Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Schéisserei an Hessen: Aacht Mënsche Stierwen
International Neiegkeeten

Schéisserei an Hessen: Aacht Mënsche Stierwen

An der hessescher Stad Hanau (bei Frankfurt am Main) sinn

Weltnierendag 2020 – Kleng Organer, grouss Aufgaben
International Neiegkeeten

Weltnierendag 2020 – Kleng Organer, grouss Aufgaben

Um haitegen Weltnierendag läit de Fokus op der Gesondheet vun

Presidentschaftswahlen an Island: Zweet Mandatszäit fir de Gudni Johannesson
International Neiegkeeten

Presidentschaftswahlen an Island: Zweet Mandatszäit fir de Gudni Johannesson

An Island huet et 252.000 wahlberechtegt Bierger an dovunner hu

Demokrate setzen US-President ënner Drock

Dem Donald Trump säi politesche Krich géint de Joe Biden bréngt de Wahlkampf an d‘Schleideren

Demokrate setzen US-President ënner Drock

Fir den Donald Trump sinn et ustrengend Zäiten. Fir unzefänke gouf et dat Mëssverständnes beim Telefonat mat ukrainesche President, elo soll hien och nach d‘Chinese gebieden hunn him eng Hand unzepaken, fir géint säi politesche Géigner Joe Biden virzegoen.

Datt et „Ermëttlunge“ säitens der Ukrain a China géint den demokratesche Presidentschaftskandidat soll ginn hunn, bestreit de Milliardär net méi am Fong. Den Donald Trump stellt awer kloer, datt et sech bei senger „Demande no enger Enquête“ kee politeschen Hannergrond gëtt. „Dat eent huet mat deem aneren näischt ze dinn“, esou den US-President bei der Pressekonferenz zu Washington.

setzenEt wier falsch ze behaapten, datt hien d‘Handelsofkommes mat China vun Ermëttlunge géint de Joe Biden géif ofhängeg maachen. Et wier och falsch ze behaapten, datt déi bei der Ukrain ugefroten Enquête, mat enger Géigeleeschtung verbonne wier. Hei géif et, esou den Donald Trump, eenzeg an eleng ëm „Korruptioun“ goen. An der Korruptioun hat den US-President jo de Krich erkläert.

setzen„Ech mengen et huet ëmmer Korruptioun mam Joe Biden ginn“, esou den Donald Trump. Hien hätt ni geduecht, datt de Joe Biden déi demokratesch Virwahle gewanne kéint, leet hien no a war sech do op en Neits net vum „Gewiicht déi Wierder kënnen hunn“ bewosst. Elo sollt een och wëssen, datt de Joe Biden laut aktuelle Sondagen den aussiichtsräichste Géigner vum amtéierende President ass.

Schmuddelege Presidentschaftswahlkampf

Laut dem Milliardär, soll de Joe Biden säi politescht Mandat (US-Vizepresident) mëssbraucht hunn, fir Ermëttlunge géint eng ukrainesch Entreprise aus dem Energiesecteur, an deem säi Bouf, den Hunter Biden am Virstand gesiess ass, ze verhënneren. Et hat do tatsächlech Ermëttlunge ginn, déi awer näischt géint den Hunter Biden opweise konnten. Och den Trump huet dofir keng Beweiser…

setzenA wann een da schon derbäi ass, dierf een de Mitt Romney net ausblennen. Deen huet elo och dem US-President an d‘Feescht getrëppelt. Op Twitter heescht et datt et schonn e gewëssene Culot brauch de Leit ze verklären, d‘Ermëttlunge géint de Joe Biden wieren net politesch motivéiert. D‘Opfuerderung un d‘Ukrain a China ze ermëttele wier „falsch an erschreckend“, esou de Romney.

setzenEigentlech alles gutt fundéiert Grënn géint de 45. US-President en Amtsenthiewungsverfaren op de Wee bréngen, wéi et d‘Demokraten am Kongress dann och ugeleiert hunn. Mee et bleift ongewëss op de Virworf vum Amtsmëssbrauch ze halen ass, zumindest op politeschem Niveau. Eng Chance fir en „Impeachment“ gëtt et nëmmen, wann sech d‘Republikaner och géint den Trump opstellen.

Pattsituatioun bei de Muechtverhältnisser

Fir en Amtsenthiewungsverfaren op de Wee ze bréngen, geet et den Demokraten net duer hir kloer Majoritéit am Representantenhaus auszespillen. Och de Senat muss dësem Verfaren zoustëmmen an do hunn d‘Republikaner d‘Heft fest an der Hand. Elo huet den Donald Trump, dann och seng Ekipp ugewisen e formellen Asproch géint d‘Amtsenthiewungsverfaren ze erhiewen. Och dat ass normal.

setzen

Iergendeen muss dem Donald Trump erzielt hunn, datt hien an dësem Pamphlet „Belle Figura“ mécht. Gelies huet hien et selwer net, dat ass esou sécher wéi „Amen“ am Gebiet.

An der tëscht fuerderen d‘Demokraten am Kongress, vum Vizepresident Mike Pence d‘Virlag vun allen Dokumenter, Opzeechnungen an e-Mails déi sech op de politeschen Echange tëscht der US-Regierung an der Ukrain bezéien. Si wëlle sécher goen, wéi eng Roll de Mike Pence am Kader vum presidentielle „Message“ un de Wolodymyr Selenski tatsächlech gespillt huet. Dat ass interessant.

setzen

Och den US-President huet „seng Medien“. Ob Fox News oder Breitbart, si wësse wéi een et rhetoresch muss ugoen, fir zumindest Zweiwel un deene gemaachte Virwërf ze schafen.

Konkret geet et hei ëm e Mataarbechter aus dem Pence-Team dee beim Telefonsgespréich vum 25. Juli soll „nogelauschtert“ hunn. An och dat geet den Demokraten net duer. Si wëllen eng detailléiert Auskunft zur Entrevue tëscht dem Mike Pence an dem Wolodymyr Selenski, déi den 1. September zu Warschau stattfonnt hat. Do soll et ëm US-Militärhëllef fir d‘Ukrain gaange sinn, heescht et…

mat indymedia/was/nyc

Illustratioun: Gerd Altmann /Pixabay

Ähnlech Sujeten China, Donald Trump, Impeachment, Joe Biden, Ukrain, US-Wahlkampf
Nächsten Artikel Virrechten Artikel