Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Juncker: Ons Zukunft ass digital
International Neiegkeeten WTF

Juncker: Ons Zukunft ass digital

Malta huet den „Zepter“ vun der EU-Presidence un Estland weidergereecht.

Wéi gutt kenns du den Zuchreseau?
International Neiegkeeten WTF

Wéi gutt kenns du den Zuchreseau?

Bei all deene Linne kann ee schonn emol den Duerchbléck

Wiessel un der Spëtzt vun ArcelorMittal
International Neiegkeeten WTF

Wiessel un der Spëtzt vun ArcelorMittal

Beim Leader am weltwäite Stolsecteur, ArcelorMittal, huet et e Méindeg

surprise

Dem Donald Trump seng ex-Maîtressen packen aus

Dem Donald Trump seng ex-Maîtressen packen aus

De Niveau vum Donald Trump senge juristeschen Ausenanersetzunge mat verschiddene fréiere Maîtressen, huet sech um Dënschdeg nach emol uerdentlech gehuewen. Mat enger neier Plainte an der Verëffentlechung vum Stormy Daniels sengem Ligendetektor-Test, huet eng „Playmate“ en neit Kapitel opgeschloen.

Um Dënschdeg huet d‘Karen McDougal, e fréiere Modell aus der Erotikzäitschrëft Playboy, um Geriicht zu Los Angeles eng Plainte deposéiert. Si wëll domatter erreechen, datt d‘Verschwiegenheetsklausel, déi si ënnerschriwwen huet, a mat där et him verbueden ass iwwert déi „romantesch Relatioun“ mam Milliardär ze schwätzen, fir ongülteg erkläert gëtt.

Am ganze soll d‘Playmate 150.000 US-Dollar kritt hunn fir de Mond ze halen, wouvunner d‘Hallschent an den Täsche vu sengem Affekot gelant wieren. D‘Karen McDougal ass iwwerzeegt, datt den Affekot an den Donald Trump „sech eens gi sinn“.

Zanter datt iwwert dës „Liaisoun“ an der Presse geschwat gëtt, géif d‘Fra bedrängt an bedreet ginn net mat Journalisten ze schwätzen. Zudeem géifen sech dem US-President seng Affekoten vill Méi ginn, fir Informatiounen ze verbreeden déi d‘Karen McDougal an engem schlechte Liicht weisen. Eng geleefeg Moossnam fir d‘Glafwierdegkeet vun enger Persoun ze zerstéieren.

D‘Muecht vum Geld

Der Playmate hire Fall ass deem vun der „Affär Stormy Daniels“ ähnlech. D‘Pornoduerstellerin Stephanie Clifford behaapt och eng geheim Relatioun mam Milliardär gehat ze hunn (2006/7). Och d‘Stormy Daniels huet eng Plainte deposéiert fir vun der Schweigeflicht entbonnen ze ginn. Säin Affekot seet d‘Klausel wier net gülteg, well den Trump se net perséinlech ënnerschriwwen huet.

Laut engem Artikel am „Vanity Fair“ vum Méindeg, soll de Me. Michael Avenatti dem Affekot vum US-President matgedeelt hunn, datt seng Ausso, mat där hie bestätegt datt d‘Stormy Daniels 130.000 US-Dollar kritt huet, ouni de Grond heifir unzeginn, e Verstouss géint d‘Verschwiegenheetsklausel duerstellt.

Aus Dokumenter, déi de Me. Michael Cohen, Affekot vum Donald Trump, um Geriicht zu Los Angeles hannerluecht huet, geet ervir, datt den US-President sech virbehält, vun der Pornoduerstellerin 20 Milliounen US-Dollar Schuedenersatz ze fuerderen. Dat wéinst Verstéiss géint den „Accord“ deen si haten.

