Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Eng ronn 50 vir den Dave Grohl (Foo Fighters)
Neiegkeeten

What the Fakt – Eng ronn 50 vir den Dave Grohl (Foo Fighters)

Bekannt als ehemoolege Batteur vun Nirvana huet de Sänger a

No Wochen um Mier: Migranten dierfen zu Malta ofgesat ginn
Neiegkeeten

No Wochen um Mier: Migranten dierfen zu Malta ofgesat ginn

Fir déi 49 Migranten, déi sech op de Schëffer Sea-Watch

D‘Kierch ass kee gudde Patron
Neiegkeeten

D‘Kierch ass kee gudde Patron

Wéi sech deen een oder aneren iwwerluecht hat Katechet ze

Den Déif hat der zolidd an d‘Sabbel kritt

Den Déif hat der zolidd an d‘Sabbel kritt

Am Mee 2012 haten si eng Bijouterie zu Schëffleng iwwerfall, dobäi Bijouen am Wäert vu ronn 37.000 Euro matgoe gelooss. E vun de Brigange war deemools engem Baseballschléier begéint, seng „Kollegen“ et awer net fir néideg fonnt, mat him an e Spidol ze fueren. Elo war hien an Appell gaangen, an huet eng Reduktioun vu senger Strof gefuerdert.

De 47 Järegen Dragan P. huet d‘Dot e Méindeg net bestridden, erkläert dat et him leed deet se begaangen ze hunn. Wat hien sech vum Geriicht erhofft? Eng Reduktioun vu senger Strof. Hien ass der Meenung, datt sechs Joer Prisong eng vill ze streng Bestrofung ass, a gëtt ze bedenken, datt hien zolidd zerschloe ginn ass. Dësen Ëmstand misst d‘Geriicht berécksiichtegen.

Wat war geschitt?

An der Nuecht vum 30. Mee 2012, hunn si zu véier Brigangen an der Liberatiounsstrooss zu Schëffleng, eng Bijouterie iwwerfall. Beim Versuch sech mat de geklaute Bijouen duerch d‘Bascht ze maachen, war de Beschëllegten dem Bijoutier an d‘Gräpp gelaf. Deen huet net laang gezéckt, an den Déif mat engem Baseballschléier traktéiert. Eng Zeen déi vum Noper „dokumentéiert“ gi war.

D‘Geriicht huet sech dëse Video, op deem d‘Schléi an d‘Gejéimers vum Brigang däitlech ze héiere sinn, ugekuckt. Si hunn de Beschëllegten dann och zum „Wéi a Firwat“ vum Iwwerfall befrot. Deen huet wéineg zur Opklärung bäigedroen, an eenzeg ugefouert, datt hie sengerzäit en Drogeproblem hat. Hie wier sech – ganz am Eescht – net emol bewosst gewiescht, datt hien zu Lëtzebuerg war.

Och zu senge Blessure konnt de Brigang wéineg soen, datt meescht huet hie „vergiess“. E konnt oder wollt sech net emol nei erënneren, datt hie medezinesch behandelt ginn ass. A säin Affekot, de Maître Says, argumentéiert: „D‘Affer hat sech scho Justiz gemaach, dat zu engem Zäitpunkt wou keng Gefor méi fir de Bijoutier oder seng Famill bestanen huet. Dat muss ee berécksiichtegen“.

D‘Bijouen si net méi opgetaucht

Hei huet de Parquet da missen drop hiweisen, datt net d‘Affer vum Iwwerfall viru Geriicht steet. Et wier wuel richteg, datt de Beschëllegten „traktéiert“ gi wier, een awer de Kontext net sollt aus den Ae verléieren. Ëmmerhi wieren d‘Brigangen zu hirer Véier géint de Geschäftsmann virgaangen. De Parquet gëtt och ze bedenken, datt d‘Bijouen net méi opgetaucht sinn.

An dësem Fall iwwert eng Reduktioun vun der Strof nozedenken, fält der Staatsanwaltschaft net liicht. D‘Procureure stellt fest, datt bei esou engem „gutt“ organiséierten Iwwerfall, d‘Argument en Drogeproblem ze hunn „dënn“ ass. Ëmmerhi war den Opel Astra schonn Deeg virun der Dot zu Frankfurt/Main geklaut ginn. D‘Gefier hat d‘Police kuerz no der Dot erëmfonnt.

D‘Police hat dann och an dësem Auto „Geschir“ fonnt dat beim Iwwerfall agesat ginn ass. An d‘Brigange waren och esou héiflech hir ADN ze hannerloossen, wat et erméiglecht hat zwee vun hinnen ze identifizéieren. Un Enn hunn si awer nëmmen den Dragan P. „opfonnt“. Dee war vun der spuenescher Police opgegraff an am Juli 2017 ausgeliwwert ginn.

Säi Kolleg, den 52 Joer ale Ljubinko D. ass „par défaut“ condamnéiert ginn. Den Dragan P. huet an éischter Instanz sechs Joer feste Prisong erhalen. Dee wëll elo nees bei seng Famill a Serbien zréck, wat d‘Prozedur an Appell erkläert. Et ass sécherlech keng einfach Entscheedung déi d‘Geriicht hei ze treffen huet. Mat engem „Entgéintkommen“ kéint hei e falscht Signal vermëttelt ginn.

Ähnlech Sujeten Bijouterie, Geriicht, Iwwerfall, Schëffleng
Nächsten Artikel Virrechten Artikel