Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Sinn dës Wierder richteg geschriwwen?
International Neiegkeeten

Sinn dës Wierder richteg geschriwwen?

Wien all Dag Lëtzebuergesch schreift, dee weess, datt et ëmmer

Chantier op der A13 tëscht Echangeur Schëffleng a Keel
International Neiegkeeten

Chantier op der A13 tëscht Echangeur Schëffleng a Keel

De Weekend heescht et fir d’Autofuerer, nees eng Portioun Gedold

Aarbechtslosenzuele an Europa sou déif wéi säit 2009 net méi
International Neiegkeeten

Aarbechtslosenzuele an Europa sou déif wéi säit 2009 net méi

Et si gutt Noriichten, déi Eurostat bréngt: An den Euro-Länner

De Mouvement Ecologique zum Bettel senger Ried!

De Mouvement Ecologique zum Bettel senger Ried!

De Mouvement Ecologique begréisst ausdrécklech, datt de Premier Xavier Bettel un Nationalfeierdag, de Klimaschutz an déi nohalteg Entwécklung ganz explizit als Thema opgegraff huet.

Sou wäit, esou gutt. Allerdéngs: betruecht een dës Ausso e bëssi méi genau, esou relativéiert sech den éischte positiven Androck. An der Ried gëtt de Premier Xavier Bettel un, Lëtzebuerg wir quasi Virreider a Saache Klima- an Ëmweltschutz – den „Challenge“ läit virun allem doran nach déi „retizent“ Länner ze iwwerzeegen, et selwecht ze maachen (*)!

De Xavier Bettel vermëttelt een absolut falscht a verzerrt Bild vun der momentaner Entwécklung a schéngt sech aus senger reeller Verantwortung op lëtzebuergeschem Niveau net bewosst ze sinn!

Zu Lëtzebuerg sinn d’CO2-Emissiounen am leschte Joer souguer geklommen, amplaz reduzéiert ze ginn. Mir hunn déi héchst Pro-Kapp-Emissiounen europawäit. Schockéierend 17,2 Tonnen/Awunner CO2 am Joer 2016 (europäeschen Duerchschnëtt 8,4t/pro Kapp).

Lëtzebuerg ass mat dat zerschniddenst Land vun der EU! De Verloscht u Biodiversitéit ass dramatesch a méi wéi besuergniserregend! Wëll mat eisem Bauboom, enger weiderhin onzefridde stellender Reegelung zum Pestizidverbrauch, geet alles weiderhin an déi falsch Richtung!

Momentan setzt d’Regierung drop, Betriber mat erhieflechem Waasserverbrauch zu Lëtzebuerg zouzeloossen, obwuel eendeiteg feststeet, datt mir an 10-20 Joer, souguer mat engem manner staarke Wuesstem vum Waasserverbrauch, erhieflech Problemer mat der Waasserversuergung wäerten hunn.

De sougenannten „Overshoot-Day“, den Dag un dem d’Land méi Ressource verbraucht huet wéi ëm op dësem Planéit zoustinn, erreecht Lëtzebuerg schonn um 16. Februar! Just de Qatar erreecht dëse „Rendez-Vous“ méi fréi, um 11. Februar. Gefollegt gi mir vun de Vereenegten arabeschen Emiraten a Kuwait (8. an 11. Mäerz). An Däitschland a Frankräich trëtt en och vill ze fréi an, awer ëmmerhi méi spéit wéi zu Lëtzebuerg (3. bzw. 14. Mee). Do muss ee sech schumme fir eist Land!

D’Lëscht kéint weidergefouert ginn. Alles weist dorop hin, datt Lëtzebuerg absolut kee Musterschüler ass. Am Géigendeel!

Seriéis Wëssenschaftler féierend zudeem un, datt den dauernden Wirtschaftswuesstem als Prinzip net mat der nohalteger Entwécklung vereenbar ass! Trotzdeem setzt Lëtzebuerg weiderhin op dëst Zil, mat alle bekannte verhierende Konsequenzen an am Bewosstsinn, datt ekonomesche Wuesstems guer net per se wohlfahrtssteigernd ass. Et gëtt och net emol am Usaz iwwerluecht, wéi ee Lëtzebuerg méi onofhängeg vun dësem Wuesstemszwang gestallte kéint!

Och déi wichteg Instrumenter zur Verbesserung vun der Situatioun gi bis ewell kaum genotzt. Stéchwuert nohalteg Steierreform. Eescht maache mat enger reeller Reduktioun vum Pestizidgebrauch a.a.m.

Dofir Här Bettel: Merci, datt Dir déi nohalteg Entwécklung opgräift. Awer méi Éierlechkeet – an ambitionéiert Handelen hei am Land – ass ee Muss! Lëtzebuerg ass momentan een immens erbärmlecht Beispill fir aner Länner!

Matgedeelt vum Mouvement Ecologique – iwwersat vum Shari Pleimelding

Opmaacherbild: vum Mouvement Ecologique

Ähnlech Sujeten Klimawandel, Mouvement Ecologique, Nationalfeierdag, Ried, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel