Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lëtzebuerg erfreet iwwert eng gutt Aarbechtsmaartsituatioun
International Neiegkeeten

Lëtzebuerg erfreet iwwert eng gutt Aarbechtsmaartsituatioun

Zanter elo zwee Joer schéngt et mat der Konjunktur zu

cool
D’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch, erkläert
International Neiegkeeten

D’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch, erkläert

Eis Sprooch soll nohalteg gestäerkt ginn. Esou vill léisst de

Gemengerot Esch/Uelzecht: Eng läscht Sëtzung virun de Wahlen
International Neiegkeeten

Gemengerot Esch/Uelzecht: Eng läscht Sëtzung virun de Wahlen

Trotz engem gutt gefëllten Ordre du Jour, deen eng laang

USA: Iwwerraschend Demissioun vum Nikki Haley

Dem Trump säi beschte Päerd verléisst de Stall

USA: Iwwerraschend Demissioun vum Nikki Haley

Si ass eng ambitiéis Fra déi net bei allen Zoustëmmung fonnt huet, wat och un hirer „Roll“ als UN-Ambassadrice geleeën ass. D‘Nikki Haley war och dee „siichtbarste“ Vertrieder vun der Trump-Regierung, an ass elo de leschte Kandidat aus dem strategeschen Ëmfeld vum US-President deen d‘Handduch geheit. Eng laang Lëscht… a virun allem een onerwaarte Schratt.

De Locataire aus dem Wäissen Haus, hëlt et op wéi een dat vun him gewinnt ass: „Et hat mir viru gutt sechs Méint gesot, datt et him no enger Paus ass“. Dat ass wuel kee „Justificatif“ mee huet et dem Donald Trump erlaabt, déi „fantastesch Aarbecht vu senger Frëndin“, déi him am Oval Office zur Säit stoung, an ze luewen. D‘Nikki Haley huet esoulaang frëndlech an d‘Kamerae gelaacht.

„Si war mir eppes ganz Spezielles“, insistéiert den US-President, dee sichtlech beméit war, de politesche Schock ofzefiederen, dee beim „Ofgang“ vun esou enger populärer Perséinlechkeet zwangsleefeg antrëtt. Knapp ee Mount virun de Midterm-Elections, an der Feststellung datt ëmmer méi Fraen de Republikaner de Réck zouwennen, ass den Depart vum Nikki Haley „onglécklech“.

Wien iwwerhëlt den Zepter?

Gewosst ass, datt der UN-Ambassadrice hir Demissioun zu Joresenn effektiv gëtt. Den Trump wëll de Numm vum Nofolger an dräi Wochen, bekannt ginn. Um Wee an den Iowa wou hie fir e Meeting erwaart ginn ass, huet den US-President de Journaliste gesot, datt hie fënnef Leit preselektionéiert huet, an datt d‘Dina Powell, fréier Responsabel vum nationale Sécherheetsrot, op der Lëscht steet.

Net op dëser „Lëscht“ den US-Ambassadeur an Däitschland, Richard Grenell. De Milliardär huet sech bereet erkläert seng Nominéierung ze consideréieren. „Hien ass esou gutt op dësem esou wichtege Posten (…) datt ech hien do net wëll ofzéien. Perséinlech gesinn, wier et mir léiwer de Rick do ze behale wou hie grad ass“ erkläert den US-President, dee méi Trëmp an der Hand huet.

An den Donald Trump beweist dann och, datt hie e gudde Familljegeescht huet. Esou kann hie sech ganz gutt virstellen, datt „dëse Job“ och vu senger Duechter Ivanka kéint ausgefëllt ginn. „Dat wier Dynamit, mee ech géif dem Nepotismus beschëllegt“, bedauert den US-President. De Republikaner muss e Stee vum Häerz gefall sinn, wéi d‘Ivanka perséinlech, dës Optioun ausgeschloss huet.

Et muss ee sech eng Paus gënnen

Fir déi 46 Joer Jonk Nikki Haley, där ee reegelméisseg „eng Siicht op d‘Wäisst Haus“ nogesot huet, war et da wichteg kloer ze stellen, datt si sech net als Kandidat fir d‘Presidentschaft 2020 wäert opstellen. Si huet zudeem verséchert, datt si den Donald Trump als Kandidat géif ënnerstëtzen. „Et ass wichteg ze wëssen, wéini ee sech eng Paus muss gënnen“, war alles wat si ze soen hat.

Interessant, well da bleift d‘Motivatioun vun der UN-Ambassadrice nach eng Zäitchen „Mysteriéis“ an d‘Nikki Haley am Gespréich. Wat ass mat de politeschen Ambitiounen? Gett et en Dissens no der Ernennung vum Brett Kavanaugh zum Riichter vun der „Supreme Court“? Muss méi Geld am „privaten“ verdéngt ginn, nodeems d‘Steiererklärung eng „grouss“ Schold noweist? Éischter net.

