Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Mat Power of Peace géint d’Maueren an der Welt
you are all going to regret not dating me marriage not dating bed scene ep 14

economist speed dating

Dem weltbekannte Gittarist Carlos Santana, dee kierzlech säi 70. Gebuertsdag

https://moien.lu/hook-up-with-pregnant-girl/
you are all going to regret not dating me marriage not dating bed scene ep 14

What the Fakt – Viru ronn 5000 Joer entsteet de Brauch vun Halloween

Haut ass et nees esou wäit. Elle Gestalten a Grujelfilmer

Faillite am Bausecteur zwéngt 25 Leit op d‘Sich no enger neier Schaff
you are all going to regret not dating me marriage not dating bed scene ep 14

Faillite am Bausecteur zwéngt 25 Leit op d‘Sich no enger neier Schaff

Wéi et d‘Gewerkschaften OGBL an LCGB um Donneschdeg matgedeelt hunn,

Demonstratioun vun der Muecht

De franséischen Nationalfeierdag am Zeeche vun der europäescher Verdeedegung

Demonstratioun vun der Muecht

Wa Frankräich säin Nationalfeierdag ganz ënnert d‘Zeeche vun der europäescher Verdeedegung stellt, ergëtt sech eng iwwerdimensionéiert Militärparad mat där eenzeg an eleng „Stäerkt“ soll demonstréiert ginn. Friddlech Absichte weist een anescht… Um Bord vun de Festivitéiten ass et dann och nach zu Geklapps mat de „giele Gileten“ komm.

Datt et schlecht ëm de Fridden an der Welt steet ass gewosst. Datt Europa eppes domadder ze dinn huet, leider och. An den Emmanuel Macron schéngt beméit seng EU-Partner ob dat schlëmmst anzestëmmen. Et war eng Demonstratioun vun der europäescher Militärmuecht, déi Frankräich mat der Parad op de Champs-Elysées gebueden huet. D‘Invitéeë solle beandrockt gewiescht sinn.

Mat enge 4.300 Zaldoten, 200 Gefierer, 96 Fliger an den 236 Päerd vun der „Garde Républicaine“ war et en entspriechende Spektakel deen dem Vollek an der Welt gebuede ginn ass. Vill Fransouse ware scho fréi op déi „schéinst Avenue vun der Welt“ komm, fir sech un dëser Demonstratioun vu Muecht ze ergëtzen. An et kann een nëmme bestätegen, datt dës Militärparad impressionnant war.

Néng europäesch Staats- a Regierungscheffen, esou wei och den NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg, hat de franséische President agelueden. Hie wollt en Zeeche setzen, seng Gäscht ob d‘Noutwennegkeet vun enger europäescher Verdeedegungspolitik hiweisen. Datt un der Parad en Detachement vu 500 Zaldote vun der däitsch-franséischer Brigad deelgeholl hunn, ënnersträicht dat.

Demonstratioun

An Zäite vu Klimanoutstand kéint een eigentlech op esou Fisematente verzichten, woubäi wann ee Muecht demonstréiert, brauch et och Opmierksamkeet. © sk/im-p

Als besonnesch – wann och duerchaus extravagant – Attraktioun, ass ee fir militäresch Asätz entwéckelt „Fly-Board“ virgestallt ginn. Dëst „Briet“ dat duerch Miniaturdüse gesteiert gëtt, an eigentlech méi no „Spillsaach“ ausgesäit, soll an Zukunft Zaldote bei hire Missioune begleeden. Donieft ass och den Asaz vun Drone mat vill Effet demonstréiert ginn. Et ass gutt gelaf…

Et haten sech och d‘Rabbelkäpp invitéiert

Op d‘Geleeënheet ze schéi war fir se net ze notzen ass net gewosst. Sécher ass dogéint, datt sech déi zur traureger Berühmtheet gelaangt „giel Gileten“ selwer invitéiert haten. Während der Parad selwer huet et Sloganen a Gepäifs géint de franséische President ginn. Zur Ausenanersetzung mat der Police koum et direkt no der Parad, wéi beim Arc-de-Triomphe Barrikaden erriicht goufen.

Demonstratioun

Vermummt a schwaarz gekleet, haten eng Rei „Demonstranten“ aus Ofspärgitter a Dreckskëschte Barrikade gezwaft, déi dann och a Brand gestach goufen. Säitens der Police ass nees Tréinegas agesat ginn an et soll och zu Handgräiflechkeete komm sinn. Bilan: 152 Persoune sinn vun de Sécherheetskräfte verhaft ginn. Dorënner déi „Prominent“ Jerôme Rodriguez a Maxime Nicolle.

Demonstratioun

Den Nationalfeierdag war eng ze schéi Geleeënheet an déi giel Gileten hu se genotzt. Wat et bruecht huet ausser Verhaftungen an e puer an d‘Sabbel? De Revendicatioune selwer éischter näischt, mee et bleift een am Gespréich… © sk/im-p

Dësen angebleche Symbolfigure vum Mouvement vun de „giele Gileten“ gëtt virgeworf, eng net geneemegt Demonstratioun organiséiert ze hunn. Si waren awer nëmme kuerz an Haft a sinn nach gëschter Owend nees op fräie Fouss gesat ginn. Et soll awer zu enger Uklo wéinst „Rebellioun“ kommen, esou eng Informatioun aus dem franséischen Inneministère.

mat indymedia/par

Foto: Vun der Éierentribün aus hunn de franséische President a seng europäesch Gäscht, der Garde Républicaine zougeklappt. De 14. Juli 2019 stoung ganz am Zeeche vun der europäescher Initiativ fir eng gemeinsam Verdeedegungspolitik. © Steffen Seibert/däitsche Regierungsspriecher

Ähnlech Sujeten 14. Juli, Emmanuel Macron, europäesch Verdeedegungspolitik, Frankräich, Nationalfeierdag
Nächsten Artikel Virrechten Artikel