Search

You may also like

Biodiversitéit ass eis Liewensgrondlag, dofir muss sech agesat ginn, och politesch
International Neiegkeeten

Biodiversitéit ass eis Liewensgrondlag, dofir muss sech agesat ginn, och politesch

Gëschter huet d‘Asbl natur&ëmwelt en zolitte Fuerderungskatalog virgeluecht, deen si

Wie gäre Prost sollt den Auto stoe loossen
International Neiegkeeten

Wie gäre Prost sollt den Auto stoe loossen

Et ass jo net esou datt d‘Leit net Bescheed wéissten,

Reegelméisseg héiert ee vu sou genannte Verfolgunge säitens der Police (Lieserbréif)
International Neiegkeeten

Reegelméisseg héiert ee vu sou genannte Verfolgunge säitens der Police (Lieserbréif)

Sécher mussen déi „Béis” aus dem Verkéier gezu ginn. Et

Keng Plaz fir Demokraten zu Hong Kong

Regierung schléisst véier Oppositiounspolitiker aus dem Parlament vun der Sonnerverwaltungszon aus – aus Protest trieden all déi pro-demokratesch Deputéiert zréck

Keng Plaz fir Demokraten zu Hong Kong

Et ass net well e laang näischt vun hinnen héieren huet, datt sech d‘Situatioun fir d‘Hong Kong Chinese verbessert hätt, zumindest politesch. Woubäi sech d‘Lag nach ze verschlechtere schéngt. Richteg ass, datt wien am Regionalparlament siegéiert, gutt beroden ass, seng Meenung un därer vum Zentralorgan vun der kommunistescher Partei auszeriichten.

Anescht ausgedréckt, d‘Parlament vun Hong Kong ass den denkbar schlechtsten Uert, fir seng Stëmm fir d‘Demokratie an d‘Ofhängegkeet ze erhiewen. Wien dat dann awer mécht, kritt et mat der Zentralregierung vu Peking ze dinn, an déi ass elo net wierklech dofir bekannt, um Hallwe Wee d‘Kéier ze maachen. Dat hunn elo véier Deputéierter mat aller Wucht ze spiere kritt.

D‘Hong Kong Regierung huet matgedeelt, datt den Alvin Leung, Kwok Ka-ki, Dennis Kwok an Kenneth Leung, hir Mandater op Uweisung vu Peking entzu kritt hunn. Kurz virdrun hat Xinhua eng Decisioun vum stännegen Ausschoss vum nationale Vollekskongress verëffentlecht, laut där kriteschen Deputéierten de Sëtz kann entzu ginn, wann Si fir d‘Onofhängegkeet vun Hong Kong antrieden, sech un Handlunge bedeelegen, déi déi national Sécherheet bedreeën, oder auslännesche Muechten hëllefen sech a bannenzeg Ugeleeënheeten anzemëschen.

Eng Unioun aus 19 demokrateschen Deputéierten hat hirersäits annoncéiert, datt si sech gläichfalls aus dem Parlament géifen zeréckzéien, falls d‘Zentralregierung géint d‘Oppositioun géif virgoen. Elo muss drun erënnert ginn, datt déi véier hei aus dem Parlament ausgeschlosse Volleksvertrieder, scho vun der Parlamentswal am September ausgeschloss waren. Déi gouf allerdéngs ofgesot an op 2021 verluecht. Zanterhier kënnt nees verstäerkt zu Demonstratiounen a Verhaftungen…

Aus Groussbritannien huet den Ausseminister Dominic Raab d‘Entscheedung vun der Regierung zu Hong Kong verurteelt. Hie condamnéiert d‘Decisioun vu China gewielte prodemokratesch Politiker willkürlech aus hirem Mandat ze joen. Et wier dat „ee weideren Ugrëff op den héije Grad vun Onofhängegkeet deen Hong Kong genéisst“, esou de britteschen Ausseminister. Mat dëser Aart a Weis déi demokratesch Oppositioun ze schikanéieren, géif déi international Renommée vu China beschiedegen an d‘Stabilitéit vun der Sonnerverwaltungszon ënnergruewen.

Peking huet (ëmmer) dat lescht Wuert

No dësem neie politesche Skandal, huet sech d‘Regierungscheffin vun Hong Kong, Carrie Lam, an de Medien zum Virfall geäussert. Si huet nach emol drop higewisen, datt sech déi véier genannten Deputéiert souwisou net hätten dierfe bei de Walen opstellen. Si mécht – ouni et wuertwiertlech auszeschwätzen – nach emol däitlech, datt Peking onerwënscht Volleksvertrieder einfach esou an ouni Geriichtsurteel ausschléisse kann. Mat Demokratie huet esou eppes selbstverständlech näischt ze dinn.

Woubäi een natierlech och nees wësse muss, datt d‘Parlament zu Hong Kong souwisou nëmme partiell fräi gewielt ass a vun Deputéierten dominéiert gëtt, déi der kommunistescher Partei trei ergi sinn. Folgerichteg ass dat demokratescht Lager an der Minoritéit. Elo kënnen dës Volleksvertrieder matschwätzen a Gesetzer behënneren, net awer verhënneren. Dës Oppositioun, déi vum Protest an der Demokratiebeweegung profitéiere konnt, hat sech gutt Chance fir Wale vum September – déi wéinst der Covid19-Pandemie verluecht goufen – ausgerechent.

Hong

Mam annoncéierte Récktrëtt vun alle Volleksvertrieder aus dem demokratesche Lager, geet och ee wichtegt Signal un déi international Gemeinschaft. Et weist eis wéi schlecht et ëm d‘Demokratie zu Hong Kong bestallt ass, a firwat een d‘Demokratie och zu Lëtzebuerg all Dag nees op en Neits ze verdeedegen huet. Et ass allerdéngs och ee gewote Schratt, well si iwwerloossen den Deputéierten déi „Peking-Trei“ sinn, d‘Feld. Esou verkënnt d‘Hong Kong Regierung endgülteg zur „Stempel-Regierung“, déi nach just d‘Fuerderunge vun der kommunistescher Partei duerchwénkt.

mat indymedia/hkg

Foto (Archiv): © Ryan Micah

Related topics China, Demokratie, Hong Kong, Oppositioun, Peking, Sonnerverwaltungsregioun
Next post Previous post