De Michael Avenatti bezeechent dës Aussoen als versichte Menace géint seng Mandantin, an denoncéiert och déi physesch Bedreeung géint d‘Stormy Daniels. Um Dënschdeg huet den Affekot nach eng Schëpp bäigeluecht, an iwwer Twitter eng Foto vu senger Cliente verëffentlecht, wou een d‘Fra gesäit, wéi se um Ligendetektor ugeschloss ass.

E Video deen ze vill oder net genuch erzielt

Verschidde Medien, dorënner de Wall Street Journal, behaapten dann elo awer, datt d‘Stormy Daniels dëse Ligendetektor-Test schonn am Mee 2011 soll gemaach hunn. Dat deemools op Ufro vun der Revue „In Touch“, déi d‘Stormy Daniels am Interview hat.

Mee den Artikel ass eréischt Ufank vun dësem Joer verëffentlecht ginn. Doranner behaapt d‘Stormy Daniels, ongeschützte Verkéier mam President gehat ze hunn. Dat schéngt no Iwwerpréiwung esou gewiescht ze sinn. E Beweis dofir, datt de Milliardär der Pornoduerstellerin en Job an Tëleerealitéitsschow „The Apprentice“ versprach soll hunn, gëtt et esou awer net.

De Wall Street Journal preziséiert och, datt de Me. Michael Avenatti fir dëse Video 25.000 US-Dollar bezuelt huet. Woubäi et wichteg ass ze bemierken, datt den Ligendetektor-Test viru Geriicht net als Beweis zougelooss ass.

An d‘Stormy Daniels huet sech och op Twitter matgedeelt: „technesch betruecht hunn ech virun 12 Joer net mam US-President geschlof. Vu schlofe kann net geschwat ginn (hehe) an hie war just en ausgeflippte Star vun der Tëleerealitéit. (…) Mee et ass awer wichteg, datt d‘Leit wëssen, datt hie gelunn huet a mech bedreet. Hien huet Gesetzer gebrach, fir d‘Affär ze verheemlechen“.

Huet den Trump, oder huet en net?

Interessant ass d‘Strategie vum Donald Trump: dat Wäisst Haus an de Me. Michael Cohen hu widderholl ganz offiziell dementéiert, datt de fréiere Geschäftsmann a Milliardär eng Relatioun mat der Pornoduerstellerin sollt gehat hunn.

An hei steet dann och villes um Spill. Sollt sech erausstellen, datt d‘Stormy Daniels dat Geld vum Milliardär kritt huet, an doriwwer eraus erwise ginn, datt och aner fréier Maîtresse fir de Silenz bezuelt goufen, da kann dat als versichten Aflossnam op d‘Wahle vum November 2016 bewäert ginn. Dat wier dann en däitleche Verstouss géint d‘Wahlgesetz.

En Dënschdeg huet eng Riichterin zu New York d‘Plainte vum Summer Zervos zougelooss. D‘Fra war Kandidatin an der Tëleerealitéitsschow „The Apprentice“. D‘Affekoten haten am Dezember d‘Annulatioun vun der Prozedur gefuerdert. D‘Fra, déi den US-President wéinst Verleumdung usicht, hat am Oktober 2016 behaapt, datt de Milliardär sech 2007 un him wollt vergräifen.

Dat huet den Trump genee esou dementéiert, wéi all d‘Beschëllegungen. Sengerzäit hat säi Wahlteam en Temoignage verëffentlecht, wou de Cousin vum Summer Zervos behaapt huet, hat wéilt sech just op Käschte vum Trump Reklamm maachen. Am Januar 2017 huet d‘Fra dunn hir Plainte wéinst „falsch Ausso a Verleumdung“ agereecht.

mam Veronique Dupont/AFP

Foto:  AFP PHOTO / GETTY IMAGES NORTH AMERICA AND AFP PHOTO / MANDEL NGAN AND Ethan Miller

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Karen McDougal, Maîtressen, Stormy Daniels, US-President
Nächsten Artikel Virrechten Artikel