Search

You may also like

Brexit: Boris Johnson am Clinch mam Parlament
International Neiegkeeten

Brexit: Boris Johnson am Clinch mam Parlament

Nach ass dem Donald Trump säi Protegé net Premierminister vu

Rebellioun zu Schraasseg (ee Kommentar)
International Neiegkeeten

Rebellioun zu Schraasseg (ee Kommentar)

Säit fënnef Deeg si mir beméit vun den zoustännegen Instanzen

Covid19-Direkthëllefen: Landwirtschaft endlech gläichbehandelen
International Neiegkeeten

Covid19-Direkthëllefen: Landwirtschaft endlech gläichbehandelen

„Bis haut ginn d‘Landwirt, d‘Wënzer an d‘Gäertner vun der Regierung

Demonstratioune lafen aus dem Rudder

Demonstratioune lafen aus dem Rudder

Zu London an zu Paräis gouf e Samschdeg, wéi op ville Plazen an der Welt, nach emol géint Haass a Rassismus demonstréiert. Dës Kéier sinn a béiden europäeschen Haaptstied d‘Extremer unenaner geroden, matten dran d‘Police. De gesellschaftleche Wandel schéngt sech net friddlech erbäiféieren ze loossen…

Am Zentrum vu London huet d‘Metro-Police et mat enger neier Zort Demonstranten ze di kritt. Hei haten sech neofaschistesch a rietsextrem Militante beim „gutt agepaakten“ Monument vum Winston Churchill versammelt. Den Neonazi Paul Golding, Leader vum Mouvement „Britain First“ hat seng Leit agelueden, d‘Statue géint d‘Antifa ze verdeedegen. Déi hat Besseres ze dinn, mee d‘Police war do. A wann ee sech schonn deplacéiert huet, fir sech ze klappen, schléit een op dat wat sech ubitt…

D‘Inneministesch Priti Patel huet dës Gewalt als vëlleg inakzeptabel bezeechent, a gewarnt. Wien sech u gewalttätegen Ausschreidunge bedeelegt, misst mat der voller Häert vum Gesetz rechnen. Si hat op Twitter Geschriwwen: „Gitt Heem vir d‘Ausbreedung (vum Covid19) ze stoppen a Liewen ze retten“. Klengt net verkéiert, mee dofir missten déi gewaltbereet dann och en Account hunn an der Ministesch hire Message gelies hunn, an dësem Appell och Folleg leeschten. Deem ass net esou.

Mee och de Buergermeeschter vu London, Sadiq Khan, hat d‘Awunner vu London opgeruff, vu Kundgebungen Ofstand ze huelen. Méi spéit am Owend huet de Premierminister Boris Johnson sech per Twitter vun der Gewalt distanzéiert, hei awer gemengt, datt de Mouvement ënnerwandert ginn ass an datt d‘Police mat all senger Muecht géint Ugräifer géif virgoen. Mee och de Premier schéngt mat senger „Message“ d‘Leit offensichtlech net erreecht ze hunn, wéi d‘Biller beweisen.

Black Lives Matter vs Britain First

Zu de Kundgebungen haten sech honnerten Demonstrante vun der Black Lives Matter Beweegung am Londoner Zentrum getraff. Verschidden Organisatiounen hat hei zu enger friddlecher Demo géint Rassismus a Policegewalt opgeruff. Nodeems eng Rei „ëmstridde“ Statuen an de leschten Deeg a Matleedschaft gezu goufen, hu rietsextrem Gruppéierungen hirersäits annoncéiert gehat, dës mat vollem Kierperasaz verdeedegen ze wëllen. Si haten net d‘Absicht friddlech ze demonstréieren.

Wann zwee Extremer openaner geroden © Mr. Fogg (via Twitter)

Dat Ganzt huet sech virum Hannergrond vun der Covid19-Pandemie zougedroen, an eigentlech sinn aus grad dësem Grond Versammlungen an Demonstratioune verbueden. D‘Police huet alles versicht drop hinzeweisen, datt eng Participatioun um Protest e Verstouss géint déi sanitär Reegelen ass. Elo ass et schwiereg all Mënsch ze verhaften, firwat sech d‘Police de kritescher Mass ugeholl, an deene verschiddene „Gruppen“ ënnerschiddlech Beräicher fir hir Aktiounen zougewisen hat.

Mee net nëmmen zu London hat d‘Police et mat gewaltbereeten Demonstranten ze dinn. Och an der franséischer Haaptstad sinn dausende Mënschen op d‘Strooss gaangen, fir géint Rassismus a Policegewalt ze manifestéieren. Zu dëser Demonstratioun hat d‘Schwëster vum 2016 an Policehaft verstuerwenen Adama Traoré opgeruff. Si hat an hirem Appell, de Fall vun hirem Brudder mat deem vum Afroamerikaner George Floyd, deen zu Minneapolis verstuerwen ass, verglach.

An och hei hu sech rietsextrem Gruppéierungen „invitéiert“. E Puer ënnert hinnen hate vun engem Dach, ee grouss Banner ausgerullt, mat deem si den Demonstranten „anti-wäisse Rassismus“ virgeworf hunn. De Banner gouf dunn allerdéngs vun de Leit am Haus, vum Balcon vun der dorënner leiender Wunneng zerschnidden. Dat huet eppes Tumult ausgeléist an d‘Police huet missen agräifen. Et ass entspriechend „hefteg“ zougaangen. Et gëtt keng Aussiichten op Besserung.

mat indymedia/lon/par

Related topics Adama Traoré, BLM, Britain First, Demonstratiounen, London, Paräis, Rassismus
Next post Previous post