Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Transsexualitéit – de couragéierten Emgang mat der Realitéit
Neiegkeeten

Transsexualitéit – de couragéierten Emgang mat der Realitéit

Wien mengt, datt Transsexualitéit zu Lëtzebuerg kee grousst Thema ass

Kongress FN: De Steve Bannon leet sech mat de Medien un
Neiegkeeten

Kongress FN: De Steve Bannon leet sech mat de Medien un

De fréiere Beroder vum Donald Trump, Steve Bannon, war um

money
Geet et der Wirtschaft gutt, geet alle gutt
Neiegkeeten

Geet et der Wirtschaft gutt, geet alle gutt

2017 war konjunkturell gutt an huet sech positiv op de

En Debat fir den architektonesche Patrimoine ze schützen

En Debat fir den architektonesche Patrimoine ze schützen

D‘Petitioun zum Schutz vum architektonesche Patrimoine (1638) war den 22. Juni vum Sandra Latanik an de Coauteure Peter Kleijnenburg, Karin Waringo, Tania Wenzel an Eryn Zander an der Chamber virgeluecht ginn, an huet bis haut 4.790 Ënnerschrëfte kritt. Domadder steet fest, datt déi an dëser Petitioun gestallte Fuerderungen zu engem ëffentlechen Debat féieren.

An der Facebook-Grupp „Luxembourg under destruction – Mir wëllen hale wat mir hunn“ geet et héich hir. An dat ass duerchaus novollzéibar. Si setzen sech fir d‘Erhale vun den Haiser déi virun 1955 gebaut goufen an vum architektonescher Bedeitung sinn. Am Grupp gëtt sech virrangeg iwwer déi muttwëlleg Zerstéierung geiergert, ouni datt am Virfeld gepréift géif ginn, ob en Haus net awer Erhalenswäert wier.

Esou gëtt dann och an der zimmlech ëmfangräicher Petitioun gefuerdert, datt ee Proprietär vun engem Gebai muss noweisen, datt et sech beim Objekt dat soll ofgerappt ginn, net ëm eng schützenswäert Immobilie handelt. Mat der Baggerschëpp blann drafache wier, sollt d‘Petitioun zu engem Gesetz féieren, dann och éischter d‘Ausnam wéi d‘Reegel.

An der Haaptstad sinn 8.722 Haiser (vun insgesamt ronn 25.500) duerch de PAG geschützt. Dat hat de Schäfferot esou an enger Erklärung am Februar matgedeelt. Dësen huet deemools och drop higewisen, datt sech d‘Gemeng nëmmen am Kontext vun engem Partikularen Amenagementsplang (PAP) vun engem bestoende Quartier, oder dem PAG an engem geschützte Secteur, géint eng Demolitioun zur Wier setze kann.

Nach eppes éischter, am Mee 2019, hat de Kulturministère – deen ass zoustänneg fir de Patrimoine – erkläert datt d‘Reform vum Gesetz zum erhale vun de Sites & Monuments eng vu senge grousse Prioritéiten ass. Dat als Äntwert op d‘Klo vum Staat fir d‘Oppositioun vun der Zerstéierung vu Gebaier, déi méiglecherweis hätten als nationaalt Monument kéinte klasséiert ginn. Et ass do ëm d‘Gebaier an der Strooss vum Jang de Blannen um Lampertsbierg gaangen.

Mam Debat, dee fir Ufank Hiecht dierft virgesi sinn, kann een déi onséileg Zerstéierung wuel net méi Réckgängeg maachen, mee et kann den Deputéierten d‘Méiglechkeet erëffnen, sech endlech fir ee Gesetz anzesetzen, dat dësem wirtschaftleche Vandalismus seng Grenzen opweist. Fir den Ament awer wëll sech am Kulturministère keen zur Petitioun a sengem Inhalt äusseren.

Foto: © Melvin Hetto /moien Archiv

Ähnlech Sujeten Kulturministère, Luxembourg under destruction, Patrimoine, Petitioun 1638
Nächsten Artikel Virrechten Artikel