Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

LISER: Beweege mir eis genuch am Alter?
Meenung

LISER: Beweege mir eis genuch am Alter?

De Manktem u Beweegung ass laut WHO de véiert gréisste

What the Fakt – Haut ass den Dag vum Panesch!
Meenung

What the Fakt – Haut ass den Dag vum Panesch!

Et ass zwar ee kuriéise Feierdag vun eise franséischen Noperen,

dislike
UNO kierzt de Blohelmer de Budget
Meenung

UNO kierzt de Blohelmer de Budget

Ënnert dem Drock vun den USA, muss d’UNO de Budget

Den Alldagsrassismus kritt Opwand

Den Alldagsrassismus kritt Opwand

Op et elo am Kaffi, op der Strooss oder op Facebook ass: Et fällt engem ëmmer méi op, datt den Alldagsrassismus salonfäheg ginn ass. Perséinlech gesinn ech dat och, well ech d’Kommentare bei der moien.lu Facebook-Säit beruffshalber liese muss. An ëmmer mi oft muss agräifen.

Do hues de dann en Opmaacherbild mat engem Schwaarzen, dann dauert et nëmmen e puer Minutten, bis ee mengt, di Schwaarz (dës Persoun huet en anert Wuert gebraucht, wat ech net widderhuelen) wieren awer och iwwerall. En Artikel iwwert eis Sprooch gëtt mat dem übleche Mooss Xenophobie beduecht, een iwwert Immigratioun gëtt do net anescht kommentéiert.

De “klenge” Rassismus ass iwwerall ze fannen. Ween en uprangert, kritt schnell Géigewand, et sollt een sech dach net sou pipeg ustellen. Dobäi stëmmt och hei: Wehret den Anfängen!

Bei de Kollegen vun RTL, Wort an Tageblatt gesäit et net vill anescht aus, och wann ech feststellen, datt et méi schlëmm gëtt, wann de Medium op Lëtzebuergesch bericht. Et ass de ganz allgemengen Alldagsrassismus, deen net schlëmm genuch ass, vir e viru Geriicht ze bréngen. Datt en net vun all Page-Bedreiwer geläscht gëtt, ass mer awer onverstänneg. An datt d‘Géigeried all ze oft ausbleift, ass ëmsou méi frustréierend.

Dëst och, well sech doduercher déi Form vu Rassismus ëmmer méi normaliséiere kann. Wann anerer et ongestroft soen dierfen, da kann ech dat jo och soen? – Sou gesäit dann ongeféier de Gedankegang aus. An déi Rietsextrem, déi fille sech deen Ament gestäerkt, well hir Meenung, och wann se verwässert ass, op ee mol salonfäheg ass.

Et ass kee reng Lëtzebuergesche Phänomen. Deen ass mëttlerweil iwwerall ze fannen an léisst latent Friemefeindlechkeet, déi souwisou scho virhanden ass, un d‘Uewerfläsch klammen. Do gëtt se siichtbar, an en exzellente Nährbuedem fir méi extrem Gedanken.

Nächsten Artikel Virrechten Artikel