Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Korea: Gutt Aussiichten op e Friddensvertrag
courtney and liam celebs go dating Neiegkeeten

dating while divorcing uk

Déi zwee koreanesch Staatscheffen hunn sech, beim historesche Sommet op

vanessa anne hudgens dating history
courtney and liam celebs go dating Neiegkeeten

What the Fakt – Box erof! Et ass Feierdag!

Dëst Uso war kee Witz, obwuel een et scho mat

GEWËNNSPILL 2019: Sitt mat dobäi um Auto-Cross zu Helleng!
courtney and liam celebs go dating Neiegkeeten

GEWËNNSPILL 2019: Sitt mat dobäi um Auto-Cross zu Helleng!

Loscht op Bulli, Bensin an Béier? Wann Dir Fan vun

Den Atelier: Ganz vill Häerz, ganz vill Dean Lewis!

Den Atelier: Ganz vill Häerz, ganz vill Dean Lewis!

Et geet nees viru mam musikalesche Repertoire. Um Programm gëschter Owend vum Atelier stoung den australesche Singer-Songwriter Dean Lewis, dee weess, wéi een de Meedercher mat sengen Häerzschmerz-Lidder de Kapp verdréit. Als Support war de Lëtzebuerger Museker CHAILD dobäi.

Kuerz virum Concert ass annoncéiert ginn, datt just nach 40 Ticketen ze kréie wieren. Do haten déi kuerzentschlosse Fans hir Chance ergraff, wouduerch den Atelier scheinbar Sold Out war. Kee Wonner, et sollt kee Geréngeren, wéi den Dean Lewis optrieden. Fir dem Publikum am viraus d’Zong laang ze maachen, huet den Adiano Lopes Da Silva, besser bekannt duerch de Projet CHAILD, seng ganz Léift fir d’Musek erausgelooss.

De Lëtzebuerger Singer-Songwriter gëllt als grousst Talent vum Grand-Duché Bei sengem eegene Stil, deen a Richtung Pop geet, gi modern, atmosphäresch an zäitgenëssesch Sounds matenee verbonnen an duerch seng douce Stëmm a gefillsvoll Melodien ofgerënnt. Un der Reaktioun vun de Fans huet ee gesinn: et gefält – an zwar esou richteg gutt! An dobäi huet de Museker net nëmmen um Mikro eng super Figur gemaach, mee och um Piano. Mir freeën eis schonn op zukünfteg Optrëtter!

Dean Lewis

© Shari Pleimelding/moien.lu

Ooooh wat war dat häerzerwiermend!

Den Dean Lewis schéngt ee richtege Frae-Magnéit ze sinn, de Publikum huet nämlech zu ¾ nëmmen aus jonke Meedercher an begeeschterte Fraen bestanen, déi zum Ufank vum Optrëtt vum Australier mat de laange, wällegen Hoer, hiert Stëmmbänner scho vollkomme strapazéiert hunn. An der éischter Rei huet een dem Museker säi Lëtzebuerger Fan-Club fonnt, déi mam „Orange Heart Cloob“ scho fréi Mëttes op de Sänger gewaart hunn.

Dean Lewis

© Shari Pleimelding/moien.lu

An do koum en endlech op d’Bühn, d’Meedercher sinn dohi geschmolt an hu bewisen, datt si all eenzelt Wuert matsange kënnen. Mat Lidder wéi „Waves“ oder och „Need You Now“ huet hien eis all an eng Stëmmung bruecht tëscht Häerzschmerz an Verléiftheet. Donkel gekleet an ëmmer am Wiessel tëscht der Akustik-Gittar an dem Piano huet den Dean Lewis ee mat sengem Optrëtt ganz déif an eng melancholesch Gefillswelt gezunn. Mat Begleedung vum Cello war de Concert do nach vill méi ergräifend.

Dean Lewis

© Shari Pleimelding/moien.lu

Spéitstens bei „Be Alright“ – dem Lewis säin TOP-Hit, op dee jiddweree gewaart huet – konnt kee sech méi zeréckhale, fir matzesangen. Esou koum et, datt d’Fans ee Groussdeel vum Sangen iwwerholl hunn an op bemierkenswäert Aart a Weis hu si net nëmmen den Text an de Raum gehäit, mee och nach d’Melodie perfekt hikrut.

Et war waarm, immens waarm. Mam Dean Lewis senger Stëmm war et direkt nach vill méi waarm. A sou wollt een einfach net, datt hien ophält mat spillen. No enger décker Stonn, an uschléissenden Zugaben huet hien d’Fans glécklech zeréck gelooss. Si waarden bestëmmt elo schonn, datt den Australier nees zeréck kënnt!

Ähnlech Sujeten Be Alright, CHAILD, Concert, Dean Lewis, Den Atelier, Musék
Nächsten Artikel Virrechten Artikel