Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – De Jangeli rullt!
Money Neiegkeeten

What the Fakt – De Jangeli rullt!

Vum 17. Februar 1882 un ass de „Jangeli“ iwwer 70

surprise
Super Bowl: D‘Adler klappen d‘Patrioten
Money Neiegkeeten

Super Bowl: D‘Adler klappen d‘Patrioten

De Philadelphia Eagles ass eng vun de gréissten Iwwerraschungen an

Den erzwongene Sozialkonflikt
Money Neiegkeeten

Den erzwongene Sozialkonflikt

Wann een e Bléck op d‘Konjunktur wërft, sech d‘Chômageszuelen zu

money

Den Aarbechtsminister an der Defensiv

Eppes an de Fokus vun der Kritik geroden, no engem ongléckleche Post op Facebook, huet den Dan Kersch gëschter op de Welle vu Bertelsmann-RTL ugekënnegt, datt „non-obstant“ vum Statut allen Independante wäert gehollef ginn.

Den Aarbechtsminister an der Defensiv

Wat huet de sozialisteschen Aarbechtsminister net alles missen iwwert sech ergoe loossen, nodeems hien op sengem Facebook-Account ugedeit huet, datt déi ënnert den „Independanten“, deenen et elo finanziell éischter „eppes besser geet“ elo net direkt sollte mat enger Finanzsprëtz rechnen. Eng u sech vernënfteg awer leider och net wierklech glécklech Ausso, déi fir Gejéimers gesuergt hat.

Gëschter Muere konnt den Dan Kersch – deem zum Virworf gemaach gëtt a senger Jugend bei der Kommunistescher Partei aktiv gewiescht ze sinn, wat mindestens esou domm wéi oniwwerluecht ass, well et weder eppes mam aktuelle Kontext ze dinn huet, nach ziilféierend ass – sech am véier Ae gespréich mam President vun der Handwierkerfederatioun, Michel Reckinger, deem stellen.

Fir de Michel Reckinger – ee Personnage deen och elo net onëmstridden ass – war et d‘Geleeënheet eppes Gëft ze verspreeën. D‘Handwierker, a grad déi kleng Independanten, ware ganz kloer net vum Aarbechtsminister gemengt, wéi dësen a sengem Post vun „décken Autoe“ geschwat huet, do waren dann éischter Juristen a soss Geselle gemengt, déi een éischter zur „Elitte“ rechne sollt.

Den Handlungsspillraum bestëmmen d‘Gesetzer

Elo ass et awer och richteg, an dees ass sech den Aarbechtsminister duerchaus bewosst, datt de Virworf: „Et huet een d‘Gefill datt d‘Independanten absichtlech vergiess goufen!“ vum Michel Reckinger net onbegrënnt ass. A jo hie weess och, datt et do vill „Klenger“ gëtt, déi eng cibléiert Hëllef erwaarden a virun allem och dréngend brauchen. Leider ass eng einfach Léisung schwiereg.

Esou huet den Dan Kersch nach emol missen erklären, dat unhand den aktuelle Gesetzestexter, de partielle Chômage (Kuerzaarbecht) einfach net op d‘Independante ka ugewannt ginn. Dofir goufen Hëllefe virgesinn: esou déi 5.000 Euro fir Entreprise mat manner wéi néng Beschäftegten. Déi ass mëttlerweil verduebelt ginn an ass kee Kredit, dee vun de Beneficiaire muss rembourséiert ginn.

Fir déi mëttelstänneg Entreprise mat bis zu 20 Salariéeën, läit dëse Montant bei 12.500 Euro. Fir déi Selbststänneg ginn ëmmerhin nach 2.500 Euro ausbezuelt. Dat ass net der Däiwel vill, firwat de Michel Reckinger d‘Perte beim Akommes ze sprieche komm ass. An d‘Independanten hu jo och eng Famill, déi sech um Mëttegdësch eppes méi wéi eng Waasserzopp mat Fett-Aen erwaarden.

D‘Fuerderunge vun der Handwierkerfederatioun

Fir de President vun der Handwierkerfederatioun géif een net derlaanscht kommen hei nach emol alles op den Dësch ze leeën, a hien hat – schliisslech war een am Radio an eppes Reklamm an eegener Saach kann net schueden – och eng Propos an der Täsch, déi hien dem Aarbechtsminister net virenthalen huet. Esou erwaart hien eng Direkthëllef déi 80% vum Joresakommes ausmécht.

A fir datt et dann och „gerecht ass“ sollt dës Hëllef op 2,5 mol de Mindestloun (op ee Joer gesinn) plafonnéiert ginn. Kléngt vernënfteg, géif awer an anere Länner schonn nees als „kommunistesch“ verkläert ginn. De Minister konnt dann och net aus der Hëft der Demande vum Michel Reckinger entspriechen, huet awer drop higewisen, datt et an dëser Saach scho Concertatioune ginn huet.

Esou wier sech mam Finanz- an dem Wirtschaftsminister berode ginn, wéi een déi bestoend Mesure kann erweideren. Den Dan Kersch huet awer och betount: „Sollt d‘Kris sech hinzéien an géif et do Mënschen an Nout déi dreeën duerch d‘Netz ze falen, sinn ech bereet ze hëllefen, an dat egal wéi de Statut vun dëse Leit ass“. An dat war, ass an dierft och weiderhin seng Linn bleiwen…

Illustratioun: © John Bennitez / unsplash

Ähnlech Sujeten Aarbechtsminister, Coronavirus, Covid19, Dan Kersch, Finanzhëllefen, Handwierkerfederatioun, Michel Reckinger
Nächsten Artikel Virrechten Artikel