Search

You may also like

E Buch, en Artikel oder just en Dokument: op A bis Z Punkt LU sollt een dat fannen
Neiegkeeten

E Buch, en Artikel oder just en Dokument: op A bis Z Punkt LU sollt een dat fannen

Am Kader vu senger Online-Entwécklungsstrategie huet d‘Nationalbibliothéik (BnL) de Site

Taekwondo: Eng éischt erfollegräich „Ardennes Open“
Neiegkeeten

Taekwondo: Eng éischt erfollegräich „Ardennes Open“

Asiatesch Kampfsportaarten erfreeën sech grousser Beléiftheet an natierlech gëllt datt

money
„You name it, we fly it“ – D‘Cargolux am grénge Beräich
Neiegkeeten

„You name it, we fly it“ – D‘Cargolux am grénge Beräich

Dem CEO vun der Cargolux, de Richard Forson konnt ee

Den ACL informéiert

Nei Autobunnsvignetten 2020 fir d‘Schwäiz an Éisträich ab e Méindeg zu Bartreng erhältlech

Den ACL informéiert

Wéi den Automobil Club Lëtzebuerg (ACL) et matgedeelt huet, kann een ab dem Méindeg déi nei Autobunnsvignetten 2020 fir d‘Schwäiz an Éisträich an der Zentral vum ACL zu Bartreng wéi och am Büro zu Dikkrech kréien.

Déi Schwäizer kascht 38 Euro an déi éisträichesch ass eng Grëtz méi deier ginn: déi kascht elo fir ee Joer 91,10 Euro a fir zwee Méint 27,40 Euro. Fir zéng Deeg muss een nach 9,40 Euro op den Dësch leeën. Fir Motorrieder beleeft sech den Tarif: 2 Méint 13,70 Euro – 10 Deeg 5,40 Euro.

D‘Joresvignette fir béid Länner si 14 Méint gülteg: also vum 1. Dezember 2019 bis zum 31. Januar 2021. Fir weider Froen zu de Stroossentaxen an de genannte Länner oder generell zu Europa, stinn iech wéi gewinnt d‘Mataarbechter vum ACL zur Verfügung.

Et muss een net zwéngend laanscht komme fir gehollef ze kréien. En Appell op den 45 00 45 1 oder eng e-Mail un den acl@acl.lu a scho kritt ee geäntwert. D‘Büroen zu Helfent si vu Méindes bis Freides duerchgoend vun 8 bis 18 Auer op. D‘Redaktioun an den ACL wënscht alle Lieser eng onfallfräi Faart.

Foto: Pixabay

Related topics ACL, Autobunnsvignette, Éisträich, Schwäiz, Vignette
Next post Previous post