Search

You may also like

Rohingyas am Bangladesch: eng Communautéit vrum Ofgrond
International Neiegkeeten

Rohingyas am Bangladesch: eng Communautéit vrum Ofgrond

Zanter dem 25 August, esou de Communiqué vun Dokteren ouni

De Contournement vun Dippech ka kommen
International Neiegkeeten

De Contournement vun Dippech ka kommen

Der Buergermeeschtesch vun Dippech ass méi wéi nëmmen ee Stee

Pacemakers Nuclearban Tour – 750 Kilometer um Vëlo!
International Neiegkeeten

Pacemakers Nuclearban Tour – 750 Kilometer um Vëlo!

Als „Begleetmoossnam“ zu den Europawahlen, féiert den „Pacemakers Nuclearban Tour“

Amerikanesch Procureure wëllen den 3D-Ausdrock vu Waffe verhënneren

Amerikanesch Procureure wëllen den 3D-Ausdrock vu Waffe verhënneren

D‘Procureure vun aacht US-Bundesstaaten an der Haaptstad Washington wëllen d‘Justiz saiséiere fir ze verhënneren, datt e Programm online ka goen, mat deem unhand vum engem 3D-Drucker eng Waff kann hiergestallt.

Bosseg hei: d‘Regierung huet et méiglech gemaach, datt de Programm zur Hierstellung vu Waffe mat engem 3D-Drucker, online geet. 2015 war de Grupp „Defense Distributed“ (DD) vun den US-Autoritéite gezwonge ginn, en Handbuch zréckzezéien, an deem erkläert ginn ass, wéi ee selwer, mat engem 3D-Drucker eng Waff hierstelle kann. Aus Plastik vläicht, mee mat alle Fäegkeete vun enger echter Waff.

Fir Defense Distributed den Ufank vun engem laange Geriichtsprozess. An éischter Instanz wéi och an Appell sinn se nach mat eidelen Hänn heem gaangen. Och d‘Saisie vum ieweschte Geriichtshaff huet net dat erwënschte Resultat bruecht, dat hat sech geweigert den Dossier ze préiwen.

… am Land vun den onbegrenzte Méiglechkeeten

Domatter wier de „Problem“ un a fir sech vum Dësch gewiescht, mee et ass een an Amerika an do geet bal alles. An hei ass et dann och d‘Regierung, déi fir den „Eclat“ gesuergt huet, well nodeems Defense Distributed all juristesch Mëlle verbraucht hat, huet sech d‘US-Regierung Enn Juni bereet erkläert, mam Grupp en Accord ze schléissen, wat et erlaabt d‘Programmer online ze stellen.

E puer Demokraten hunn an de leschte Stonnen hir Roserei zum Ausdrock bruecht, a besonnesch op méiglech Konsequenze vun esou enger Entscheedung higewisen. E Méindeg sollten d‘Procureure vun aacht US-Bundesstaaten an der Haaptstad Washington, bei engem federale Geriicht zu Seattle d‘Regierung assignéieren, heescht et säitens de Spriecherin vum Procureur Bob Ferguson.

„Et ass einfach verréckt, Kriminellen d‘Méiglechkeet ze gi fir mat engem 3D-Drucker, Waffen hierzestellen déi, net noverfollegt an net detektéiert kënne ginn, an dat mat engem einfachen Drock op e Knäppchen“, iergert sech d‘Procureure vum Bundesstaat New York, Barbara Underwood.

Den 3D-Drucker „liberaliséiert“ de Waffebesëtz

De Bob Ferguson, Procureur vum Bundesstaat Washington, huet wéineg Versteesdemech fir dat wat hei vun der Regierung provozéiert gëtt: „Dës Waffen si jidderengem zougänglech, egal wéi en Alter, dem geeschtlechen Zoustand, oder der krimineller Vergaangenheet. Wann d‘Trump-Administratioun eis Sécherheet net assuréiert, da musse mir dat iwwerhuelen“.

Elo ass dëse „Problem“ net eleng an de USA bekannt. Ähnlech Programmer sinn och an anere Länner erstallt ginn. Dat notamment a China, Japan a Groussbritannien. D‘Procureuren an den USA wëllen sech elo op techneschen Elementer bezéien, fir d‘Gültegkeet vum Accord ze kontestéieren, deen et Defense Distributed erméiglecht ab e Mëttwoch de Programm ze verkafen.

D‘Procureure bezéien sech zudeem och op de Fait, datt d‘Administratioun net déi vun de Texter festgeluechten Etappen agehalen huet, iert si der Entreprise formell erlaabt huet, de Programm online ze stellen. Well den Delai „kuerz“ ass, hunn d‘Procureuren d‘Geriicht opgefuerdert séier ze statuéieren an d‘Autorisatioun ze suspendéieren.

mat AFP

Foto: (Archiv) Am Juli 2013 ass d‘Pistoul „Liberator“ virgestallt ginn. Eng Waff déi integral mat engem 3D-Drucker hiergestallt ginn ass, komplett aus „Plastik“ besteet, mee richteg Munitioun verschéisse kann. © Robert MacPherson/AFP

Related topics 3D-Ausdrock, Defense Distributed, USA, Waffen
Next post Previous post