Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Irak: Exekutioun vun 42 zum Doud veruerteelte schockt d‘UNO
https://moien.lu/dating-with-chinese-girl/

Irak: Exekutioun vun 42 zum Doud veruerteelte schockt d‘UNO

Den héijen UN-Kommissär fir Mënscherechter huet sech um Mëttwoch iwwert

how to casually ask someone to hook up
https://moien.lu/dating-with-chinese-girl/

Eppes fir Poeten a Bicherwierm

E Mëttwoch geet zu Diddeleng „literaresch“ héich hir. Am Parc

Haut huet de Groussherzog Jean Gebuertsdag
https://moien.lu/dating-with-chinese-girl/

Haut huet de Groussherzog Jean Gebuertsdag

Um haidege Samschdeg feiert de Groussherzog Jean säin 98. Gebuertsdag.

Ab Januar 2019 ass den Dampmelder eng Obligatioun

Ab Januar 2019 ass den Dampmelder eng Obligatioun

En ass iech sécher schonn hei an do op engem Busarrêt opgefall: de Pompjee deen „um Plafong hänkt“. Dat huet e gudde Grond an ass e Bestanddeel vun der Sensibiliséierungscampagne „E passt op iech op: den Dampmelder“. An dee gëtt dann och ab dem Januar 2019 obligatoresch.

Nodeems de Gesetzprojet de 6. Juni vum Regierungsrot ugeholl ginn ass, steet elo fest, datt an alle neie Logementer, vum 1. Januar 2019 un, mindestens zwee Dampmelder mussen installéiert ginn. Fir all déi aner gëtt eng Iwwergangszäit vu fënnef Joer, mee et sollt een kee gebrauch dovunner maachen. Zumindest wann ee vu sech behaapt „verantwortlech“ ze sinn.

A fir datt engem d‘Entscheedung dann och eppes méi liicht fält, huet den Inneministère sech eng gutt afale gelooss: all Haushalt zu Lëtzebuerg kritt een Dampmelder geschenkt. Et muss een sech dee just siche goen. Zu dësem Zweck kritt dann och all Menage an de nächste 14 Deeg e Bréif, an dësem ass e Bong mat deem ee bei senger Gemeng den Dampmelder kann ofhuelen.

Den Inneminister Dan Kersch (LSAP) huet bei der Pressekonferenz drop higewisen, datt et aus Dateschutzgrënn méiglech wier, datt net wierklech all Haushalt dëse Bréif erhält. Wien also bis zum 1. Juli dëse Bréif net erhalen huet, ass gebieden sech mellen. Datt geet per Telefon um 2078 2000, iwwer guichet.lu oder deem fir d‘Campagne extra ageriichten Internetsite rauchmelder.lu (*).

Sech an déi aner schützen

„Et gëtt kee Feier ouni Damp“, esou den Dan Kersch deen drop higewisen huet, datt ee sech d‘Entscheedung, den Dampmelder obligatoresch ze maachen, net liicht gemaach huet. Dat och wann et schonn a ville Länner vun der europäescher Union de Fall ass.

 

D‘Erkenntnis allerdéngs, datt 70% vun de Bränn an der Nuecht ausbriechen, an d‘Tatsaach, datt ee duerch d‘Dampentwécklung – wéinst dem Feier – scho bannent 15 Minutten a Liewensgefor ass, sinn e richteg gutt Argument dat fir dëst Gesetz schwätzt. Zudeem passt d‘Installatioun vun esou Dampmelder och voll a ganz an de preventive Brandschutz.

„Vill Gemengen hunn hei Pionéieraarbecht geleescht“, ënnersträicht den Inneminister. Et wieren 2017 wuel „nëmmen“ zwee Mënschen duerch e Brand ëm d‘Liewe komm, mee all Mënscheliewen ass eent ze vill. A grad esou en Dampmelder kann, ausser datt hien de Bewunner d‘Liewe rett, och derzou bäidroen, datt d‘Pompjeeën zäitno alertéiert ginn, a gréissere Schued verhënnert ka ginn.

Den Optrag vun der Regierung – a logescherweis och vum CGDIS – ass et de Mënschen a Nout ze hëllefen. Dat villt Leed dat duerch déi schrecklech Onwieder ausgeléist gouf, verdäitlecht dat. Mee, esou de Minister „déi beschten Hëllef ass déi, wou duerch eng gutt Preventioun net muss geleescht ginn. Och wann dat un den Erausfuerderunge fir d‘Rettungsdéngschter näischt ännert“.

De Schwaachpunkt am Gesetzprojet

Et ass dann allerdéngs richteg, an och dorausser huet den Dan Kersch keen Heel gemaach, datt d‘Gesetz net alles léisst an och e Schwaachpunkt huet. Esou stellt hie fest, datt et kaum Méiglechkeete gëtt, fir ze kontrolléieren op dann och jiddereen sech un d‘Gesetz hält.

D‘Recht op Privatsphär ass vun der Verfassung garantéiert. Et kommen also keng Poliziste kucken op déi virgeschriwwen Dampmelder do ubruecht sinn, wou se laut Gesetz och missten hänken. De Minister mécht awer drop opmierksam, datt am Fall wou et zu engem kierperleche Schued kënnt, a sech erweist, datt dëse mat engem Dampmelder hätt kënne verhënnert ginn, et kann deier ginn.

Dampmelder

„Sënn an Zweck vum Gesetz, mat deem den Dampmelder an all Haushalt obligatoresch gëtt, ass net d‘Leit ze kujenéieren“ betount den Inneminister Dan Kersch. Villméi soll deen derzou bäidroen, datt kengem e Leed geschitt. An datt „Preventioun“ e Garant fir Sécherheet ass, dierft och net a Fro gestallt ginn. © Martine de Lagardère/moien.lu

An et dierft dann och net nëmme Kaméidi mat der Assurance ginn. Villméi kann et a leschter Instanz, de Fall gesat no engem Feier mat Kierperschued oder esouguer engem Doudesfall gëtt d‘Justiz beméit, bei Geriicht zu haarde Strofe féieren. Kee Riichter dierft Verständnes opbréngen, fir Leit déi esou en einfache Geste vernoléissegt hunn, mat deem e Liewe kéint gerett ginn.

Sidd, verantwortlech an denkt un déi wou iech léif an deier sinn. D‘Montage ass onkomplizéiert, an d‘Uleedung déi an der Këscht vum Dampmelder matgeliwwert gëtt, ass a fënnef Sprooche gefaasst. Et ass am Zweiwel och net verkéiert de Noper ëm Rot ze froen, oder sech zur Nout vun de Pompjeeën aus der Gemeng beroden ze loossen. Et ass awer ëmmer verkéiert, näischt ze maachen.

Foto: De CGDIS huet engt vu sengen „eelere“ Gefierer als „Reklamm of Rieder“ ausstafféiert. Dat gëtt bei Evenementer a Manifestatiounen agesat. Et soll esouguer méiglech sinn, wann ee frëndlech freet, et op eng Veranstaltung anzelueden. Berodung an Opklärung zum Zweck vun der Preventioun ass ëmmer besser wéi an der Nout mussen anzegräifen. © Martine de Lagardère/moien.lu

(* Note vun der Redaktioun: et war scho geduecht de Site mat der lëtzebuergescher Schreifweis ze notzen. Leider, esou de Minister, war déi Domain scho verginn, firwat ee sech huet misse mat der däitscher Schreifweis zefridde ginn.)

Remark: Wien an der Stad Schafft, a vläicht esou keng Zäit hätt den Dampmelder op senger Gemeng ofzehuelen, dee ka mat sengem Bong, dat gutt Stéck och an der Stad: beim Inneministère, 19 rue Beaumont oder am Accueil vu guichet.lu, 11 rue Notre-Dame, ewech huelen.

Ähnlech Sujeten CGDIS, Dampmelder, Dan Kersch, Inneministère, Pompjeeën
Nächsten Artikel Virrechten Artikel