Hei kann et sech awer ëm e „Virsprong“ handelen, deen sech d‘Nikki Haley erausgeschafft huet. Si gëtt vun enger Associatioun zur Verdeedegung vun der Ethik beschëllegt, siwe mol mam Privatjet gereest ze sinn, an dat op „Aluedung vu Geschäftsmänner“. Et ass eng Enquête ugefrot ginn. Dat war ee Méindeg, a schonn en Dënschdeg koum d‘Demissioun. Mee gëtt et en Zesummenhang?

Kuerz, knapp a prezis

Esou en Depart niert d‘Gerüchter, woubäi et d‘Trump-Administratioun fäerdeg bruecht huet déi ze „institutionaliséieren“. Wéi och ëmmer, dem Nikki Haley seng Demissioun huet „d‘Kollegen“ zu Washington an op de Vereenten Natioune kal erwëscht. An éischte Stellungnamen hunn se sech dann awer drop gëeenegt, der UN-Ambassadrice e glänzende Bilan auszestellen.

Den US-Ausseminister Mike Pompeo, dee sech zolidd beméit huet de Froe vun de Journalisten aus de Féiss ze goen, huet sech zu gudder lescht d‘Ausso „E formidabele Partner“ aus de Rëppe leiere gelooss. Fir den demokratesche Senateur Bob Menendez, ass dat ganzt „e weidere Beweis vun der chaotescher Aussepolitik vun dëser Administratioun“. Eng Administratioun am stännege Wiessel…

Et ass jo elo net grad den „éischten Depart“, egal op verjot oder selwer „gaangen“, déi et am Ëmfeld vum US-President an de leschten zwee Joer ginn huet. Déi diplomatesch Equippe, déi et zum Ufank vum Mandat ginn hat, ass „Geschicht“. Wat besonnesch duerch d‘Arrivée vum Mike Pompeo als Ausseminister, an dem John Bolton als Beroder fir national Sécherheet, ze ënnersträichen ass.

Hardliner mat an ouni Testosteron

Béid konservativ Fundamentaliste gi vun de politeschen US-Experte verantwortlech gemaach, dëse „Stär“ aus dem republikanesche Lager d‘Luucht ausgeknipst ze hunn, dee vum Depart vum fréieren US-Ausseminister Rex Tillerson profitéiere konnt. D‘Nikki Haley huet sech virun allem, mat senger haarder Linn géint Nordkorea an Iran, dem Trump seng politesch Prioritéiten, ervirgedoen.

Vun New York aus, huet si sech och als den „Echo“ vun der Washington-Kritik géintiwwer der UNO ervirgedoen. Si war sech zu kengem Ament ze schued, dem Donald Trump seng Positioun „ineffizient Bürokratie an déi Washington vill ze vill Geld investéiert“ an d‘Beschëllegung „d‘UN ass eng Institutioun déi sech géint Israel verschwuer huet“ mat handfesten Argumenter ze stäipen.

Laut dem Stephen Pomper vun der International Crisis Group, hätt d‘Nikki Haley ëmmer den Dissens erausgefuerdert. Si huet ONGen an Institutiounen ugegraff, déi d‘Transparenz vun de fundamentale Rechter verdeedegen. Si huet sech dofir agesat, déi humanitär Hëllef an eng politesch Waff ze verwandelen. Vun enger besserer, friddlecher Welt, huet UN-Ambassadrice ni geschwat.

Sech op seng „Wuerzele“ besënnen

An dat ass interessant. Dëst Meedche vun indeschen Immigranten, war net ëmmer en „Trump-Fan“. Am Februar 2016 hat d‘Nikki Haley nach gemengt: „dëse Milliardär inkarnéiert alles dat, wat e Gouverneur net vun engem President wëll“. An nach bis zur Victoire vum 8. November 2016, huet si betount, datt si „net Fan vun dësem opfällege republikanesche Kandidat“ ass.

Dat huet déi ambitiéis Politikerin net dovunner ofgehalen all Opportunitéit ze ergräifen, wouduerch si an der „Trump-Galaxie“ zu engem helle Stär ugewuess ass. Wann och emol duerchgedrongen ass datt et deen een oder aneren Dissens mat US-President soll ginn hunn – notamment wéi dësen net géint d‘Faschiste vu Charlottesville virgaangen ass – esou ass dat ni ëffentlech ausgedroe ginn.

„Wann ech mat eppes net averstane sinn, an der Usiicht sinn, datt et wichteg genuch ass fir mam President diskutéiert ze ginn, da maachen ech dat, an hie lauschtert no“, sot d‘Nikki Haley am September, als Äntwert op déi anonym Tribün vun engem Member vun der Administratioun, deen e „bannenzege Widderstand“ géint den Donald Trump evoquéiert huet.

mam Francesco Fontemaggi an dem Sebastien Smith/AFP

Foto: Den US-President an d‘UN-Ambassadrice, eng Léift där hiren Haltbarkeetsdatum iwwerschratt ass. D‘Nikki Haley gënnt sech awer emol eng Paus. © Mark Wilson/Getty Images/AFP

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Midterm Elections, Nikki Haley, Republikaner, UN-Ambassadrice
Nächsten Artikel Virrechten Artikel