Wierder: et gëtt traffiquéiert. Géint mech, an géint déi aner, fir datt all d‘Artikelen an Informatiounen en negatiivt Bild vu mir weisen“, iergert sech de Locataire aus dem Wäissen Haus an engem Tweet.

Hien ass iwwerzeegt, datt déi republikanesch a konservativ Medien hannergaange ginn. Den US-President freet dann och, op dat esou „legal“ ass?

D‘Limitte vum President senger Muecht

„Google an aner ënnerschloen d‘Stëmme vun de Konservativen, a verstoppen déi positiv Informatiounen. Si kontrolléieren dat wat mir kënnen oder net kënne gesinn. Dat ass eng ganz schlëmm Situatioun, där mir eis elo mussen unhuelen“, esou den US-President op Twitter.

„Mir huelen déi Virwërf eescht“, bestätegt de Larry Kudlow, Wirtschaftsberoder vum Donald Trump, ouni drop anzegoen op a falls jo, wéi „enquêtéiert“ gëtt. Fir den „Center for Democracy & Technology“ muss d‘Fro zur „Parteiergräifung“ mëttels Algorithme gestallt ginn. Hei ass een allerdéngs och iwwerzeegt, dat eng staatlech Reglementéierung eng reell Gefor duerstellt.

„Et ass beonrouegend, datt e Regierungsvertrieder, wien och ëmmer dat ass, versicht, ëffentlech Drock op eng Plattform auszeüben, an Afloss op Informatiounen déi d‘Demokratie betreffen huelen ze wëllen“, esou d‘Presidentin vum „Center for Democracy & Technology“, Nuala O‘Connor.

E Verstouss géint d‘Verfassung

Den Eric Goldman, Direkter vum „High Tech Law Institute“ op der Universitéit vu Santa Clara, stellt fest: „all Versuch vum Donald Trump d‘Resultater vun der Sichmaschinn ze ‚korrigéieren‘ wier e Verstouss géint den 1. Amendement vun der amerikanescher Verfassung, déi d‘Pressefräiheet garantéiert“.

Elo ass „d‘Attack“ géint eng vun de populäerste Sichmaschinnen net wierklech nei. Si passt zu der „grousser Offensiv“ déi den US-President géint d‘Sozialnetzwierk-Risen zanter Méint féiert. Hie beschëllegt all dës Entreprisen „Millioune Mënschen de Mond ze verbidden an esou eng Perfid Form vun der Zensur ze praktizéieren“.

mam Jérôme Cartillier an dem Sebastien Duval

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Facebook, Google, Twitter, US-President, Verfassung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel