Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

25. Editioun vun Streeta(rt)nimation – mat 100 Spektakelen
Neiegkeeten

25. Editioun vun Streeta(rt)nimation – mat 100 Spektakelen

e Luxembourg City Tourist Office (LCTO) an d’Stad Lëtzebuerg (VDL)

Kollektivvertrag fir d‘Buschaufferen aus dem Privatsecteur
Neiegkeeten

Kollektivvertrag fir d‘Buschaufferen aus dem Privatsecteur

Patronat a Gewerkschafte ginn sech beim Ausschaffe vum Kollektivvertrag vun

Dossier Traversini: D‘Gemeng huet eng Rechnung ausgestallt
Neiegkeeten

Dossier Traversini: D‘Gemeng huet eng Rechnung ausgestallt

Wéi mir gewuer goufen, huet d‘Gemeng Déifferdeng am Kontext vun

Den CGFP-Nationalvirstand hëlt Ofstand vum Sozialkonflikt

Den CGFP-Nationalvirstand hëlt Ofstand vum Sozialkonflikt

D‘CGFP wëll déi verbleiwend Méint bis zu de Chamberwahlen notzen, fir Verbesserungen am Interessi vun hire méi wéi 30.000 Memberen ze erzielen. An dësem Sënn gëtt dann och den Dialog mat der Regierung weidergefouert. D‘Gefor vun engem Sozialkonflikt an der Fonction Publique, ass domatter einstweile vum Dësch.

Et bedeit allerdéngs net, datt d‘CGFP hir Kär-Fuerderungen – d‘Ofschafe vun der 80/80/90 Reegelung, oder d‘Reduzéierung vun der Stageszäit – opginn hätt. Zudeem besteet den Daachverband vun de Gewerkschaften aus dem ëffentlechen Déngscht, op d‘Reguléierung vun de sektorielle Problemer, déi mat der Reform opgetruede sinn.

D‘CGFP-Exekutive erënnert drun, datt si vum Nationalvirstand am Februar de kloren Opdrag erhalen huet, d‘Regierung un der Verhandlungsdësch ze huelen. Eng Drénglechkeetssëtzung hat et an dësem Kontext ginn, wou sech erausgestallt huet, datt ee sech net an Form eens, dofir een inhaltlech awer net zerstridde wier. Et gëtt dann och begréisst, datt et hei keng Tabutheme gëtt.

Bei senger Sëtzung e Mëttwoch, huet den Nationalvirstand dann och d‘Entscheedung getraff, d‘Schlichtungskommissioun virleefeg net anzeschalten. Säitens dem Gremium gëtt dann awer och betount, datt e sech net wäert vun der Regierung hinhale loossen. Sollt ee bemierken, datt eng Eenegung net Zäitno méiglech ass, misst een zu gewerkschaftlech Aktiounen opruffen.

De Kollektivvertrag gëtt haut an der Chamber gestëmmt

D‘CGFP begréisst, datt dee mat der Regierung, am Dezember 2016, ënnerschriwwene Kollektivvertrag, zwar mat enger zolitter Verspéidung, elo awer endlech um Krautmaart gestëmmt gëtt. De Kollektivvertrag mat enger Lafzäit vun dräi Joer enthält eng Opwäertung vum Punktwäert, déi am Abrëll 2017 ausbezuelten eemoleg Prime, an d‘Erhéijung vun der Iessenszoulag.

D‘Besoldungsofkommes ëmfaasst alles an allem 25 Punkten. D‘CGFP fuerdert hei, datt déi Moossnamen, déi bis ewell net ëmgesat gi sinn, zügeg an Ugrëff geholl ginn. Ganz uewen op der Lëscht vun de Prioritéiten: d‘Reform vum Sozialcongé, dee vun 8 Stonnen de Mount, op 24 Stonne pro Trimester festgeluecht gëtt.

Am iwwrege verlaangt d‘CGFP och, datt d‘Aféierung vun den Zäitspuerkonten am ëffentlechen Déngscht, elo besigelt gëtt. Et wier eng ganz innovativ Mesure, déi och fir de Privatsecteur kéint a soll Signalwierkung hunn. De Gesetzprojet, deen et de Beamten erméigleche soll Aarbechtsstonnen unzesammelen, fir se méi spéit a fräi Deeg ëmzewandelen, ass awer nach um Instanzewee.

An der Sëtzung ass sech och der „Ried zur Lag vun der Natioun“ vum Premierminister Xavier Bettel ugeholl ginn. Et war e sech eens, datt d‘Ried näischt Neies enthalen huet. Vermësst goufe konkret Zukunftsvisiounen. Gefreet huet ee sech iwwert déi gesond Staatsfinanzen, an d‘Bekenntnis, datt et e Vertrag mat den zukünftege Generatioune soll ginn.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu/Archiv

Ähnlech Sujeten CGFP, Kollektivvertrag, Nationalvirstand, Zäitspuerkonten
Nächsten Artikel Virrechten Artikel