Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Bali: De Vulkan Agung kuerz virum Ausbroch
Neiegkeeten

Bali: De Vulkan Agung kuerz virum Ausbroch

Well de Vulkan Agung zu Bali ëmmer méi Damp an

Adler Mode S.A. huet säi Kollektivvertrag verbessert an erneiert
Neiegkeeten

Adler Mode S.A. huet säi Kollektivvertrag verbessert an erneiert

Zesumme mat der Direktioun vun Adler Mode S.A. Lëtzebuerg huet

Coque: E Parking deen de Clienten a Sportler virbehalen ass
Neiegkeeten

Coque: E Parking deen de Clienten a Sportler virbehalen ass

De Misär eng Parkplaz ze fannen, déi méiglechst och ze

Demokratesch Partei: Fir e multikulturellt Lëtzebuerg mat lokalen Traditiounen

Demokratesch Partei: Fir e multikulturellt Lëtzebuerg mat lokalen Traditiounen

Mam Slogan „D‘Zukunft op Lëtzebuergesch“ geet déi Demokratesch Partei (DP) an d‘Wahle vum 14. Oktober. Si hunn sech virgeholl d‘Reflexioune vun der Regierung zur lëtzebuergescher Identitéit weiderzeféieren an den Debat an d‘Ëffentlechkeet ze bréngen.

Keng liicht Aufgab an engem Land, wou ronn 50% vun den Awunner „Auslänner“ sinn, vun deenen d‘Majoritéit déi lëtzebuergesch Sprooch net beherrscht. Dobäi wieren awer all déi ënnerschiddlech Nationalitéiten a Kulturen och, am gewësse Sënn, d‘Identitéit vu Lëtzebuerg. Elo soll dann, wann et der DP no geet, sech eis „Mammesprooch“ am Alldag duerchsetzen an e Pilier vun der Integratioun ginn.

D‘Identitéit vu Lëtzebuerg ass „multikulturell“. Eng Identitéit déi d‘Demokrate kultivéiere wëllen, ouni déi lokal Traditiounen ze verléieren. Fir de Claude Meisch wier dat d‘Basis vum Erfolleg, mat deem ee Lëtzebuerg an eng sécher Zukunft féiere wëll.

E vu fënnef Pilieren

Aus dem Wahlprogramm ass ze enthuelen, datt déi „lëtzebuergesch Identitéit a Kultur“ eng vun de fënnef Prioritéiten ass, déi sech d‘DP ginn huet. D‘Demokrate setzen sech esou dofir an, datt déi vun der Regierung lancéiert „Sproochepolitik“ och ëmgesat gëtt. Woubäi een hei net demagogesch virgoe wëll. Et dierft net sinn, datt och wann de Gebrauch vun der Sprooch soll gefërdert ginn, een d‘Identitéit vun den Awunner mat friemlännesche Wuerzelen, denigréiert.

“Lëtzebuergesch an déi aner Sprooche kënne gutt zesummeliewen, esoulaang wéi d‘Sprooch vum Dicks iwwerweit”

Fir d‘DP ass Lëtzebuerg net nëmmen d‘Land vun deenen déi schonn ëmmer hei liewen, mee och d‘Land vun all deenen, déi mat hiren Iddien, hirer Kreativitéit a Motivatioun zum Wuel vun dësem Land bäidroen. Lëtzebuerg kann net d‘Land sinn, an deem nëmme lëtzebuergesch geschwat gëtt, e Land an deem Auslänner net wëllkomm wieren, e Land dat sech neiem verschléisst.

Nee, Lëtzebuerg a virun allem déi lëtzebuergesch Identitéit wier d‘Kombinatioun vum ganzen. De Lëtzebuerger soll och weiderhin houfreg op säi Kachkéis an seng digital Entwécklung sinn. Un Traditioune festhalen an op „Spacemining“ wetten, ass also kee Widdersproch, villméi de Garant vun enger sécherer Zukunft fir eis Heemecht.

D‘Leit wëlle Sécherheet

Wa keen Zweiwel dorunner besteet, datt sech d‘Gesellschaft verännert, esou dierf net aus den Ae verluer ginn, datt d‘Leit de Wonsch no Sécherheet hunn. Eng Sécherheet déi och mat eiser Sprooch, dem lëtzebuergesche verbonnen ass. A bei der DP weess een, datt vill Lëtzebuerger der Usiicht sinn, datt en d‘Sprooch och verdeedege muss. Woubäi de Claude Meisch och op d‘Risiken hiweist.

Dat well, esou de Claude Meisch: „nëmme sechs vun zéng Awunner der Meenung sinn datt déi lëtzebuergesch Sprooch, eng Sprooch vun der Integratioun soll sinn“. Fir den Educatiounsminister eng Erausfuerderung där mir eis Vereent stelle mussen.

An esou stëtzt d‘DP d‘Iddi vun engem 20joresplang fir d‘Fërderung vun der Lëtzebuerger Sprooch. D‘Schafe vun engem „Lëtzebuerger Haus“ an deem d‘Gäscht d‘Land héieren, gesinn, upaken a schmaache kënnen. En Haus awer och, an deem debattéiert soll ginn, an all déi ënnerschiddlech Säite vu Lëtzebuerg gewise ginn.

Nodeems „Schoulfräi fir déi Iechternacher Sprangprëssessioun“ gestrach ginn ass, wat zu Gejéimers gefouert hat, wëllen d‘Demokraten sech fir en Dag vum Lëtzebuerger Patrimoine an de Schoule staark maachen. Dat lëtzebuergescht soll sech „digitaliséieren“, mat Applikatiounen an Online-Dictionnairen, a firwat net, mat Sprocherkennungsprogrammer.

Zu gudder Lescht soll d‘Offer vu lëtzebuergesche Sproochecoursen erhéicht ginn. Dat virun allem fir d‘Salariéeën aus dem Gesondheet- an Educatiounssecteur. Zudeem sollen an alle Privatschoulen déi vum Staat subventionéiert ginn, lëtzebuergesch Sproochecourse verflichtend sinn.

mam Laure Schlesser

Foto: screenshot dp.lu

Ähnlech Sujeten Chamberwahlen 2018, Claude Meisch, Demokratesch Partei, Integratioun, Lëtzebuerger Sprooch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel