Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Sozialisten zéien de Bilan
Kultur Neiegkeeten

D‘Sozialisten zéien de Bilan

Ënnert dem Motto: „Mi hu Wuert gehalen“ huet d‘LSAP e

Brasilien huet sech e Faschist zum President gewielt
Kultur Neiegkeeten

Brasilien huet sech e Faschist zum President gewielt

Hie war Offizéier an der Arméi an huet vun enger

USA: Wirtschaftssanktioune versus Awanderung
Kultur Neiegkeeten

USA: Wirtschaftssanktioune versus Awanderung

Datt den Donald Trump seng Mauer un der Grenz zu

Automobilisten uecht gedoen: den 2. Februar ass Liichtmëssdag

Automobilisten uecht gedoen: den 2. Februar ass Liichtmëssdag

Muer ass et nees esouwäit, da lafen d‘Krapperten an d‘Knetzelen uechtert d‘Land a gi Liichten. Eng Traditioun déi de Butze gutt zu Gesiicht steet, an jo och net vu Muttwëll ass, well wien sech net all ze domm ustellt, sollt jo räichlech belount ginn. D‘Juegd no Séissegkeete mécht zudeem Spaass…

Fir dat d‘Kanner dann och ouni Angscht hiren Tour dréie kënnen, sinn si opgefuerdert sech u e puer grondsätzlech Reegelen zu wéi ee sech am Verkéier behëlt, ze behäerzegen. En Avis deen och fir déi Erwuesse gülteg ass, déi mat eise jéngsten op den Tour ginn. Esou réit d‘Securité Routière: ëmmer um Trottoir ze goen a sech vum Verkéier dee rullt ewech halen.

Et geet een nëmmen do iwwer d‘Strooss, wou en Zebrasträifen oder eng rout Luucht steet, oder een de Verkéier mindestens an den zwou Richtungen, am A huet. Et deet ee sech esou un, datt ee vun de Leit gutt gesi gëtt. Reflektéierend Sticker op der Kleedung, oder eng blénkend Liichtchen, kënnen hei Wonner wierken. Gutt gesinn a gesi ginn, ass hei Tromp.

D‘Securité Routière erënnert dann och nach emol dorunner, datt och wann de Foussgänger beim Zebrasträifen d‘Prioritéit huet – wann hie ugewisen huet datt hien iwwert d‘Strooss wëll – esou bleift de Blech méi staark wéi d‘Haut, an et sollt een och nëmmen dann iwwert d‘Strooss goe wann et sécher ass. Et sollt een zudeem waarde bis d‘Gefier ganz steet.

A Richtung Automobilisten – a wat soss nach alles esou op eise Stroossen ass – en Appell: gitt uecht d‘Kanner sinn ënnerwee! Maacht besonnesch an de Wunngebidder, Siidlungen an iwwerall do wou dir Kanner erwaarde kënnt einfach lues. Liichtmëssdag ass emol am Joer, an et soll fir d‘Kanner an d‘Elteren e Fest- a keen Trauerdag sinn. Dofir: „Fouss vum Gas!“.

Wat ass dat iwwerhaapt, Liichtmëssdag

Géintiwwer deem wat een am allgemenge kéint unhuelen, ass Liichtmëssdag keng Erfindung vun der kathoulescher Kierch. Erfonnt hunn dat d‘Kelten, a well et méi einfach war de Brauch ze iwwerhuelen, wéi déi „Ongleeweg“ dovunner ofzehalen, huet d‘Kierch et einfach „assimiléiert“.

Liichtmëssdag

Léiwer Härgottsblieschen,
Gitt ons Speck an Ierbessen
Ee Pond, zwee Pond,
Dat anert Joer da gitt der gesond,
Da gitt der gesond.
Loosst déi jonk Leit liewen,
an déi al Leit stierwen / derniewent.
Kommt der net bal,
D’Féiss ginn ons kal.
Kommt Der net gläich,
Da gi mer op d’Schläich.
Kommt der net geschwënn,
D’Féiss ginn ons dënn.
Kommt Der net gewëss,
Da kritt Der e Schouss voll Nëss.
© Nik Welter (1929)

Déi Geschicht mam „liichte goen“ geet zréck op dat keltescht Fest vum Imbolc, e Fest zu éiere vun der Gëttin Brigid. Dobäi geet ëm d‘Rengegung, d‘Fruchtbarkeet an d‘Enn vum Wanter (och wann dee bei eis elo eréischt ugefaangen huet). Laut den Historiker, soll och d‘Fest Lupercus vun de Réimer (benannt no engem Gott vun der Fruchtbarkeet) hei agefloss sinn.

Bis an dat 5. Joerhonnert no Jesus Gebuert, war et een heednescht Fest. Et war de Poopst Gelasius I, deen d‘Ritual christianiséiert huet, an iwwerhaapt emol dat Gedeessems mat de Luuchten agefouert huet. Laut den Iwwerliwwerunge soll Liichtmëssdag drun erënneren, wéi de Jesus am Tempel presentéiert ginn, an d‘Maria gerengegt ginn ass. Bon, mir waren net derbäi…

An eise Butzen dierfen dës „Hannergrënn“ roueg egal sinn. D‘Haaptsaach – och wann dat net all Mënsch esou gesäit – ass dach, datt dës „kleng Mënschen“ eppes zesummen ënnerhuele kënnen an dobäi Spaass hu bis de Bauch wéi deet. Gutt dat ass net dee beschte Rot…. mee mir hunn et dach och iwwerlieft, an aus deem engen oder aneren ass esouguer eppes ginn.

Ähnlech Sujeten Butzen, Knetzelen, Krapperten, Liichtmëssdag, Oppassen, Verkéierssécherheet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel