Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Amerikaneschen a Lëtzebuerger Krichsminister erklären de Weltraum zum Schluechtfeld
Neiegkeeten

Amerikaneschen a Lëtzebuerger Krichsminister erklären de Weltraum zum Schluechtfeld

Am August 2019 huet d‘US-Administratioun annoncéiert eng „Weltraum-Sträitmuecht“ ze schafen.

Iwwer 72.000 Bränn am Amazonas ënnerhalb vun engem Joer!
Neiegkeeten

Iwwer 72.000 Bränn am Amazonas ënnerhalb vun engem Joer!

De brasilianeschen Amazonas muss leider 2019 eng Rekordzuel u Bëschbränn

Hong Kong: Éischt Auswierkunge vum nationale Sécherheetsgesetz
Neiegkeeten

Hong Kong: Éischt Auswierkunge vum nationale Sécherheetsgesetz

Elo wou den Text ugeholl an dat sougenannte „Sécherheetsgesetz fir

Déi Demokratesch Partei dréit Trauerflor

Déi Demokratesch Partei dréit Trauerflor

De Fraktiounspresident, Gemengeconseiller a fréiere Staatssekretär vun der Demokratescher Partei, Eugène Berger ass gëschter an Nomëtteg vun eis gaangen. De Begeeschterte Biergsteiger ass am Krees vun der Famill an de Mënschen déi him un Häerz louchen no kuerzer Krankheet verscheet.

Et war zugläich eng Noriicht déi um Krautmaart d‘Gemidder ergraff huet, de Mars di Bartolomeo (LSAP), dee kuerz de Chamberspresident um Pult ersat hat, huet d‘Informatioun 16.35 Auer, siichtlech ergraff, der Assemblée zougedroen. De Fernand Etgen (DP), deen seng Plaz nees ageholl huet, konnt seng Emotiounen net zréckhalen… seele war esou eng Trauer an dësem Haus siichtbar.

Den Eugène Berger deen, wann hien och net ëmmer d‘Unanimitéit gemaach huet, war fir d‘éischt e Familljepapp iert hir Politiker war, an esou sollten all eis Gedanken och als éischt der Famill an de Kanner gëllen. Mee et ass ouni Zweiwel och ee risege Verloscht fir seng politesch Famill, an déi politesch Landschaft generell. Et ass dann awer och ee Verloscht fir d‘Sportswelt vu Lëtzebuerg.

Als éischte Lëtzebuerger Biergsteiger hat den Eugène Berger 1992 de Mount Everest bezwongen an iwwert dësen „Ëmwee“ och den Titel „Sportler vum Joer“ verdéngt zougestane kritt. Den Demokrat hat seng berufflech Carrière eigentlech am Enseignement gesinn, wou hien 1980 als „Chargé“ geschafft huet. 1983/85 war hie kuerz um Enregistrement iert et nees an d‘Schoul gaangen ass.

1988 kritt hie säin Diplom um ISERP an ass vun 1988 bis 1994 Schoulmeeschter zu Bierchem. Déi politesch Carrière hëlt hiren Ulaf 1994, wou hien eng éischte Kéier als Deputéierten ee Mandat an der Chamber erzile kann. 1999 gëtt hien als Politiker confirméiert an trëtt ënnert dem Jean-Claude Juncker an d Regierung am, dat als Staatssekretär fir d‘Ëmwelt wou hien éischt Akzenter setzt.

Zanter 2013 war den Eugène Berger de Fraktiounspresident vun der Demokratescher Partei an et hätt sech bei Neijoerschdagspatt am Melusina kee kënne virstellen, datt hien esou séier aus eiser Mëtt géif gerappt ginn. Déi ganz Redaktioun vu Moien.lu an de Virstand vum Moien News Media SA drécken der Famill, de Kollegen an der Partei hiert déifste Matgefill aus.

Ähnlech Sujeten Demokratesch Partei, DP, Eugène Berger, Trauer
Nächsten Artikel Virrechten Artikel