Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ellergronn: Et soll een d‘Eise schmidden esou laang wei et gliddeg ass
International Neiegkeeten

great questions to ask in online dating

Loscht eppes iwwert de Beruff vum Schmadd ze léieren? Eventuell

https://moien.lu/hookup-bloomington-il/
International Neiegkeeten

Nëmmen Olympia-Kenner wëssen d‘Äntwerten op dës 8 Froen!

D’Wanterspiller si voll am gaangen! Lëtzebuerg ass och erëm mat

De Pappe-Congé op zéng Deeg verlängert
International Neiegkeeten

De Pappe-Congé op zéng Deeg verlängert

Gutt Nouvellen a se kommen direkt aus dem Mond vum

Honnerte Verhaftungen no Demo zu Moskau

Honnerte Verhaftungen no Demo zu Moskau

Si hu géint den Ausschloss vun der Oppositioun bei der Kommunalwahl demonstréiert, déi a sechs Wochen a Russland stattfannen. Dausende Mënschen haten sech bei der Märei vu Moskau getraff.

D‘Demonstratioun war net autoriséiert an awer hunn – esou d‘Zuele vum russeschen Inneministère – sech eng 3.500 Aktivisten zesummefonnt. Nach iert et zur Kundgebung komm ass, huet d‘Police Demonstranten ofgefouert, nodeems si virdrun nach emol andrénglech d‘Leit opgeruff haten sech vun der Manifestatioun ze distanzéieren. Domadder war kloer, datt all „Moossnamen ergraff“ ginn.

Zum Protest opgeruff haten déi vun der Wal ausgeschlosse Politiker, esou wéi och de bekannten Aktivist Alexej Nawalny. D‘Biergerrechtsportal OVD-Info an d‘Police hunn uginn, datt am Kader vun der Demonstratioun zu massive Verhaftunge komm ass. Iwwer 1.000 Persoune solle vun der Police wéinst diverse „Verstéiss“ an deels „Widderstand géint d‘Autoritéit“ verhaft gi sinn.

Versammelt haten sech d‘Aktiviste bei der Märei, mee si sollte séier vun de Policeeenheeten an d‘Säitestroosse verdrängt ginn. Am Virfeld vun der Demo hat d‘Police den Asaz antizipéiert an d‘Märei mat Asazgefierer a Klengbusser – an deenen déi verhaft ënnerbruecht goufen – ofgespaart. D‘Aktivisten hu versicht d‘Ofspärung ze iwwerwannen an eng grouss Verkéiersoder ze blockéieren.

Wourëms et geet

D‘Roserei vun den Demonstranten an Aktiviste riicht sech géint d‘Administratioune vun der Stad a méi direkt géint de kremeltreie Buergermeeschter Sergueï Sobjanin an och d‘Wahlkommissioun. Do kritt och d‘Police säin Deel of. Déi wier „eng Schan fir Russland“ esou d‘Aktivisten am Chouer. Et gouf och Banner a Plakater, an op engem war ze liesen: „Ech hunn e Recht op mäi Kandidat“.

Moskau

Aleksandra Parushina, Bezierksdeputéiert vu Moskau, huet mat demonstréiert an ass net vun der Police verschount ginn. D‘Police hat virun der Demo nach emol opgeruff d‘Leit sollten hirer Wee goen. D‘Spezialeenheet „OMAN“ huet hir Uerder an ass bekannt dofir déi mat aller Gewalt och ëmzsetzen. © FredrikPleitgen/CNN (via Twitter)

Bei esou Aktioune ginn déi russesch Autoritéiten net mat „zaarter Hand“ vir. Déi Moskauer Police steet am Ruff entspriechend „duerchzegräifen“ a genee dat huet si och gemaach. Et gouf ouni Récksiicht op Verloschter zougeschloen, wat – esou zumindest dat ersiichtlecht – Platzwonnen an Knachebréch gefouert huet. Déi géifen op de Kont vun der Spezialeenheet „Omon“ goen…

Am Privatsender „TV Doschd“, war déi Deputéiert Aleksandra Parushina mat eng bluttverschmierte Verband um Kapp ze gesinn. E Polizist vun der „Mobiller Eenheet mat besonnescher Bestëmmung“ déi direkt dem Inneministère ënnerstallt ass, hätt hir mam Knëppel op de Kapp geschloen an du gefrot ob si Hëllef bréicht. Si hätt dat refuséiert a sech vun engem Aktivist verpléischtere gelooss.

Demokratie op russesch

De Protest riicht sech géint d‘Politik an déi nei demokratesch Ausriichtung vun der Regierung. Fir d‘Oppositioun géif alles drop ausgeluecht ginn, eng Bedeelegung vun oppositionellen an/oder onofhängege Kandidate bei de Kommunalwahlen ze verhënneren. Vill vun hinne sinn net zur Wahl zougelooss ginn, well Ënnerschrëfte gefeelt, oder et Formfeeler an den Ënnerlage ginn huet.

Alles an allem huet d‘Wahlkommissioun zu Moskau 57 Kandidaten net zur Wal zougelooss. Vun deene waren der virun der Demonstratioun e puer festgeholl ginn. Esou den Dmitri Gudkow, den Ilja Jaschin an de Ljubow Sobol. De Konstantin Janauskas hat et wuel zur Demo gepackt, wou hien och nach ee „Message“ lass ginn ass, iert och hie verhaft a vun der Police ofgefouert ginn ass.

Et sollt een der Vollstännegkeet awer och drop hiweisen, datt 233 Kandidaten zur Wal zougelooss goufen. De Moskauer „Gemengerot“ zielt 45 Mandater. Kandidat sinn ass generell net einfach an als onofhängege Kandidat ginn engem zolidd Steng an de Wee geluecht. Déi mussen dausenden Ënnerschrëfte virleeën. Oft behaapt dann d‘Kommissioun se wiere gefälscht oder ongülteg.

mat indymedia/mow

Foto: Dausende Moskauer hunn e Samschdeg versicht géint den Ausschloss vun onofhängegen an oppositionelle Kandidate vun der Kommunal ze protestéieren. © SrbijaEvropa (via Twitter)

Ähnlech Sujeten Demonstratioun, Kommunalwahlen, Moskau, Oppositioun, Politik
Nächsten Artikel Virrechten Artikel