Härebierg: 19 fräiwëlleg Zaldoten ginn hiert Verspriechen of
Um vergaangene Freideg hunn zu Dikrech 19 fräiwëlleg Zaldoten hiert
Um vergaangene Freideg hunn zu Dikrech 19 fräiwëlleg Zaldoten hiert
Europa huet dem Donald Trump säin eesäitege Réckzuch aus dem
Am Januar 2019 huet den ULC an der Chamber eng
Et huet een et op de Parteikongresser an de Medien gemierkt: Et ass Dauerwahlkampf ugesot. Tëscht 2017-2019 ginn d’Lëtzebuerger all Joer eng Kéier an d’Wahlkabinnen geruff. Dëst Joer gëtt mat de Gemengewahlen ugefaangen, 2018, respektiv 2019, kommen dann National- an d’Europawahlen.
Dat ass bei wäitem net esou üblech. Schonn säit den éischten Europawahlen 1979 sinn d’Chamberswahlen an d’Europawahlen ëmmer op dat selwecht Joer gefall. Dobäi gouf zwar säitens Medien a Parteien méi Gewiicht op den nationalen Wahlkampf geluecht, mee d’Leit hu sech all Joer nëmmen eng Kéier missen deplacéieren. Vue datt Gemengewahlen am Normalfall all sechs Joer stattfannen, falen déi dräi eng Kéier all 30 Joer souguer op dat selwecht Joer.
Doduercher datt am Joer 2013 zu Neiwalen, bezéiungsweis virgezunnen Walen, veranstalt gi sinn, ass d’Saach aus sengem Rhythmus komm. 2014 hunn d’Lëtzebuerger déi éischte Kéier e separaten gefouerten Europawahlkampf erlieft. Dëst wäert an Zukunft d’Norm bleiwen, et sief, et géif eng weider Legislaturperiod op déi eng oder aner Aart verlängert oder verkierzt ginn. Eis Verfassung gesäit allerdéngs fir, datt eng Regierung e Mandat vu fënnef Joer kritt – also d’selwescht laang wéi d’Mandat wat sech bei den Europawahlen ergëtt.
E bësschen méi angenehm, soufern een net sou vill mat Politik bombardéiert wëll ginn: 2023 fannen esou wuel Gemengen- als och Chamberswahlen statt, d’Joer drop dann d’Europawahlen.