Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Iwwert eng Millioun Brite fuerderen en zweete Brexit-Referendum
International Kultur Neiegkeeten

Iwwert eng Millioun Brite fuerderen en zweete Brexit-Referendum

Zu London hunn d‘Briten – oder zumindest déi ënnert hinnen

SREL-Affär: Dat wier gekläert!
International Kultur Neiegkeeten

SREL-Affär: Dat wier gekläert!

De Prozess um Geriicht zu Lëtzebuerg, wou de fréiere SREL-Direkter

Bicherwoch am Biodiversum -Esou gëtt d’Fuesvakanz spannend gestalt!
International Kultur Neiegkeeten

Bicherwoch am Biodiversum -Esou gëtt d’Fuesvakanz spannend gestalt!

Bei der 4. Editioun vun der Bicherwoch, déi vun natur&ëmwelt

Den Andalusier: Wéi ee Véierbeener eng Regioun mat Eleganz representéiert

Den Andalusier: Wéi ee Véierbeener eng Regioun mat Eleganz representéiert

Generell gëllt d’Päerd als doucet an intelligent Déier, stécht reegelrecht als Symbol fir Grazie a Schéinheet ervir. Passend zu eiser Themewoch bezéie mir eis besonnesch op den Andalusier, deen duerch seng liichtend Hoer a senger Léierfäegkeet virun allem an der klassescher Dressur weltwäit immens geschat gëtt.

Et ass speziell déi Kinneklech Andalusesch Reitschoul Real Escuela Andaluza del Arte Ecuestre zu Jerez de la Frontera, déi duerch eng eenzegaarteg Perfektioun an technesch Meeschterleeschtunge vum a mam kinnekleche Päerd iwwerzeegt. Säin temperamentvollt a gläichzäiteg sensibelt Wiese mécht, datt dëst Déier oft als dat „perfekt Päerd“ bezeechent gëtt.

Andalusier

© musement.com

Mat Hëtzt an Häerz

Den Andalusier staamt vun den iberesche Päerd of a gëtt zënter dem 15. Joerhonnert vu Mönchen vum Kartaiser-Uerden geziicht. Virun allem dem räichen Adel an dem spuenesche Kinnekshaus hunn d’Päerd esou verzaubert, datt si d’Ziichtung gäre gefërdert hunn. Trotz enormem Temperament ass de Véierbeener nieft dem Turnéierreider och fir Ufänger gëeegent. Dat läit nämlech un hirer Gedold, dem Gehuersam an der Intelligenz.

Besonnesch schéin, gesond a begaabt Déieren dierfen sech „Pura razza espanola“ (PRE) nennen. Heivir mussen si eng speziell Prüfung, och „Körung“ genannt, bestoen, woubäi de Kierperbau, d’Beweegungen an de Charakter vum Päerd genee ënnert d’Lupp geholl ginn. Erfëllt den Andalusier all Punkten, esou gëtt en an d’Zuuchtbuch agedroen.

Iwwregens hunn och d’Regisseure Gefalen um Päerd fonnt. Esou huet des Rass beispillsweis am Herr der Ringe oder och Die Chroniken von Narnia matgespillt. Et muss also net ëmmer ee Lippizaner sinn.

Andalusier

© musement.com

Wa Päerd danze kënnen

Schonn d’Maurer hunn d’Päerd an d’Reitkonscht mat an Andalusien bruecht. Nodeems d’Kartaisermönchen zu Jerez schliisslech 4.000 Hektar Land vum spuenesche Kinnekshaus geschenkt kruten, konnt d’Perfektioun vun der Päerdsrass ufänken. Mëttlerweil sinn et virun allem d’Cartuanos an d’Kartaiserpäerd, déi zu de beschten Ënnerrassen gehéieren.

Bekannt ass déi Kinneklech Andalusesch Reitschoul virun allem fir seng Virstellungen „Wéi déi andalusesch Päerd danzen“. Een eenzegaartege Spektakel faasst op eng bal natierlech Aart a Weis d’Aarbecht vun Déier a Mënsch zesummen. D’Choreographië vun dësem Päerdsballet, déi mat spuenescher Musek a fantastesche Kostümer aus dem 18. Joerhonnert ënnermoolt ginn, bauen op de Lektioune vum klasseschen Dressurreiden, dem Cowboy-Dressurreiden an aneren traditionelle Reitdisziplinnen op. Dobäi presentéiert all Virstellung 6 bis 8 vun dëse Choreographien.

Net nëmmen d’Optrëtter, mee och eng einfach Visitt vun der Kinneklech Andalusescher Reitschoul a sengen déiereche Bewunner lount sech. Den Haff, dee sech am ehemolege „Palacio de Abranes“ befënnt faszinéiert schonn eleng duerch seng iwwerwältegend schéin Architektur, déi vun engem wäitleefege Park ëmrënd gëtt.

Dës weidere kann ee sech d’Kollektioun vun 19 Kutschen, d’Päerdsgeschier an déi elegant Andalusier am Stall oder och beim Training ukucken. Duerch d’Besiche vum „Museo del Enganche“ kritt een ee méi déiwen Abléck an d’Geschicht, sou wéi an d’Bedeitung vum Haff an der Aarbecht gebueden.

Ähnlech Sujeten Andalusien, Andalusier, Dressurreiden, Herr der Ringe, Jerez de la Frontera, Kinneklech Andalusesch Reitschoul, Päerd, Pura razza espanola, Real Escuela Andaluza del Arte Ecuestre, Spuenien, Süden
Nächsten Artikel Virrechten Artikel