Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislikemoney
Fräihandel: USA op Kollisiounskurs mat Kanada, Mexiko hält sech zréck
International Neiegkeeten

Fräihandel: USA op Kollisiounskurs mat Kanada, Mexiko hält sech zréck

D’Reiwereien tëscht dem Kanada an den USA sinn um Héichpunkt,

dislike
Wéi verbréngt d’Jugend zu Lëtzebuerg hir Fräizäit?
International Neiegkeeten

Wéi verbréngt d’Jugend zu Lëtzebuerg hir Fräizäit?

Mat dëser Fro huet sech de Statec auserneen gesat. An

„Lëtzebuerg – Ons Alstad gëscht an haut“ – ee Buch iwwert eist kleng Land
International Neiegkeeten

„Lëtzebuerg – Ons Alstad gëscht an haut“ – ee Buch iwwert eist kleng Land

Wéi huet d’Lëtzebuerger Alstad fréier ausgesinn, wat huet sech wéi

Den Aarbechtslosentaux an der EU bleift am Mäerz stabil

Op e Joer gekuckt huet sech d'Lag awer verbessert

Den Aarbechtslosentaux an der EU bleift am Mäerz stabil

D’Noriichte wat d’Aarbechtslosegkeet an der EU ugeet bleiwe weider relativ positiv. Esou ass zwar den Taux am Verglach zum Februar an der EU28 bei 7,1% bliwwen, mee op e Joer gekuckt ass een 0,8 Prozentpunkten erof komm. Dëst ass déi niddregst Quot zënter September 2008, esou Eurostat an hirer Pressematdeelung. Zum Verglach: den Taux vun der Aarbechtslosegkeet an den USA läit bei 4,1%, wat 0,4 Prozentpunkte manner sinn, wéi am Joer virdrun.

Griicheland entwéckelt sech op e Joer gekuckt ganz positiv

Den niddregsten Taux vun der Aarbechtslosegkeet konnten an der Tschechescher Republik (2,2%), zu Malta (3,3%) a bei eisen Däitschen Nopere (3,4%) verzeechent ginn. Um aneren Enn vum Spektrum fënnt ee Griicheland (20,6% am Januar 2018) a Spuenien (16,1%). Dobäi ass virun allem Griicheland e gutt Beispill dofir, wéi positiv d’Entwécklung ass: Waren am Januar 2017 nach 23,2% vun de Leit Aarbechtslos, sinn se am Januar vun dësem Joer op 20,6% erof. Zu Lëtzebuerg läit d’Quot laut Eurostat am Mäerz bei 5,4%. Virun engem Joer louch se nach bei 5,8%

Op d’Joer gekuckt ass d’Aarbechtslosegkeet iwwerall réckleefeg, bis op zwou Ausnamen: a Litauen ass se onverännert bliwwen an an Estland ass se vu 5,3% am Februar 2017 op 6,5% am Februar 2018 geklommen.

 

Ähnlech Sujeten Aarbechtslosegkeet, EU, Europa, Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel