Search

You may also like

Flogging Molly am Atelier – eng riseg Party am iresche Stil!
Neiegkeeten

Flogging Molly am Atelier – eng riseg Party am iresche Stil!

Gëschter Owend huet déi iresch Folk- a Punk-Rock Band Flogging

Dem Donald Trump seng Ried zur Lag vun der Natioun
Neiegkeeten

Dem Donald Trump seng Ried zur Lag vun der Natioun

Si ass mat Spannung erwaart ginn, egal a wéi engem

Washington: Sträit ëm d‘Récknam vun den IS-Kämpfer
Neiegkeeten

Washington: Sträit ëm d‘Récknam vun den IS-Kämpfer

Beim sougenannten „Anti-IS“ Koalitiounstreffen zu Washington ass et gëschter zum

Demonstréieren oder net Demonstréieren?

Demonstréieren oder net Demonstréieren?

Am Horesca-Secteur ass ee sech wuel eens, datt d‘Fermeture de rengsten Horror ass, mee sech elo instrumentaliséiere loossen, datt well een och net. Esou ergëtt et sech, datt een wuel gäre wéilt ganz ëffentlech géint d‘Mesure vun der Schléissung op d‘Strooss goen, een anersäits awer fir Mesuren zum Schutz géint de Covid19 asteet. Klengt komplizéiert? Genee dat ass et och…

Wéi et säitens der Verwaltung vun der Stad Lëtzebuerg confirméiert gëtt, ass der Demande fir eng Autorisatioun zur Manifestatioun, déi vun enger „Grupp“ vu Restaurateuren an Hotelieren ugefrot ginn ass, zougestëmmt ginn. Déi sinn sech elo allerdéngs net méi ganz esou sécher, op dat wat si do an d‘Welt gesat hunn, elo wierklech opportun ass. Si si jo net déi eenzeg, déi demonstréiere wëllen.

Alles an allem huet et véier Demanden zur Autorisatioun vun enger Manifestatioun ginn, an et muss een unhuelen, well d‘Fuerderungen deraart ënnerschiddlech sinn, de „Grupp“ elo eppes kal Féiss kritt. Esou seet dozou den Organisateur vum „Grupp“, Etienne-Jean Labarrère-Claverie: „4 Gruppe wollten d‘Geneemegung mat ënnerschiddleche Fuerderungen, deels géint d‘Masken, ausnotzen. Dat wëlle mir net, an och keng Demonstratioun mat 2.500 Leit“.

De Verdross mécht et méiglech

Mee wann ee Ball un d‘Rulle bréngt, léist sech dëse schwéier bis kaum bremsen. An esou ergëtt et sech, datt op mat oder ouni Autorisatioun, sech eng Rei Cafetieren, Restaurateuren an Hotelieren (woubäi et sech heibäi virzuchsweis ëm am Secteur beschäftegt oder „méi kleng“ Entrepreneuren handelen dierft) entschloss gewisen, dann awer um „Schweigemarsch“ ze bedeelegen.

Dësen als „Spadséiergank“ organiséierte Marsch huet elo zanter enger Rei Wochen, a gëtt vu Leit gedroen, déi sech géint d‘Covid19-Gesetzer am grousse Ganzen, géint d‘Maskeflicht an den Agrëff an d‘Privatsphär am besonneschen, zur Wier gesat hunn. Mat dësen awer wëllen sech déi onzefridde Membere vum Horesca-Secteur, elo och net identifizéieren, firwat si wuel wäerte matgoen, dann awer Horesca-Vesten undinn, fir sech ze ënnerscheeden.

Demonstréieren

Aus de Ministèren, déi d‘Finanzhëllefe fir de Secteur mussen organiséieren an zoustellen heescht et, datt vill Demanden déi agereecht ginn onvollstänneg sinn (dat kascht enorm Zäit) an et zudeem vill Entreprise gëtt déi wuel eligibel sinn, awer keng Demande gemaach hunn. Beim OGBL huet een sech der Saach och ugeholl, well ze befierchten ass, datt et hei zu massivem Aarbechtsplazverloscht komme wäert, wann d‘Situatioun net zäitno reguléiert gëtt.

Fir den Ament awer schéngt et net no „Perspektiven“ auszegesinn, d‘Reegele bis den 1. Februar sti fest. Wann een ee Bléck iwwert d‘Grenze werft, erkennt ee séier, datt et elo net duerno ausgesäit, wéi wann de Februar weider „Erliichterunge“ géif mat sech bréngen. Et ass leider och net domadder gedoen, wann dat ganzt Land sech owes mat iesse beliwwere léist. Et weist awer Wäertschätzung.

Illustratioun: Op Dauer ka kee Betrib existéieren dee keng Aktivitéit ënnerhält. Hëllefe sinn fir eng Iwwerbréckung gutt a Sënnvoll, an der Dauer geet et sech leider net op. © Tim Mossholder / unsplash

Related topics Covid19-Gesetz, Etienne-Jean Labarrère-Claverie, Fermeture, Horesca-Secteur, Instrumentaliséierung
Next post Previous post