Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ekosystemer duerch déi extrem Wiederkonditioune bedreet
International Neiegkeeten

Ekosystemer duerch déi extrem Wiederkonditioune bedreet

An Australien ass d‘Stëmmung ugesiichts dem Klimawandel schlecht. Déi extrem

Lëtzebuerg feiert den artisanale Béier
International Neiegkeeten

Lëtzebuerg feiert den artisanale Béier

Wien de Weekend iwwer net wousst, wat en drénke sollt,

Eurobarometer: Sinn d’Europäer zefridde mam Zoustand vun der EU?
International Neiegkeeten

Eurobarometer: Sinn d’Europäer zefridde mam Zoustand vun der EU?

Eng aktuell Eurobarometer-Ëmfro, déi um Méindeg verëffentlecht ginn ass weist

Demo zu Berlin géint Mëssstänn am Irak

Demo zu Berlin géint Mëssstänn am Irak

Stoppt d’Gewalt géint di friddlech Demonstratiounen am Irak – Ënnert deem Motto hunn sech en Samschdeg den 12. Oktober zeg Leit um Pariser Platz virum Brandenburger Tor zu Berlin zesummefonnt. Mat hirer Demonstratioun wollten si en Zeeche setzen an sech fir di mënschlech Rechter an enger Demokratie asetzen.

Ee jonken Iraker huet d’Situatioun an sengen Ursprongsland sou erkläert, dat vill Leit hir Schoule gemaach hunn oder souguer studéiert hunn, mee trotzdeem näischt hunn. Vill jonk Leit stéingen ouni Perspektiven op eng Aarbecht do. Ma dat wier awer just ee vu ville Problemer.

Hir Roserei riicht sech zudeem géint den Zoustand vum Land. A ville Géigende gëtt et keng zouverlässeg Stroum- an Waasserversuergung, keng Aarbechtsplazen an keng Perspektive fir virun allem di jonk Generatiounen.

Mëssstänn am Irak

Friddlech Demonstratioun virum Brandenburger Tor © Kelly Scholtes

Mee och d’Korruptioun ass en grousst Thema vun den Demonstratiounen. Mat 18 Punkten am Ranking vum Anti-Korruptiouns- Index vun der Organisatioun Transpareny International, land déi irakesch Regierung op der Plaz 168 vun 180 Länner. Domadder zielt si als mat eng vun den Korruptsten weltwäit.

Mëssstänn am Irak

©Transparency International Deutschland e.V. (2018)

Vir op di Mëssstänn an hirem Land hinzeweisen haten sech Massendemonstratiounen an Bagdad an an zeg Provënzen am Süde vum Land gebilt. Bei dësen Demonstratioune säit Ufank Oktober, sollen iranesch Scharfschützen an pro-iranesch Milizen op d´Demonstrante geschoss hunn. An den leschten Deeg solle mëttlerweil honnerten Doudeger ze bekloe sinn. Och de Regierungschef hat , als Reaktioun op di hefteg Protester, eng Ausgangsspär an der Nuecht an Bagdad souwéi an den Provënzen Nasiriya an Dhi Qar verhaangen.

 Mat hirer Demonstratioun zu Berlin, wëllen si hir Leit am Irak ënnerstëtzen an sech fir si asetzen. Interesséiert Passanten hunn si och ganz gären iwwert hir Aktioun informéiert an dobäi Flyeren verdeelt.

Opmaacherbild: © Kelly Scholtes

Ähnlech Sujeten Berlin, Brandenburger Tor, Demokratie, Demonstratioun, Gewalt, Irak, Korruptioun, Mëssstänn am Irak, Pariser Platz, Transperency International
Nächsten Artikel Virrechten Artikel