Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Méi Geld fir den hongeregen Tourismussecteur
Neiegkeeten

Méi Geld fir den hongeregen Tourismussecteur

Um Donneschdeg huet d‘Staatssekretärin fir Wirtschaft, d’Francine Closener (LSAP), de

Den Ausseminister Jean Asselborn setzt sech fir d‘Ofschafe vun de Kontrollen un der däitsch-lëtzebuergescher Grenz an
Neiegkeeten

Den Ausseminister Jean Asselborn setzt sech fir d‘Ofschafe vun de Kontrollen un der däitsch-lëtzebuergescher Grenz an

Virum Hannergrond vun de Grenzschléissungen a -kontrollen un den däitsche

Happ, Malz an Hief: méi brauch et net fir e Franciscus-Polaner Hausbéier
Neiegkeeten

Happ, Malz an Hief: méi brauch et net fir e Franciscus-Polaner Hausbéier

De Franciscus-Polaner, ass en donkele Béier mat engem Alkoholgehalt vun

#BlackLivesMatter: Demonstratioun virun der US-Ambassade zu Lëtzebuerg

#BlackLivesMatter: Demonstratioun virun der US-Ambassade zu Lëtzebuerg

Mam Dout vum George Floyd ass d’Roserei iwwer Diskriminéierung a Rassismus nees grouss. Weltwäit ginn ënnert dem Hashtag #BlackLivesMatter Manifestatiounen zur Gläichberechtegung vun den Afro-Amerikaner a géint d’Gewalt vu Polizisten organiséiert. Och zu Lëtzebuerg wäert muer eng méi lass sinn: Rendez-vous ass um 14:00 Auer virun der US-Ambassade an der Haaptstad.

Leschte Méindeg ass de 46 Joer alen George Floyd duerch d’Hänn vum Derek Chauvin ëm d’Liewe komm. Dräi weider Poliziste si mat am Virfall verwéckelt, hunn einfach nogekuckt, wéi den onbewaffente Bierger erstéckt ass. Uschléissend ass de Video vun der Dot um Internet verëffentlecht ginn.

Demonstratioun

© Munshots / Unsplash

Mëttlerweil goufen déi 4 Schëlleg an dësem Fall bestrooft. D’Gewalt déi vu Polizisten géint „aner Rassen“ ausgeüübt gëtt, huet trotzdeem scho laang traureg Ausmoossen ugeholl. Elo geet et duer!

Déi feministesch an anti-rassistesch Associatioun Lëtz Rise Up rifft zur Demonstratioun am Groussherzogtum op. Muer um 14:00 Auer soll eng friddlech Manifestatioun virun der US-Ambassade (22, Boulevard Emmanuel Servais) stattfannen. Et ass ee sech bewosst, datt d’Evenement wärend der Kris stattfënnt, wouduerch all Participante gebiede ginn d’Consignen ze respektéieren:

  • D’Droe vun enger Schutzmask ass obligatoresch;
  • Et gëllt sozial Distanz vun 2 Meter zum Niewemann ze halen (ausser et ass een aus engem Stot)
  • All Persoun muss sech bei enger Kontroll vun der Police ausweise kënnen, vergiesst also net d’Carte d’Identité
  • Perkussiounsinstrumenter (z.B. Trommelen) sinn erlaabt, Apparater fir Musek ofzespillen sollen awer Doheem gelooss ginn;
  • D’Slogans ginn op der Plaz verdeelt;
  • Bleift friddlech a respektvoll;
  • Vergiesst Äre Prabbeli net – et soll reenen.

D’Associatioun fuerdert Solidaritéit mat allen Afro-Amerikaner. D’Hautfaarf dierf kee Grond zum Mord sinn. Jiddwereen soll d’Méiglechkeet hunn säi Kand ouni Angscht virun Diskriminéierung an d’Schoul ze schécken. All Mënsch soll vun der Police selwecht a respektvoll behandelt ginn. Op eis Nofro krute mir bis ewell keng Äntwert, op d’Manifestatioun offiziell autoriséiert ass.

D’Demonstratioun ass autoriséiert an d’Zuel u Participanten u keng Limitatioun gebonne sinn, doduerch datt sech déi sanitär Moossname gelockert hunn an d’Reegelen den Demonstrante matgedeelt gi sinn.

Protester weltwäit

Nieft de Protester an den USA hu sech en Dënschdeg zu Paräis ëm 20.000 Demonstranten op de Stroossen virum Geriicht zesummefonnt. D’Police huet dës Manifestatioun als illegal agestuuft, wëll groussflächeg géint d’Mesure vun der Regierung verstouss ginn ass, fir d’Pandemie anzedämmen.

Demonstratioun

ABC News / Twitter

Och a Frankfurt koum et gëschter zur Manifestatioun, bei där e puer honnerte Mënschen deelgeholl hunn.

Opmaacherbild: © Mike Von / Unsplash

Ähnlech Sujeten #BlackLivesMatter, Demonstratioun, Diskriminatioun, George Floyd, Lëtz Rise Up, Manifestatioun, Policegewalt, Protest, Rassismus, Sanitär Kris, Schutzmask
Nächsten Artikel Virrechten Artikel